Montag, 29. Dezember 2008

Stalin is back! All hail to the butcher!



Today, Joseph Vissarionovitch Djugashvilli alias Stalin, or one of the world's biggest butchers, was elected as the "3rd greatest Russian of all times" (behind A. Nevskiy and P. Stoylin). The Russian TV-Channel "Rossija" hosted a show which goal it was to elect the greatest Russian figure of all times. Over a million text messages and phone calls were casted for Stalin

Although some people would describe this as a marginal event, it is becoming a rather dangerous phenomenon in Russia that Stalin is more and more glorified again.
Since the Rise of Power of Putin in Russia, history books have been rewritten and Stalin has become a new hero of the Soviet Union. Subsequently the destalinization under comrade Krushchev is being erased by the Russian regime under Putin &Co. and Stalin is established as a new founding father, and iron leader of a new Russia. A survey from 2003 confirms already that trend:
"...The newspaper [Izvestia] gives fresh figures from a survey by the Public Opinion Foundation: 36% of Russians think that Stalin did more bad than good during the time of his rule; 29% are sure of the opposite. And for another 34% Stalin is simply one of the figures of Russian history, and there is no point in talking about any particular attitude towards him..." (http://www.cdi.org/russia/247-11.cfm)
It seems interesting that the new gained pride of Russia which is based on exploiting the environment and blackmailing eastern Europe with Natural Gas - is also undertaking a dangerous moral and ethical project: Rewriting history...

Mittwoch, 24. Dezember 2008

Lettre Ouverte un d'Kathouleg Kierch zu Letzebuerg: Homophobie

Hai eng lettre ouverte déi mir haut erausgeschéckt hun:

Mittwoch, den 24. Dezember 2008




PRESSEMITTEILUNG



déi jonk gréng: Offener Brief an die katholische Kirche


In seiner Festtagsansprache vom 22.12.08 hat Papst Benedikt XVI., Oberhaupt der katholischen Kirche, eine "Ökologie des Menschen" gefordert. In diesem Sinn wird unteranderem Homosexualität als Missachtung der Schöpfungsordnung und als Selbstzerstörung des Menschen angeprangert. Homosexuelle Menschen in ihrem Wesen als widernatürliche Gefahr für die Schöpfung darzustellen, werten déi jonk gréng als höchst mögliche Form menschenverachtender Diskriminierung.


Nun ist bekannt, dass der luxemburgische Steuerzahler in Abwesenheit einer Trennung von Kirche und Staat gezwungen ist, die katholische Kirche samt solcher Aussagen mit zu finanzieren und damit zu unterstützen.


Als Verfechter der sexuellen Selbstbestimmung sind déi jonk gréng jedoch der Auffassung, dass der luxemburgische Steuerzahler nicht gezwungen werden darf, die homophobe Politik des Papstes auch in Luxemburg mit zu tragen.


Aus diesem Grund fordern déi jonk gréng die katholische Kirche in Luxemburg dazu auf, sich entweder von den verachtenden Worten des Papstes zu distanzieren oder auf die Finanzierung durch den Steuerzahler zu verzichten. 


Dembezüglich erwarten déi jonk gréng eine offizielle Stellungnahme seitens der Kirche.



Nadine Schmit Philippe Schockweiler

Sprecherin Sprecher


RTL RADIO-BEITRAG:

http://news.rtl.lu/news/international/3608.html

Happy Winter Solstice !!!


Eng schéin Initiative vun Sokrates.lu irech all en schéint Wintersonnenwende Fest ze wënschen! Ech schléissen mech dann matt den Wënsch un!
Féiert all gudd!
***(PS: Matt der Wintersonnenwende ass natierlech net d' NS-Praxis vun deem Fest ze verstoen mee dat Heednegt aalt Fest aus deem d'egypteg Mythologie sech entweckelt huet em den Horus Sonnengott an speider den Judaismus an d'Chrëschtentum...)

Dienstag, 23. Dezember 2008

ADRnalin huet hieren Grënnungsmythos

Pressekonferenz haut vun der ADRenalin, der Jugendgrupp vum Aktiounscomité fir Demagogie an Reckstännegkeet kuerz ADR.
Et gouff eng Emfro präsentéiert di déi tapfer ADRenalin'er op der Foire de L'Etudiant gemeet hun. Froen vun deem Sondage mussen awer hieren Pappen an Mammen och gefall hun: Wei wichteg ass fir dech d' Letzebuerger Sprooch? Geheiert d' Tierkai ant d' EU ? Gräift de Staat zefill an deng Fraiheeten an etc... ?

Ech wëll elo net hai op dësser Platz der ADR an hieren Jüngeren vun ADRenalin erklären datt een och enger Tierkai muss Perspektiven bidden an dass hieren Bäitrëtt sws eppes wier fir an deenen nächsten 30 Joer minimum ass - mee well hinnen just soen dass hier schläichend an verstoppten Xenophobie degoutant ass.

Desweideren hun sie sech enorm vill matt den "Freiheeten" vun den BiergerInnen an vermëschen hai Äppel matt Biren. Sie schwetzen engersaits vun dem Antifemmgesetz (et ass jo schrecklech asozial an verpöhnt d' Nëttraacherten virum Qualm ze schützen jo jo) an aanerersaits schwetzen se dann vum Iwwerwaachungsstaat....
Dat sin awa 2 ganz verschidden Schong - Ech fannen déi Vermëschung enorm skandaléis(besonnëg well ech sait Joeren op deem Dossier schaffen) mee kann et awa iergendwéi novollzéihen well matt Fakten schéngt den ADRenalin et net su ze hun. Or d'Antifemmgesetz mam Iwwerwaachungsstaat ze vergléichen ass schon relativ abenteuerlech...

