Mittwoch, 10. November 2010

Juegd zu Lëtzebuerg!



Wann dir méngt bewaffnet an alkoholiséiert Waffennarren gin et just am Irak oder am Afghanistan dann iert der ierch: Dëssen Video gouff an den Däischwissen zu Ettelbreck gefilmt läschten Weekend. En verletzten wonnerschéinen Hirsch rett sech virun Jëeren an e Floss. D' Jëer hetzen Hënn op dat schon verletzten an panikéierenden Déier. D' Waffenheini'en bréngen et nët faerdeg (direkt nierwend engem Wunngebitt) dem Déier den Gnodesschoss ze gin, 2mol verfehlen sie hiert d Ziel, well se ant d Waaser ziehlen an dat d Kugelen oofbremst... Em "Petris Heil" sain Wëllen nëmmen net dei flott Trophäe erwëschen.

Dëst wéist op frappant Art a Weis wat Juegd wieklech ass: Entgeint wat um Site vun den Letzebuerger Jëer steht handelt et sech haibai nët em "Naturschutz" oder lait matt engem "Gréngen Daumen" dei sech fir den Déierenschutz asätzen.. Nee et ass eng archaisch Traditioun vun Waffennarren. Juegd schaaft méih Problemer wéi se der besaitegt. Dat beweisen naisten Studien aus juegdfräien Gebitter wie z.B an Italien oder Holland.

9 Kommentare:

  1. Firchterlech!! An och wann et aner Jéer soll gin di et besser machen: dat hei musse mer dach weider sharen, bis sou Typen hir Waffescheiner lass sin!
    Merci Philippe!

    AntwortenLöschen
  2. Firchterlech!! An och wann et aner Jéer soll gin di et besser machen: dat hei musse mer dach weider sharen, bis sou Typen hir Waffescheiner lass sin!
    Merci Philippe!

    A wi ass dat do da schliesslech ausgang??

    AntwortenLöschen
  3. gustO
    Egal waat,esou Leit geheiert den Waffenschein ofgehol,net nemmen Tierquälerei,mee och Emweltverschmotzung(Blei am Wasser) an och keen Respekt denen Menschen rondereem geintiwer,dei hei een Queerschläger hätten keinten ofkreien!
    Ob Rtl esou eppes geiw weisen?Öö

    AntwortenLöschen
  4. Hues du Links op déi Studien? Als Akademiker misst du jo eigentlech wessen, dat Studien esou gutt wéi ni eppes "beweisen", an als Gréngen wees du hoffentlech dat sech Sachverhalter aus engem Biotop net 1:1 op dat aanert iwwersetze lossen.

    Zu Lëtzebuerg ass d'Juegd (afaik) leider néideg. Op an der Form wéi se momentan geschitt, dat ass natirlech eng aaner Fro. Ech verweise nachemol op mäin Artikel vu virun e puer Joer: http://www.joeladami.net/2008/12/20/jagd/

    AntwortenLöschen
  5. Wann ech äre Profil mat all ären héijen Parteiämter kucken, muss ech als Wiehler wuehl dovun äusgoen datt et "Gréngen"-typescher Meenungsbildung entsprecht, no e puer verwackelt Videominutten dämlech Vergläicher mat Afghanistan oder Irak ze zéien, resp. 2000 Leit ze ënnerstellen sie wieren alleguer "alkoholiséiert Waffennarren".

    Abee, mat sou Politiker wi iech huet äer Partei secher nach éng grouss Zukunft viru sech. Félicitatioun.

    AntwortenLöschen
  6. Den Kommentar vun uewendriwer as doudsecher schwaarz oder geet op d'juegd!
    Leider hun mer nach eng majoriteit vun Leit zu Letzebuerg dei "aalmoudesch" denken...oder "chrechtlesch" denken. Weinst perseinlech grenn oder weinst dem alter. Oft weinst dem perseinleschen benefiz, ze mengen besser ze sin wei all aneren Mensch oder ganz einfach se sin einfach nemmen egoistesch.

    Mee daat aenert sech mat den generatiounen...mier hun keen choix. Get och Zeit!

    AntwortenLöschen
  7. Wann ech dat richteg gesin war d'Juegd ob Hirschen iwwerhat guer net ob! An trotzdem war dest déier verletzt. Wisou an wouduerch? Kéint et sin dat et schon virdrun - illegalerweis - ugeschoss gouf?

    An enger Géigend wou Menschen lanschtgin ze schéissen as absolut irresponsabel.

    Mat verbalen Drohungen géint den Schocky an esou Aktiounen -cf. héig Zuel fun Views fun deem Video - hun d'Jëer sech alt erem een Selbstgoal geschoss.

    Iwwert desen Fall - wat jo léider och keen Eenzelfall wuar - stellt sech déi grondsätzlech Fro ob d'Juegd iwwerhat Senn mecht an ob et Alternativen gin. Perséinlech méngen ech dat et kloer Alternativen gin an dat eng Welt ouni Juegd duerchaus méiglech as.

    Wat d'Alternativen ugeet: http://www.abschaffung-der-jagd.at/alternative.htm

    AntwortenLöschen
  8. Die Wahrheit über die Jagd - Evolutionsbiologe Prof. Josef Helmut Reichholf widerlegt Jägerlügen
    Die Wahrheit über die Jagd - Evolutionsbiologe Prof. Josef Helmut Reichholf widerlegt Jägerlügen
    http://www.youtube.com/watch?v=-Ls-m1kDwVY&feature=player_embedded
    In diesem Wegweisenden SWR-Bericht werden die größten und bekantesten Jägerlügen von Star-Biologen Prof. Josef Helmut Reichholf wissenschaftlich fundiert widerlegt. Weitere Infos zum Bericht: http://www.swr.de/odysso/-/id=1046894/nid=1046894/did=4745794/r92hvw/index.ht

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...