Montag, 14. Dezember 2009

COP15: U.N-organized

COP15 ass eng Konferenz vun der Super, voir Megalative. iwwer 150'000 Klimaaktivisten haalen sech momentan zu Kopenhagen op, den Bella Center deen den Event host faast der awer "nëmmen" 17'000. Grond genuch also sech fréih opt d' Been fir an den Center eranzekommen. Um 7.00 ukomm huet een eng Schlaang vun romm 500Meter erwaard dat bei schuckleg warmen 2Grad :-). Mee et bléiwwt nët dobai, wëll d U.N haut denmoien en Problem matt hierem Computersystem haat, konnten manner wéi 50(!) Lait an den Center pro Stonn erageloos gin ! Dobai hun sech awa nach 4 Schlaagen vun rem puer Honnert Meter Längt dobaigefügt wu Léit di schon registréiert sin drop geward hun erageloos ze gin... Kuerzgefaast: En groussen Chaos, an eng U.N di anscheinend nët wieklech capabel ass grouss Events reiwungslos ze organiséieren.

Puer weider Problemer stëllen sech elo den dausenden Aktivisten an ONG'en: Ab en Dënsten gin "NON-GOVERNEMENTIAL" Léit nëmmen nach an Quotas an den Center geloos: Et heescht dass weiderhin ab en Mettwoch an Donnesten "civile" Léit ganz vun der COP15 ausgeschloss gin. Dësst ass relativ skandaléis an erschreckend zugleich dass d' U.N esou arbitraire un déi Saach erungeht.

1 Kommentar:

  1. http://www.spiegel.de/wissenschaft/natur/0,1518,667075,00.html

    stonnen virum spiggel veröffentlecht schocky :D respekt du rocks!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...