Grënnungsmythos ADRenalin: 
Dat huet mech am meeschten rosen gemach : hai gett Eiskaal behaapt SIE, also di jonk vum ADR hätten op der Foire de l'Etudiant Hand ugepaak an déi Emfro réaliséiert...
RECTIFICATIF: Haibai handelt et sech em eng absolut Liggen: Den ADRenalin hat op der Foire den gréissten Stand vun den Jugendpartéien(di Joeren virdrun haten se keen) an haaten eng 15 Lait matt rouden Tshirts di bai hinnen ronderemgeschwirrt sin...  vun deenen Lait waren 1-2 enner 30 an den Rëscht huet schon éischter der "ergroter Generatioun" ugehéiert... Komescherweis konnt keen vun deenen "Ugestellten" engem eppes iwwert den ADRenalin erzielen - et waren nämlesch Lait di den ADR béi enger Agence ugehaiert hat fir do ze schaffen op der Foire. "OK" soen lo gewëss Lait wat ass dodrunn schlëmm ? Ganz einfach - andeems den ADR Lait ustéllt fir op enger Studendentenfoire ze schaffen wu Jonker vun Uni'en kommen, Schoul schwänzen fir sech an den Déngscht vum Benévolat ze stéllen ass daat ennner aller Klarinette. Rëm en Beispill dofir dass den ADR an der Absoluter Debiler Rëckstännegkeet(ADR)  lierwt...


All quiet on the Eastern Front? - News from Russia



As it is one of my particular interest, I will try to summarize and give brief information about the political situation in Russia every now and then.

Indeed there are new developments which are rather unpleasant:

1. As it is already becoming an every year attraction, the Russian Gazprom has again threatened Belarus and especially the Ukraine to stop natural gas exports. Official Reason as announced by the Russian Ministry is an open bill which the Ukraine has apparently not yet paid.
The unofficial reason however might be aswell the rather harsh critic by the Ukrainian Republic regarding the Russian aggression in Georgia this year.

2. The Russian Constitution goes Belorussian : The Duma and the Russian Senate have adopted new election laws which extend the legislative period of the President from 4 to 6 years and the parliamentary legislative period from 4 to 5 years. Hence, the same measures were taken by the Belorussian regime in 2006.

3. Dmitri Medvedev, Russian President formerly C.E.O of Rosneft and Gazprom (a.k.a the Putin's little marionette) announced that the Russian Armed Forces will station Short-Range-Ballistic Missles in the Russian enclave of Kaliningrad which is bordered by Lithuania and Poland. Dark memories remain of the Cuban Missile Crisis...

Montag, 22. Dezember 2008

Remember Ariel Sharon ?

Virun kuerzem hun ech mer enker "out-of-the-blue" d' Fro gestallt wat eigentlech mam Ariel Sharon geschidd ass.
Bekanntlecherweis haat hien jo puer Härzattacken am Januar 2006, an ass duerno an e Koma gefall. Mee sait deem ass relativ wéineg naies iwwert sain Zoustand méi unt d' Effentlechkeet komm. Och op der englecher Seit vum israeleschen "Haaretz" (di gréissten Daageszeitung aus Israel) ass wéineg naies iwwert dem Generol an ex-P.M Sharon ze fannen. (Dat eenzegt wat een su am Internet vun him fënnt sin Hamas an aaner islamisteg Karikaturen di hien an séngem Koma duerstëllen.)

Alles wat ech rausfonnt hun ass dass hien nach emmer an engem Koma lait, an virun sëch hin vegetéiert an engem iwwerwaachten Raum an engem Pflegeheim. Séng Doktoren méngen hien wier duerch séng vill Schlagattacken schwéier beschiedegt an en huet eng quasi kéng Chance sech rëm ze erhuelen!

Den Sharon ass also trotz séngem (politeschen) Poids relativ schnell an Vergiessenheet gerooden. Obwuel ech wéineg Sympathie fir hien hun besonnëg winst sengem "Net-Handelen" respektiv Matschold un den Massakeren vun Saba an Shatila fannen ech et awer iergendwéi komësch wat mat him geschidd ass. Am Januar gin et also 3 Joer datt hien an engem Koma lait an hien wäert och nëmmi draus erwäschen...

Freitag, 19. Dezember 2008

Tränen Lügen (nicht) ?



Groussen Zinéma geschter an der Chamber.
Fakt ass dass den Stierfhellëf-Dossier endlech duerchkomm ass mam zweeten Vote - mee dass dess Débatt giff rem zu enger Stärstonn vum Krautmaart-Cabaret giff gin hat schon deen een oder aaneren geahnt...



Den gréissten Coup ass awer dem Jean-Claude Juncker gelongen. No sämtlechen Riederen huet onsen Staatsminister(ouni deeen sëcherlech Lëtzebuerg an enger Urspalter giff verschwannen) d' Wuert ergraff. Virdrun haten vill Riedner matt hieren Argumenten Reklamm gemeet, enner aanerem konnt een och en explodéierenden Här Bodry gesin an eng emotional réierend Nancy Kaemp-Arent déi nachmol hieren Vote confirméiert huet, trotz Drock vun sénger Partei.

