Samstag, 26. Dezember 2009

COP15: The BLAME-GAME

Copenhagen ass riwwer, wéi geht et wéider? Déi Fro stéllen sech momentan enorm vill Lait. Wat sécherlech den falschen Wee ass, ass déi Géigensaiteg Scholdzouwéisung déi momentan statt fënnt. No dem relativ dämlechen Artiklel vum Mark Lynas am Guardian mam Titel "How do I know China wrecked the Copenhagen Deal? I was in the room", ass eng hëllen Wull vun Artikelen opgetaucht wu eng Natioun daer aanerer d Schold zouwéist. De Mark Lynas, Emweltberoder vun der Maledivescher Regierung awa och ancient Öko-Aktivist beschreiwwt an sengem Artikel den Roll vun China bei den Verhandlungen. Kuerz: Blockage vun allem, matt tréien "puppet-states" wi den Sudan.

Léider ass déi Approche vum Mark Lynas, a villen aaneren "Experten" wi dem daitschen Emweltminister Röttgen(deen elo zum Stuerm op China&USA bléisst) menger meenung no di falsch: Nët nëmmen China ass verantwortlesch fir d' Scheiteren vun der Klimakonferenz mee all Delegatioun: Fir der puer opzelëschten:
- U.S.A : Matt engem sëlwer ernannten Klimaretter-President, deen fir puer Stonnen op Copenhagen reest, matt eidelen Hänn, a kénger Visioun am Gepäck. (wat an Amerika him awa heich ugerechend gëtt dass et ënner him zu kéngem Deal koum - schlussendlech hat en jo innenpolitesch e wichtegen Dossier dëss Woch am Senat duerchzeboxen)
- E.U : Fir hier katastrophal intern Stréidereien di hinnen et net erlabt huet eng Virreiderroll an den Verhandlungen ze spillen wéi zu Kyoto. Dank Stréidereien soutz d' EU um Katzendësch wi den Obama matt China, Indien an Brasilien verhandelt huet.
- An der EU: Lëtzebuerg, een vun den Béngelen an der Speechel vun der europäescher Klimapolitik huet zesummen matt Polen an Zypern enorm vill gebremst. Lëtzebuerg huet zaitweis firgeschlon d Zieler vun 30% bis 2020 erofzesetzen op 22% (!) Och awa Déitschland a Frankreich di ëmmer erem verschidden Saachen an Zieler behaapt hun, suergten sou fir Verwirrung an dozou dass keen mi d'EU als Partner seriö geholl huet.

All deelhuelend Natioun an Delegatioun muss sech endlech bewosst sin dass kléng karréiert a Schutz huelen vun nationalen Interessen ons och net zu Mexiko 2010 waert wéiderbréngen! Klimaschutz ass naischt aaneres wi Emwelt, Sozial, Arbeschts an Industriepolitik vum 21. Jorhonnert. Déi Variabel ze ignoréieren ass fatal...

Pflichtvideo fir all déi Léit di Copenhagen schéiteren geloos hun:


Links:
http://www.guardian.co.uk/environment/2009/dec/22/copenhagen-climate-change-mark-lynashttp://news.yahoo.com/s/nm/20091224/india_nm/india449579
http://www.spiegel.de/wissenschaft/mensch/0,1518,668999,00.html

Samstag, 19. Dezember 2009

COP15: Pressecommuniqué déi gréng

Eine Schande für die Welt!

Für den Misserfolg von Kopenhagen trägt auch die EU Verantwortung


"Der Klimagipfel in Kopenhagen endet mit einem beschämenden Ergebnis. Die Abschlusserklärung ist reine Makulatur. Dies ist ein schwarzer Tag für den Klimaschutz und für die Zukunft der kommenden Generationen.

Sicher haben China, die USA und Indien einen gewichtigen Teil der Verantwortung für diesen Misserfolg zu tragen. Doch auch die EU hat in dramatischer Weise versagt: die ständigen internen Streitereien, im Vorfeld und auf dem Gipfel selbst, haben dazu geführt, dass die EU als Staatenbund, anders als beim Kioto-Abkommen, bei diesen Verhandlungen keine herausragende Rolle gespielt hat. Am Ende wurde sie sogar völlig übergangen, als die USA mit einigen Schwellenländern ihren völlig unzureichenden Kompromiss vorstellten.

