Freitag, 3. April 2009

Zeréck bei d Taliban? Wéi den Hamid Karsai d' Fraenrechter begruewt.



Et ass gewosst dass den vum Bush installéierten Afghaneschen Präsident Hamid Karsai net vill matt Demokratie um Hutt huet. Elo awer huet den Karsai matt engem naien Gesetz (ouni parlamentaresch Debatt) erloos, wu hien d Fraenrechter am Afghanistan erëm zereck ant d' Talibanzait katapultéiert.
Den Karsai huet haut en Gesetz erloos, wei gesot ouni dass d Parlament en Accord oofgin huet wat reegelt wéi oft eng Fra hierem Mann muss Sex hun. D' Fra gett opgefuedert minimum all 4. Daag matt hierem Mann ze schlofen och wann sie krank ass oder dozou "keng Loscht" huet.
Den UNIFEM, Entwecklungsfong fir Fraen vun der UNO huet dësst Gesetz scharf kritiséiert an gesot dësst Gesetz giff d Fraenächtung vun der Talibanzait erëm zereckbréngen. Desweideren kritiséiert UNIFEM dass soumadd d Vergewaltegung an der Ehe legaliséiert gëtt. Den Präsident Karsai sot op déi Uschellegungen hin "en giff sech dat ukucken".
D' Situatioun vun den Fraenrechter huet sech net wieklech verbessert am Afghanistan seit dem glorreichen Amarsch vun Coalitiounstruppen am Joer 2003. Am Géigendeel, di batter Realitéit kennt sulues unt d Surface: Alleng an énger Klinik zu Kabul goufen am Joer 2008 iwwer 600 Fraen ageliwwert matt schlemmsten Verbrennungen well sie am Fraidoud di eenzeg Sortie aus hierem Martyrium gesin hun. Alleng um Weltfraendaag hun dësst Joer am Afghanistan 47 Fraen sech verbrannt...

Source:
http://www.guardian.co.uk/world/2009/apr/03/womens-rights-afghanistan-international-pressure
http://www.rawa.org/temp/runews/2009/03/26/afghan-hospital-records-600-suicide-attempts-within-a-year.html
http://www.amnesty.ca/take_action/actions/afghanistan_march8.php

2 Kommentare:

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...