Mee onsen Staatsminister huet jo seng bekanntlech Formel di emmer an aussichtslosen respektiv dramateschen Situatiounen zum Virschein kennt: den HEULSUSE-SYNDROM.
Et ass net déi éischten Kéier dass hien, wann an der Zwickmühle, séng Schauspillereg Kenntnisser enner Beweis stëllt, an wéist dass och en Staatsminister kann Tréinen vergéissen.
Villeicht geht et duer vir en Oscar ? Op main blog packt en et op alle Fall...
Komesch just dass vill hannert den Kulissen rumouert gëtt dass daat net dem JCJ séng offiziell Meenung zu deem Thema ass...

Den Tränenausbroch op RTL.LU:
http://streaming.newmedia.lu/media/_rhozet/juncker_chamber_181208_768K.wmv

PS:
Wär et net ubruecht an Zukunft Alkohol's Kontrollen virun der Chamber ze man? Just eng Iwwerlehung...
***"Satire darf alles" Tucholsky, Kurt

Donnerstag, 18. Dezember 2008

Kruzifx Nummer 2


Naies aus der Chamber!

Ech liwweren ierch nach en Bild no:
An voila nach en Kruzifix vun der Chefhetzerhin herself.

Ladies and Gents, I give you Marie-José Frank.

Bodry explodéiert - an wéist Nazi-Virwerf zeréck



Et war schons en kléng Iwweraschung wéi ech denmoien d ChamberTV verfollëgt hun. Den Alex Bodry (LSAP) ass regelrecht aus der Këscht gesprong an huet d Virwërf vun gewëssen Euthanasiegéigner massiv kritiséiert, di ëmmer erem et probéiert hun d' Proposition de loi matt dem Naziprogramm ze verglaichen.

Ech soen dem Herr Bodry en groussen Merci dass hien dat enker sou en publique gesot huet - Ech hat och en Leserbréif iwwert genau dëss Zort Aussoen vun der Mme Frank gesot an gouf dun vun gewëssen Konservativen scharf krisitéiert.

Video zum Alex Bodry sénger Aus-der-Këscht-Sprong:
http://streaming.newmedia.lu/media/_rhozet/bodry_chamber_181208.wmv

Leder Lack Latex und ein Kruzifix


18. Dezember 2008 10:52 : D' Madame Stein-Mergen vun der CSV trëtt virun d' Chamber an wettert géint jiddereen deen en perséinlechen Choix wëll.

Passend dozou ass sie an hierem üblechen Domina-Look opgetrueden (deen ech respektéieren) mee fir den Vote ze beaflossen huet sie op göttlech Symboler zereckgegraff " En schéinen gëllenen Kruzifix, réng nom Motto "The Power of Christ Compells You."

D'Fro bléiwwt natierlech wat reliéis Symboler an der Chamber verluer hun...

Montag, 15. Dezember 2008

Shoe-Intifada to Welcome George W. Bush in Iraq




Last visit of G. W. Bush in Iraq before he finally leaves his office.

Many great statesmen were associated with shoes; as for instance Nikita Khrushchev's hammering his Soviet leather boots on the speakers table at a U.N debate.

Bush however was this time not the aggressor but was target of a new type of Urban warfare "Intifada-shoe-throwing".
An Iraqi Journalist thought it would be nice to give him a "smelly reception".
Check out yourself!

http://www.youtube.com/watch?v=rfYBGl9q30c

Samstag, 13. Dezember 2008

Mugabe´s Zimbabwe in Times of Cholera...



Et sin traureg Meldungen, jo onfaasbar Nouvellen di Daag fir Daag aus dem Robert Mugabe senger Hell alias Simbabwe kommen.

Sait puer Wochen ass am südafrikaneschen Land d´Cholera ausgebrach. Déi schon katastrophal Situation huet also en trauregen Héichpunkt areecht. Den däitschen Spiegel Online resüméiert d´Situation matt folgenden Wieder:


"...Denn Simbabwe, eines der fruchtbarsten Länder im südlichen Afrika, ist am Ende. Nach 28 Jahren despotischer Herrschaft von Robert Mugabe, 84, ist das Land ökonomisch zugrunde gerichtet. Das öffentliche Leben ist zusammengebrochen. Es gibt keinen Strom und kein Wasser mehr, die zwei größten Krankenhäuser der Hauptstadt sind geschlossen, weil Ärzte und Krankenschwestern keinen Lohn, keine Medikamente und kein Material mehr erhielten. In Harare stapelt sich der Müll zaunhoch auf den Straßen, und aus geborstenen Abwasserrohren quillt die Jauche..."(Spiegel Online "Notstand in Simbabwe 11.12.2008)

Zu all dessen enormen Mëssstänn kennt dann elo nach d' Cholera dobai. Mëttlerweil sin méi wi 1000 Léit un der Epidemie gestuerw, an dausenden erkrankt. MSF mellt dass d Grozuel wahrscheinlech awer sech em di 5000 Doudeger situéieren waert well et am ganzen Land quasi keng funktionnéierend Klinik méi gëtt an d'Leit quasi op der Stroos ewegstierwen.
D'Cholera, di haptsächlech op schlecht an dréckegt Drénkwaaser zereckzeféieren ass eng schlëmm Infektiounskrankheet di besonnëg an 3.Weltlänner eng Létalitéit vun ronn 70% kann hun. (Brockhaus Lexikon)
Et ass also keen Geheimnis dass een den Ausbroch dem katastrophalen sanitären Zoustand am Simbabwe zereckzeféieren ass - an soumatt och direkt d'Schold vun der Mugabe-Mafia ass, di léiwer sech an Konfliktdiamenten welzt wéi sech em hier léidend Populatioun ze këmmeren.
Den Mugabe an sain Informatiounsminister hun awa eng logesch Erklärung vir d' Cholera Epidemie: Et sin déi vun den Ex-Kolonialherren geplanzten Anthrax- an Choleraplanzen(!) di elo an der Bléih sin an d' Land vergëfften.
D' Perversioun vum Mugabeschen System gouf haut namol kloer... no enger Pressekonferenz zu Harare der Haptstadt vum Simbabwe vun der Organisatioun Oxfam di vun 60'ooo Erkrankungen schwetzt deelt den Mugabe ouni Heel matt: "D'Cholera am Simbabwe ass eriwwer."

