Samstag, 12. Dezember 2009

COP15: 12th December Climate Action Day


Zesummen mam Rainbow-Warrior am Hafen zu Kopenhagen, wärend der Demo'

(LU) Grouss Demo haut zu Kopenhagen um Weltklimadag! Eng vun den faarwesten Demonstratiounen an flottsten Manifestatiounen di ech je matgemach hun. Den ronn 10km Marsch vum Stadtzentrum bis zum Bella Center hun 30'000-50'000 DemonstInnen friddlech demonstréiert, gedanzt, Stroosentheater gemach. Leider hun puer Demonstranten dësst Image duerch kannerecht Casseursverhaalen gestéiert, an hun et sou faerdegbruecht (alt ërem) en schlecht Bild op di gesammt Klimabewegung ze werfen. Demo huet duerch d' Innenstaat gefouert, lanscht der Rainbow-Warrior vun der Greenpeace déi zu Kopenhagen ugedockt hat. No ronn 4 Stonnen Marsch ass den Demonstratiounszuch ukomm matt Oofschloss virum Bella Center. Highlight vun Dag war absolut déi iwwerweltegend an positiv Stëmmung ennert den DemonstrantInnen, nach nie gouff et sou eng breed Bewegung déi hier Stëmm gehuewen huet géint den Klimawandel an d Welt zum Handelen opgeruff huet, an dat huet een gemierkt: Aus aller Welt sin Leit op Kopenhagen komm fir een Message kloer ze stellen: Kopenhagen daerf net zu engem FLOPenhagen gin! Mir brauchen en bindenden staarken Text, een solidareschen Text!

RTL Interview matt déi jonk gréng liveschaltung, décken merci un d Sarah Cattani:
http://news.rtl.lu/news/international/51607.html

1 Kommentar:

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...