Freitag, 18. Dezember 2009

COP15: Countdown to Misery ?

(Pic' :"Klimaretter Obama?" Wuel nët dëss Kéier)

An e puer Stonnen hun mer den definitiven Papéier virun ons laien:
- Wat zeechend sech oof: Vill Experten sin der Meenung dass et zu engem absoluten Minimalkonsens waert kommen, sou wéi et och mëttlerweilen ouni Schaan vun der Bundeskanzlerin Merkel am Bella Center gesot gëtt. Denmoien bei den Diskussiounen ass nach nët vill rauskomm: "duerchgesickert" Dokumenter weisen dass et wuel zu engem Konsens kënnt deen just doropp baséiert an den nächsten Joeren weiderzeverhandelen. Su lues kënnt awa och Hektik opp am Bella Center, vill Delegatiounen wëllen hiert d Gesiicht rëtten, E.U ant d' U.S.A probéieren sëch emmer méih erauszerieden, d' U.S.A probéiert dat insbesonders duerch hieren selwer ernannten Klimaretter Obama, während Russland a China weiderhin enorm taciturne sin, an ëmmer méih Antagonismen entstinn tëschen den verschiddenen Delegatiounen. Och dat bekanntent "Blame-Game" faenkt sulues un, wu d Franséich Delegatioun ugefouert vum Pres. Sarkozy aaneren Länner schlechten Wëllen virwerft... Nach ëmmer schéngt den absoluten Gros vun den sougenannten "World Leaders" net ze realiséieren wat alles um Spill steet. Net negotiéieren mee agéieren! Politicians talk, leaders act! Sou huet och gëschter d Nacht und Nebel Aktioun vun Greenpeace am däneschen Kinnekshaus geheescht, mee zu Kopenhagen schéngt et weder nach ze sin... (http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,667793,00.html)

Links:
http://www.guardian.co.uk/environment/blog/2009/dec/18/copenhagen-climate-change-summit-liveblog
http://www.guardian.co.uk/world/audio/2009/dec/18/guardian-daily-podcast-copenhagen-barack-obama

Pic:
Jewel Samad/AFP/Getty Images

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...