Freitag, 12. Dezember 2008

Pride comes before the fall

Et gouf engem oft erzielt dass an der Avortementsdiskussioun virun 30 Joer vill lass war. Wéi d' kathouleg Kierch, CSV, Wort an co, sprich di konservativ Kräften géint desst Gesetz gesténkert hun. Am Moment erlierwen mir selwer eng Phase di mir dono onsen Kanner erzielen kennen(oh main léiwen Horus wi pathetesch...).

Wat momentan fir Wouerrechtsverzerrungen an Dreckskampagnen gefouert gin mecht mech wieklech net nemmen rosen, mee léisst mech och nodenken iwwert den demokrateschen Funktionnement vun Letzebuerg.
Wat bewegt d' Leit zu Letzebuerg iwwerhapt... ech kann bis elo 3 Themen erausschielen:
1. en dämlechen Fändel
2. d' Sprooch
3. den Grand-Duc

Dass mir an daer schlemmster Rezessioun seit Jorzéngten sin schengt d'Leit wuel kaum ze picken...An deem Fall kann een och wuel di hëlleg 3-Faltegkeet Bistum-Wort-an insbesondere CSV begléckwenschen dass den Här Juncker di Granat mam Grand-Duc erréischt elo gezunn huet. Merci Jean-Claude, vielleicht kriss de dofir rem iergend en (Paafen)Praiss. An wann ma schon bei Paafen sin: Den Vatikan huet gëschter an engem Pressecommuniqué erausgin an den Grand-Duc geluerwt - ech froen mech just wini den Alt-Herren-Club am Vatikan de Grand-Duc séileg schwëtzt.

An fir dat ganz bessen opzelockeren:
http://www.youtube.com/watch?v=lQO6xE3PthA

affaire à suivre!

Mittwoch, 10. Dezember 2008

60 Joer Menschenrechter - 1 Pressecommuniqué

Ech wëll och d Chance notzen op méngem Blog munchmol Pressecommuniqué'en ze veröffentlechen:

60 Jahre UN-Menschenrechtscharta:
Global denken und handeln,
aber die Hausaufgaben nicht vergessen!

Die Menschenrechtscharta ist seit nunmehr 60 Jahren die Grundlage und Definition der universellen Menschenrechte und hat über Jahrzehnte viele weitere wichtige und verbindliche Texte und Konventionen inspiriert. Vom weltweiten Respekt der Menschenrechte sind wir noch weit entfernt. Amnesty International prangert z.B. Beispiel die Anwendung von Folter in über 80 Ländern der Erde an. Auch westliche Länder finden sich wegen illegalen Methoden im Kampf gegen den „Terrorismus“ auf dieser Liste wieder und das menschenrechtsfreie Gefangenenlager von Guantanamo ist noch immer nicht geschlossen .
Auch in den kommenden Jahren bleibt es Aufgabe der nationalen und internationalen Politik, die Allgemeine Erklärung der Menschenrechte und die darauf aufbauenden Texte als konsequente Leitlinien in allen Bereichen zu stärken und umzusetzen. Menschenrechte gelten überall, jederzeit und für alle Menschen. Doppelte Standards oder ökonomische wie auch politische Interessen dürfen nie über diese universellen Rechte gestellt werden.
Darüber hinaus ist darauf hinzuweisen, dass zahlreiche Menschenrechtsverletzungen direkte und indirekte Folgen des Klimawandels sind. Auch das Phänomen der Klimaflüchtlinge wird immer dramatischer. Allein in diesem Jahr gibt es laut Greenpeace 20 Millionen Klimaflüchtlinge und ihre Zahl könnte sich in den nächsten 30 Jahren verzehnfachen!
Tagtäglich sterben 5.000 Menschen an Durst oder an den Folgen von verunreinigtem Trinkwasser. Eine entsprechende Resolution wurde bereits von der UNO diskutiert, konnte sich jedoch aufgrund des Widerstandes der Länder, deren Wasserbestand privatisiert wurde (z. B. Kanada und Großbritannien) nicht durchsetzen. déi gréng plädieren daher dafür, dass sowohl Klimaschutz als auch der Zugang zu reinem Wasser als universelles Menschenrecht von der UNO anerkannt werden.
déi greng verweisen auch auf den nationalen Handlungsbedarf. Luxemburg darf seine Hausaufgaben nicht vernachlässigen. Stärkung der Bürgerrechte, menschenwürdige Behandlung von Flüchtlingen sowie die Modernisierung des Strafvollzugs – speziell in Bezug auf das Problem der Platzierung von Jugendlichen im Gefängnis – sind die dringendsten Handlungsfelder. Und im Bezug auf das Verbot der Folter in Luxemburg bemängelte kürzlich die luxemburgische „Commission Consultative des Droits de l'Homme“ (CCDH), dass ein aktuelles Gesetzesprojekt zur Umsetzung eines Protokolls zur UN Anti-Folterkonvention einige Ausnahmen für Luxemburg definiert, welche der UN Text eigentlich verbietet.
Tilly Metz & Carlo De Toffoli Nadine Schmit & Philippe Schockweiler