Immer deutlicher wird, dass die mehrheitlich Mitte-Rechts Regierungen der EU keinen konsequenten Klimaschutz wollten. Die EU hat diplomatisch falsch agiert und sich nicht den Vorschlägen der Umweltbewegungen und der Grünen in Europa angeschlossen, um mit einem verbindlichen Reduktionsziel von real -30 Prozent, ohne jegliche Schlupflöcher und mit klaren Finanzzusagen, bereits im Vorfeld eine Allianz mit den Entwicklungsländern aufzubauen. Nur so hätten China und die USA stärker unter Druck gesetzt werden können.

Das Ergebnis von Kopenhagen ist eine Schande für die Weltgemeinschaft. Es kann und darf nicht hingenommen werden und ist ein warnender Appel an uns alle: Der Gipfel kann und darf nicht das letzte Wort der Weltgemeinschaft in Sachen Klimaschutz bleiben. Wir können und dürfen nicht hinnehmen, dass Millionen von Menschen, insbesondere in Entwicklungsländern, drohen zu Klimaflüchtlingen zu werden. Deshalb müssen wir den Druck aufrechterhalten: die Verhandlungen müssen nächstes Jahr in Bonn (Juni 2010) und in Mexiko (Dezember 2010) weitergeführt werden."

Die Delegation von déi gréng in Kopenhagen

Claude Turmes, Europaabgeordneter

Camille Gira, Abgeordneter

Nuria Garcia, Jan Guth, Phillippe Schockweiler

Freitag, 18. Dezember 2009

COP15: Countdown to Misery ?

(Pic' :"Klimaretter Obama?" Wuel nët dëss Kéier)

An e puer Stonnen hun mer den definitiven Papéier virun ons laien:
- Wat zeechend sech oof: Vill Experten sin der Meenung dass et zu engem absoluten Minimalkonsens waert kommen, sou wéi et och mëttlerweilen ouni Schaan vun der Bundeskanzlerin Merkel am Bella Center gesot gëtt. Denmoien bei den Diskussiounen ass nach nët vill rauskomm: "duerchgesickert" Dokumenter weisen dass et wuel zu engem Konsens kënnt deen just doropp baséiert an den nächsten Joeren weiderzeverhandelen. Su lues kënnt awa och Hektik opp am Bella Center, vill Delegatiounen wëllen hiert d Gesiicht rëtten, E.U ant d' U.S.A probéieren sëch emmer méih erauszerieden, d' U.S.A probéiert dat insbesonders duerch hieren selwer ernannten Klimaretter Obama, während Russland a China weiderhin enorm taciturne sin, an ëmmer méih Antagonismen entstinn tëschen den verschiddenen Delegatiounen. Och dat bekanntent "Blame-Game" faenkt sulues un, wu d Franséich Delegatioun ugefouert vum Pres. Sarkozy aaneren Länner schlechten Wëllen virwerft... Nach ëmmer schéngt den absoluten Gros vun den sougenannten "World Leaders" net ze realiséieren wat alles um Spill steet. Net negotiéieren mee agéieren! Politicians talk, leaders act! Sou huet och gëschter d Nacht und Nebel Aktioun vun Greenpeace am däneschen Kinnekshaus geheescht, mee zu Kopenhagen schéngt et weder nach ze sin... (http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,667793,00.html)

Links:
http://www.guardian.co.uk/environment/blog/2009/dec/18/copenhagen-climate-change-summit-liveblog
http://www.guardian.co.uk/world/audio/2009/dec/18/guardian-daily-podcast-copenhagen-barack-obama

Pic:
Jewel Samad/AFP/Getty Images

Donnerstag, 17. Dezember 2009

COP15: FLOPenhagen

(Foto gemach am Nuetszuch op Kopenhagen, den Sonnenopgang am Däneschen Watt')

Zeréck vun Copenhagen oder soll ech soen FLOPenhagen,,,Obwuel ech menger Lierwen en enorm optimistegen Mënsch sin maachen ech mach Gedanken iwwer follgend Devloppementer:

- Den Cleavage teschend den Armen an den räischen Länner gëtt ëmmer mi grouss op COP15. Während di ärmsten Länner méi Hëllef vun den Groussmuechten verlaangen an méih Ënnerstëtzung besonneg a Form vun Geld, schéngen di räisch Industrienatiounen dat wéineg ze beandrocken. Vun Merkels, iwwer Sarkozys an Browns, keen schéngt wieklech den Eescht vun der Situatioun ze erkennen oder wëllen ze erkennen. Obwuel sëch China wëll momentan als di grouss Verfechter vun den armen Schwellenlänner duerstellen sollt een nët zefill op dëss Positioun gin. Dat Heuchlerecht "ant-d-vitirne" stellen vun der chinesescher Delegatioun soll just vun den réellen Problemer oofléisen, an och den Fait verstoppen dass China bis elo weineg bis guer keen Input zu Copenhagen bruecht huet.

