Posts mit dem Label Juegd werden angezeigt. Alle Posts anzeigen
Posts mit dem Label Juegd werden angezeigt. Alle Posts anzeigen

Mittwoch, 10. November 2010

Juegd zu Lëtzebuerg!



Wann dir méngt bewaffnet an alkoholiséiert Waffennarren gin et just am Irak oder am Afghanistan dann iert der ierch: Dëssen Video gouff an den Däischwissen zu Ettelbreck gefilmt läschten Weekend. En verletzten wonnerschéinen Hirsch rett sech virun Jëeren an e Floss. D' Jëer hetzen Hënn op dat schon verletzten an panikéierenden Déier. D' Waffenheini'en bréngen et nët faerdeg (direkt nierwend engem Wunngebitt) dem Déier den Gnodesschoss ze gin, 2mol verfehlen sie hiert d Ziel, well se ant d Waaser ziehlen an dat d Kugelen oofbremst... Em "Petris Heil" sain Wëllen nëmmen net dei flott Trophäe erwëschen.

Dëst wéist op frappant Art a Weis wat Juegd wieklech ass: Entgeint wat um Site vun den Letzebuerger Jëer steht handelt et sech haibai nët em "Naturschutz" oder lait matt engem "Gréngen Daumen" dei sech fir den Déierenschutz asätzen.. Nee et ass eng archaisch Traditioun vun Waffennarren. Juegd schaaft méih Problemer wéi se der besaitegt. Dat beweisen naisten Studien aus juegdfräien Gebitter wie z.B an Italien oder Holland.
Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...