Sprecher déi gréng Sprecher von déi jonk gréng

Montag, 8. Dezember 2008

ADR-Spagat: Haltungsnote 0.0 inklusive Leistenbruch



Als éischt well ech kuerz eppes lassgin:

Deen léiwen Primat hai nierwend dem Text kann fir naischt an huet a kénger Wéis gelidden beim Hierstellen vun dësser Fotomontage. Hien gouff och adäquat an Bananen-Euro bezuelt well mir jo an enger Bananenmonarchie lierwen. Mee da ech kéng Fotoen vun Populisten uploaden an schon guer net den Roud-Waiss-Bloen ADR-LOGO huet onsen leiwen Charlie, vun deem mir och oofstaamen, missen drun gleewen... sorry Charles!



Zereck zum ADR. Datt den ADR eng Partei ass déi wieklech fir eng alternativ Demokratie steht ass jo gewosst. Haut huet dann och di Alternativ-Demokrateg-Populistenpartei op enger Pressekonferenz hier Positioun zur Monarchie-Fro praissgin: ADR-Positionnementer sin emmer eppes duerchaus drôlesches an dofir hun ech mech haut och mol enker op hieren Site getraut.
(Well ech virdrun an menger Studentenbuut opgeraumt an gebotzt hat, hun ech nach virsichtshalwer meng Botzhändchen ugehaal...et wees een jo nie...)
Mir arënneren ons jo nach all un dem ADR séng "Braut-die-sich-nicht-traut" Approche beim europäeschen Verfassungsvertrag wou et natierlech doropp hinausgelaaf ass, wéi den ADR deen mannsten Schued an déi meeschten Wielerstemmen fir di nächst Gemengenwahlen assuréiert.

Elo, Dezember 2008 knapp 7 méint virun de Wahlen 2009 huet den ADR natierlech och eng Strategie am Kapp...wéi maachen mir méiglechst vill Tam-Tam ouni vill unzeécken an en maximum un Wielerstemmen erauszekréien. Dofir brauch een vill Flexibilitéit...an wann een di aal gro Eminenzen vum ADR sech ukuckt mengt een net dass sie sou en flotten alternativ-demokrateschen Spagat hinkréien: Hai hiert Rezept wat een aus hierer haiteger Presse Konferenz erausliersen kann.

Man nehme:

- 4 populisteg Deputéierten an een ultrapopulistegen Generalsekretär

- et schwetzt andächteg jo baal sakral wi bei engem Requiem an wi wann een daat giff gleewen wat een den Léit verzielt...(oh ... vielleicht gleewen déi dat jo wieklech wat se verzaapen ?)

- klappt opt d CSV an de Juncker an fuerdert sain Recktrëtt well hien ze laang gewart huet d' BiergerInnen ze informéieren iwwert dem G.D sain Refus,(wat vertriedbar ass) an schwetzt vun Verfassungsbroch vun der Regierung! ERGO: Et klappt een opt d' CSV well een bei deenen well Wielerstemmen oofgrasen goen. An wéi punkt een bei der CSV Wielerschaft: RICHTEG! wann een sech méi hellëg gett wéi d'Monarchie an d' Verfassungsännerung als logescht Resultat vun där béiser Proposition de Loi ERR-HUSS ausmecht.

- Et STELLT EEN SECH INCONDITIONELLEMENT hannert (Zitat R. Reding) "d' Monarchie, Dynastie, Grand-Duc Henri, an maachen alles wat an onserer Muecht steet dass séng Roll net weider beschnidden gett, an mir bedaueren eng Verfassungsreförmchen mussen matzedroen op Wonsch vum Grand-Duc déi mir selwer sou net opt d Schinn gesaat hätten..."

INTERSSANT 1: Den ADR ass also nach méi hellëg wi den Grand-Duc selwer... dat hätt ech zwar net geduecht. Wi ech dat héieren hun ass schon bal meng Hand op main Hierz gerutscht an wollt hai zu Tréier an ménger Studentenbud den Rouden-Léiw aus der Fenster hänken an den Wilhelmus skandéieren...
INTERESSANT 2: Wann et nëmmen eng Reförmchen(Zitat Reding) ass wisou dann sou en Skandal draus maachen? Et méngt een bal den ADR wier bei dem Gespräch mam Grand-Duc den 2. Dezember net dobai gewiergt.

- Weideren Punkt fir onst ADR-Populismus Rezept:
Et behaapt een emmer erem et giff eng Verschwörung vun deenen aaneren Parteien gin. Sou gouf haut monter op all Partei geklappt déi et zu Lëtzebuerg am Parlament vertrueden ass. (déi bastelen jo alleguerten elo heemlech un enger Republik...)

- Stellt een sech hannert den Grand-Duc, fuedert den Recktrëtt vum Juncker an der Regierung, verdaiwelt aaner Parteien, MEE et fennt een et gudd normal an ubruecht dass en Grand-Duc sech net muss un Gesetzer haalen, an wi en Diktator quasi maachen kann wat en well "à la tête du client / loi".
Also wieklech en Alternativ-Demokrateschen Prozess deen ons den ADR hai virschléit, respektiv eng absolut Monarchie.