- Faktor Amerika: Oft gouff behaapt un Amerika giff et nët laien dëss Kéier, (nodeems de Bush Senior 1992 zu Rio a last-minute den Text verforw an entschärft huet, an den Amerikaneschen Senat den Kyoto Text verworfen huet). Op deem wierklech sou ass wees ech net... d' Elizabeth May, Porte-Parole vun den Canadian Greens sot "Obama might not be Bush, but America is still America". Deen Satz ass méih wi je wouer, obwuel d US Administratioun mam Emwelt- an Energieminister Steven Chu een vun den weltweilt acclaméiersten Klimafuerscher(Nobelpreisträger) an och nach emmer d Galliounsfiguer Obama an hieren Reihen huet, schéngt d' U.S Delegatioun awer ëmmer méi Waaser wëllen an den Wain ze schëdden. Obwuel gudd Usätz aus den U.S.A kommen an sëcherlech d USA och nach emmer technologesch wait matt vir sin am Kampf géint den Klimawandel, mierkt een dass d' U.S.A ëmmer méih op China an di aaner grouss Länner wie z.B Russland(di nach guer naischt bruecht hun zu COP15) kucken. D'USA mecht hier Klimapolitik och ëmmer méih vun China oofhängeg, ze grouss ass d Angscht virum Groussen Draach wuel. Dësst gëtt dann och ëmsouméi kloer wann een dësser Deeg dem Al Gore nolauschtert deen ëmmer méih oft widderhëllt(an sech dobai op US-Regierungskreeser berufft) dass et zu COP15 nët wert zu engem "legally binding contract" also engem aklobaren rechtleg-gëlltenden Vertrag giff kommen.

- EU: An der E.U gin et och Léit di bremsen. Puer vun deenen sin ons och gudd bekannt: Lëtzebuerg. Soumadder beaflosst Lëtzebuerg di schon nët ambitiéis EU-Zieler, déi Soumadder nach wéider verwässert kéinten gin. Obwuel Klimawandel jo Chefsaach ass, an mir onsen Oberkommanchen JCJ op Kopenhagen schécken, spillt sëch hannert den Kulissen awa eppes aaneres oof: Lëtzebuerg Polen an och Zypern probéieren Reduktiounszieler vun 30% bis 2020 wéier no ënnen ze reviséieren an och den Zertifikatshandel beizebehaalen... Also nach manner en Grond stolz ze sin...

> Allen an Allem fehlen am Moment nach vill Puzzlestécker fir kënnen ze soen wat di nächst 24-36 Stonnen zu Kopenhagen rauskënnt. Obwuel et och duerchaus positiv Signaler beim COP15 gin (ob déi ech waert an engem vun den nächsten Blogposts agoen, soll een wéiderhin den Drock enorm héich haalen an grad elo wéiderhin ëmmer ërem onsen Dommen klipp-a-kloer bäibréngen: CLIMATE IS NOT NEGOTIABLE! ACT NOW !

Link:
Interessanten Wort.lu Artikel:
Trotz Spillecher hannert den Kulissen, an den meeschten Delegatiounen di pessimisteg sin, bleiwen d' Gespann Juncker an Schanck relaxed! Puer Grad méih um Stau waeren jo flott! an do giff sech den Tourismusminister bestëmmt frehen!
http://www.wort.lu/wort/web/europa_und_welt/artikel/63238/es-gibt-noch-hoffnung-fuer-ein-klimaabkommen.php

Mittwoch, 16. Dezember 2009

COP15: POLICEhagen & ABSURDhagen RELEASE TADZIO MUELLER!