- Et behaapt een déi ganz béis Verfassungsännerung déi jiddvereen well (suguer den Grand-Duc) mee net den ADR, giff elo gemaach gin fir dat schlemmt "onwichtegt" Stierfhëllefgesetz duerchzebrengen... Den ADR vergësst dobai ganz dass den Grand-Duc matt séngem Refus sech géint den demokrategen Funktionnement vum Staat an der Verfassung gestallt huet - mee dat ass ok - et steet een jo stramm an matt der Hand um Hierz, d'Aan um rouden Léiw-Banner fixéiert hannert der Monarchie an dem Grand-Duc.

--- En Résumé:
Den ADR schlängelt an diebelt sech an mecht en richteg schéinen nuddelegen Spagat teschend enger richteg romantescher Vaterlandsliebe and enger duerchaus beonrouegender blanner Hingab zum Grand-Duc. Dass et sou Leit nach gin wonnert mech emmer erem...mee virun de Wahlen mecht een alles fir ze gefaalen...alles - an besonneg Populisten schéngen dofir vill Kreativitéit ze hun... an su munch Monarchist wärt elo denken "Wéi gudd dass et den ADR gëtt".
An meng gudd Frendin d Marion sot "Den ADR steht mam Dëppchen Vaseline hannert dem Grand-Duc"... awer hechstwahrscheinlech sin se genau su géil drop, der CSV hieren rietsen Fliggel oofzegrasen.

Samstag, 6. Dezember 2008

Den Vatikan ass géint d' Entkriminaliséierung vun der Homsexualitéit !!!


Bonjour Moyen-Age !!!
Den Vatikan an sain illusteren Chef den Papa-Ratzi sin géint d'Entkriminaliséierung vun der Homosexualitéit an sämtlechen Länner vun der Welt!



Eng Resolutioun vun Frankreich virun der Uno, fir d' Homosexualitéit an allen Länner ze entkriminaliséieren gouf vum vatikaneschen Embassadeur bei der Uno oofgelehnt!
Haut waren zu Roum am Vatikan Protester fir géint dëssen naisten absolut kranken Coup vun der kathouleger Kierch ze demonstréieren.
Ech fannen dat Virgoen enorm pervers. D' Kathouleg Kierch an insbesondere den Här Ratzinger, den Ober(p)aaf vun Roum behaapten emmer erem hier Institutioun giff sech moderniséieren an waer zukunfsorientéiert. Mee desst Virgoen bewéist wou d' Kathouleg Kierch an hier politesch Féierung wierklech drun ass.... am déifsten Mëttelalter!!!
Virun ronn 10 Méint hat den Poopst schon eng ähnlech Haasgranat gezunn andeems en behaapt haat, Homosexualitéit wier eng Krankheet...kéint awer deemnowéi geheelt gin.
Mir bleiwwt emmer erem den Otem weg wann ech di homophob Statements aus dem Vatikan heieren.... ech sin wieklech schockeiert an sproochlos! Et ass einfach en Skandal!

Weider Infos:
http://de.news.yahoo.com/2/20081206/tpl-protest-auf-petersplatz-gegen-papst-ee974b3.html
http://de.news.yahoo.com/1/20081206/tpl-demonstration-gegen-die-homosexuelle-cfb2994.html

Freitag, 5. Dezember 2008

Falsche Helden braucht das Land !


Jo et ass schon verwonnerlech wéi een hautzudaags kann d' Réalitéit dréinen a kéieren wéi een well.
Et ass gewosst, dass eng Zort Lait daat besonnëg gudd kann, an dat beweisen se seit ronn 2000 Joer emmer erem: D'Kathouleg Kierch!
An Zeiten vun Krëschtdaag an Kleesechersdaag gin sie jo allerhand Märecher zum Beschten, sief et dat vum Kleeschen oder vun der Geburt vum Heiland.


Mee zereck zum Thema, den Helden.
Anscheinend hun mir laut KATH.NET (Katholischer Nachrichtendienst) een naien Held zu Letzebuerg, de Grand-Duc HENRI !

05. Dezember 2008, 10:46
Großherzog Henri, der neue Held aus Luxemburg

Erstmals hat in Luxemburg ein Großherzog eine Unterschrift zu einem Gesetz verweigert - Jetzt wollen Regierung und Parlament die Verfassung ändern und die Aufgaben des Großherzogs einschränken, um tödlichen Euthanasie-Gesetze durchzupushen

Luxemburg (kath.net)
Luxemburg hat einen neuen Helden: Großherzog Henri. Dieser hatte diese Woche die Unterschrift für ein Euthanasie-Gesetz verweigert. Damit kann das umstrittene Gesetz nicht in Kraft treten.
Ausgerechnet der "christdemokratische" Premierminister Jean-Claude Juncker möchte jetzt die Verfassung ändern, um die Rechte des Staatsoberhaupts einzuschränken. Die Verfassungsänderung soll im Schnellverfahren durchgesetzt werden, um das Euthanasiegesetz doch noch durchzubringen. Konkret soll in der Verfassung der Paragraph 34 abgeschafft werden, in dem das de facto Vetorecht des Großherzogs vorgesehen ist.

Das "tödliche Gesetz" wurde am 19. Februar dieses Jahre mit sehr knapper Parlamentsmehrheit (30 zu 26) beschlossen. Im Gesetz ist vorgesehen, dass ein Arzt aktiv "Sterbehilfe" leisten kann.


Main Kommentar:
Schon an der Bibel gett jo bekanntlecherweis aus dem Saulus de Paulus an bei ons schéngt et mettlerweilen och ze klappen:
- Net nëmmen den Katholischer Nachrichtendienst ass der Meenung dass den Grand-Duc Henri en Held ass, mee och ronn 37% vun deenen Lait di zu Letzebuerg wunnen, fannen dem "Heng" sain Handelen fir ubruecht. (TNS-ILRES Emfro fir Tageblatt, Echantillon vun 500Lait)
- Manner verwonnerlech ass den Leitartikel vum erzkonservativen Leon Zeches deen den Grand-Duc Henri huldegt an rühmt fir séng Entscheedung. Wat mech par conter méi erstaunt huet waren d'Aentwerten vun gewessen Lait op sain Leitartikel op wort.lu:
Den Här R.K. schreiwwt zum Beispill: " Ich bin Gott dankbar, einen solchen Landesherrn zu haben. Monseigneur, mir sin houfreg op Iech!"
(Gott dankbar ? Sou Statements kennen ech usëch just vun schlechten Hollywood SchauspillerInnen, déi subal se en Stéck Plastik an den Grapp gedréckt kréien
unfänken matt "First of all I'd like to thank God" - N.B "Landesherrn"??? Waren dat net zoufälleg mettelalterlech Despoten weltlech an kierchlecher Natur?)

Leider muss ech deenen Léit déi sou houffreg sin an den Grand-Duc Henri matt Stoussgebieter géint Himmel bedanken e kléngen Gedankenustouss matt op de Wee gin:

Falls Grand-Duc Henri en Held soll sin dann ass hien héchstens en ganz einsamen an trageschen Held. Den Grand-Duc Henri huet et net verstaanen, respektiv net erklärt krut datt sain Refus giff eecht Konsequenzen hun. Hien huet sech bewosst, onbewosst, oder op schlechten Rod hin dozou entscheed, an dat ass en kloeren Broch matt den politeschen Spillreegelen, an der Art a Weis wéi onsen System seit Jorzéngten funktionnéiert. De Grand-Duc Henri huet also fir et salopp auszedrécken eng rieseg "gaffe" gemach. Zu Letzebuerg huet sait 90 Joer keen Souverain méi ant d' Politk agegraff an e Gesetz net ennerschriwwen - an dat zurecht. Den Pouvoir lait halt bei den demokratesch gewielten Volleksvertrieder, an sou een ass den Grand-Duc Henri nunmol net. ET KENNT ELO KENG VERFASSUNGSAENNERUNG WINST DEM EUTHANASIEGESETZ(wéi vill Lait mengen) - MEE WINST DEM GRAND-DUC HENRI, deen di demokratesch Spillreegelen net nemmen matt den Féiss getreppelt huet, mee sech iwwert den demokrateschen Vote an de Wëllen vum Vollek ewegsetzt. (An der gudder aaler Traditioun vum "L'état c' est moi!")
Hien hätt eng aaner Optioun gehaat: Séch fréih genuch ze äusseren an sain Refus bekanntzegin an doroppshin sain Hut ze huelen. Mee um Throun lierwt et sech gudd, einfach ze gudd. Dofir ass och d' angel-sächsegt Sprachwuert net vun Muttwëll: "It's too good to be king".
An deem Sënn: Vive onsen trageschen Held, hien selwer huet de Steen un d' Rullen bruecht.

Weider Links:
http://www.kath.net/detail.php?id=21523

De Forum vun Kath.net "Von der Tyrannei der Demokratie - Euthanasie in Luxemburg":
http://www.kathnews.com/thread.php?threadid=6234

Donnerstag, 4. Dezember 2008

Ein Leserbrief kommt selten allein ...



Virun 2 Wochen war an der Chambre de sougenannten Jugendkonvent deen 2 mol all Joer an vun der CGJL organiseiert get. An deenen flotten Débatten gin emmer aktuell politesch Themen ugeschwat an et soll een der Jugend en objektiv Informatiounen matt op de Wee gin.

Dëss Kéier war et dann och normal dass giff iwwert iwwert den Dossier Stierwhellef geschwat gin. Dozou war en Atelier aberuff gin, deen den Hubert Hausemer als Expert geleed huet.

Da su munches an deem Atelier menger Meenung no onglécklech verlaf ass hun ech folgengen Leserbréif an mengem eegenen Numm geschriwwen, well mech gewess Äusserungen wieklech opt d'Palm gedriwwen hun:

Leserbrief : Die Sterbehilfegegner, Märchen und NS-Vergleiche.

24.11.2008

Dass so manch ein Sterbehilfegegner noch immer Probleme hat das demokratische Votum vom 19. Februar zu respektieren ist ja bekannt. Eine neue Dimension christlich-sozialen Unfugs bekamen vergangenen Freitag jedoch die TeilnehmerInnen des Jugendkonventes in der Chambre des Député-e-s zu spüren. In einer Arbeitsgruppe über aktuelle politische Themen wurde hitzig über das Thema Sterbehilfe debattiert. Als Experte war Hubert Hausemer, einer der „Chefhetzer“ gegen den Gesetzesvorschlag Err-Huss geladen. Hausemer verzichtete während der Präsentation auf Powerpoint mit der Begründung er sei „konservativ und reaktionär“, und behauptete einige Minuten später er „habe die Kappe des Unabhängigen auf“. An seiner Seite hatte sich inzwischen die Abgeordnete Marie-Josée Frank eingefunden.