Gëschter gouff den bekannten Aktivist Tadzio Mueller, vun Climate Justice festgeholl. Beim Verloosen vum Bella-Center gouff hien vun zivilen Beamten matgeholl ouni datt him gesot gouff wat den Grond war. Den Mueller, deen dat ondemokratescht Virgoen vun der U.N beim Ausschléissen vun der Zivilgesellschaft vum COP15, and d' Arbitraire Virgoen vun der Police kritiseiert huet, gëtt haut denmoien virun den Untersuchungsrichter gefouert. D' Organisatioun vun der U.N, an och dänesch Police schéngt momentan total den Iwwerbleck ze verléieren...

links:
http://www.guardian.co.uk/environment/2009/dec/15/danish-police-mass-protest-copenhagen
http://www.greenon2009.eu/?p=595
Facebook Support Grupp:
http://www.facebook.com/releasetadzio?ref=nf&v=wall
Danish& English Article
http://politiken.dk/newsinenglish/article860740.ece

Dienstag, 15. Dezember 2009

COP15: Lëtzebuerg blockéiert fortschrëttlech Klimapolitik!

Klimagipfel:
Luxemburg darf wirksamen Klimaschutz in der EU nicht blockieren!


Kopenhagen, den 15. Dezember 2009

Vier Tage vor dem Ende der Klimakonferenz wird immer klarer, dass die dringenden Entscheidungen für den internationalen Klimaschutz durch einen internen Streit in der EU blockiert werden. Die Luxemburger Regierung zählt dabei mit Polen und Italien zu den Bremsern, die verhindern, dass die EU eine fortschrittliche Position einnimmt.

Luxemburg unterstützt besonders das falsche Spiel Polens, das sich an reellen Reduzierungen der Klimaemissionen in Europa vorbeidrücken möchte. Wenn sich diese Strategie durchsetzt, müssten in der EU die CO2-Emissionen statt um die nötigen 30 Prozent, real um nur 22 Prozent gesenkt werden. Diese Reduzierung reicht bei weitem nicht aus, um konkreten und wirksamen Klimaschutz zu betreiben. Es ist eine unverantwortliche Mogelpackung, die kommende Generationen schwer belasten würde.

Wir fordern die Luxemburger Regierung auf, ihre Blockadehaltung unverzüglich aufzugeben und sich in Kopenhagen den fortschrittlichen EU-Mitgliedstaaten wie Deutschland und Dänemark anzuschließen, die sich für ein konkretes und wirksames Klimaabkommen einsetzen. Alles andere wäre unverantwortlich und eine Farce gegenüber den Entwicklungsländern und den kommenden Generationen.



Claude Turmes
Europaabgeordneter
Camille Gira
Abgeordneter

Nuria Garcia
Jan Guth
Phillippe Schockweiler
Delegation von déi jonk Gréng

COP15: Meeting the Terminator Schwarzenegger

(Lu) Rëm en flotten Fait divers: Wi mer ons inproviséiert presse meeting haut an engem Kopenhagener Hotel oofgehaalen hun waren mir relativ erstaunt weivsou suvill bodyguards an kameraleit giffen duerch d lobby laafen... beemol war den Grond awa ganz kloer, en relativ kléng mee breed gerodenen Ëisterräischer matt Numm Arnold Schwarzenegger ass am pyjama nierwend ons getreppelt an huet um Dësch nierwend ons Plaatz geholl... Spéider verléisst hien matt Riesentross den Hotel an beäntwert dämlech Froen vun der däneger Yellow-Press. Sain Transportmëttel, en mëttleren Panzer, Model Chevrolet Escalade stoung laang matt laafendem Motor do op hien ze warden... Di "Inconveniant Truth" fro koum awa rëm vum Enfant Terrible Turmes, deen einfach mol ant d Réih jaitzt "Is this a hydrogen car" (kuckt am Youtube video)...
Tjo den Superturmes an den Terminator do bannt sech wuel en Titanenkampf un :-D...



(en)Hasta la vista Baby! Our little press meeting in St. Petri Hotel turned into a a big press reunion when two tables next to us was sitting Arnold Schwarzenegger, terminator and Governor of California(not necessarily in that order)

When leaving the Hotel, Arnie answered some ridiculous questions by the local yellow press, but the inconveniant truth was asked by Claude Turmes when he shouted "is this a hydrogen car" referring to Schwarzeneggers tank-like S.U.V :-)

And then again the motor was running for 30 minutes which isn't green either... The Terminator should have sticked to a more green way of transportation :-)