Als dann Herr Hausemer seine Folien austeilte mit „Argumenten pro und kontra Euthanasie und Palliativpflege“ war mal wieder alles klar: Die alte Wort- und Bistumstaktik der Sterbehilfegegner in der man mit Pseudoargumenten und Märchen die Menschen verwirrt. Zwei dieser Pseudoargumente für die aktive Sterbehilfe brachte Herr Hausemer („der mit der Kappe des Unabhängigen“) unter die Jugendliche: „Tötung ist nicht gleich Mord, wie z. B bei Euthanasie oder bei „gerechtem Krieg“. Da dies vielen Jugendlichen auf den Magen schlug wurde eifrig nachgehakt ob er unter gerechtem Kriege vielleicht die blutigen Kreuzzüge der katholischen Kirche meine? Das zweite Argument war noch menschenverachtender „Euthanasie ist billiger als lange Palliativpflege“. Was im Übrigen nicht stimmt. Medikamentenkosten zwecks Schmerzbekämpfung sind die gleichen bis zu dem Punkt, wo einerseits die „palliative terminale Sedierung“ einsetzt und auf der anderen Seite die medikamentöse aktive, direkte Sterbehilfe.

Doch auch Frau Frank war inzwischen auf Hochtouren: Die Abgeordnete hatte bei der Debatte des Gesetzesvorschlag am 19. Februar bekanntlich die Proposition de loi Err-Huss mit dem national-sozialistischen Euthanasieprogramm verglichen. Auf meine Frage hin, ob sie sich nicht von solchen Äußerungen distanziere (als deutscher PolitikerIn hätte man wohl den Anstand gehabt zu demissionieren) meinte Frau Frank sie stehe noch immer voll und ganz hinter ihren Aussagen.

Später warf sie einfach so in die Runde dass sie oft in Pflegeheimen für behinderte Kinder unterwegs sei und dass diese Kinder „auch“ voller Lebensfreude seien. Dies hatte auch keiner der TeilnehmerInnen anders gesagt, Frau Frank wollte wiederum ihre Überzeugung, die Proposition de loi würde genau wie das NS-Programm „gesunde Kinder und demenzkranke Menschen abspritzen“ zum Ausdruck bringen.

Die Äußerungen von Frau Frank und die Wahrheitsverzerrungen von Herr Hausemer sind absolut unerhört! Menschen die wiederholt einen durchdachten Gesetzesvorschlag mit einer menschenverachtenden und perversen Praxis der Nationalsozialisten vergleichen, sollten sich ernsthaft Gedanken machen ob sie nicht vielleicht besser hätten ihr Platz auf dem Krautmarkt einem anderen zu überlassen...

Philippe Schockweiler

PS: Ich versuche mich im Wahrsagen und sehe voraus, dass das Luxemburger Wort diese Zuschrift genauso wenig abdrucken wird, wie die zahlreichen anderen Leserbriefe die das Sterbehilfegesetz nicht verteufeln.

Dass d' aktiv Stierfhellef en Thema ass wat stark polariséiert ass jo mettlerwéilem kengem e Geheimnis méi. Or, war ech erstaunt dass puer Deeg mi spéit, en offiziellen Pressecommuniqué vun der CGJL den Wee an méng Mailbox fonnt huet, deen main perséinlecht Schréiwwen staark kritiséiert:


Stellungnahme zum Artikel: Die Sterbehilfegegner, Märchen und NS-Vergleiche Print E-mail
Written by CGJL
28. November 2008

Die Organisatoren des Jugendkonvents, möchten sich hiermit deutlich von den von Herrn Schockweiler gemachten Aussagen distanzieren. Scheinbar hat Herr Schockweiler, der als Moderator eines anderen Workshops zunächst einmal in der Arbeitsgruppe Euthanasie überhaupt nichts verloren hatte, das Konzept des Projektes "Jugendkonvent", sowie der betreffenden Arbeitsgruppe nicht verstanden. Zudem sind die von Herrn Schockweiler angeführten Vergleiche und verdrehten Tatsachen widersprüchlich und abscheulich.
Der Jugendkonvent, der von der Conférence Général de la Jeunesse (CGJL) regelmäßigig in Zusammenarbeit mit anderen Organisationen und Institutionen organisiert wird, soll Jugendlichen die Möglichkeit geben sich zu bestimmten Themen zu informieren, zu diskutieren und ihre Meinung zum Ausdruck zu bringen. Die in den Arbeitsgruppen ausgearbeiteten Forderungen werden in einer Plenarsitzung den anwesenden Abgeordneten präsentiert und mit ihnen diskutiert.
Die Arbeitsgruppe zu den aktuellen Themen"Doppelte Staatsbürgerschaft, Finanzkrise und Euthanasie", war vor allem als informativer Workshop angekündigt worden. Dieser sollte jungen Menschen, die sich ihre Meinung zu diesen Themen noch nicht definitiv gebildet haben, oder jenen, die sich zusätzliche Informationen beschaffen wollten, die Mölichkeit geben, dies in einer 1,5 stündigen Sitzung in Anwesenheit eines Experten zu dem jeweiligen Thema zu tun. Es sollte bereits aus Respekt vor den Teilnehmern, die sich auf eine informative Arbeitsgruppe gefreut hatten, keinesfalls eine Tribüne für parteipolitische Machtkämpfe werden. Zudem ist Euthanasie ein sehr persönliches Thema, bei dem jeder das Recht haben sollte sich in Auseinandersetzung mit seiner eigenen Herkunft, seiner religiösen Einstellung und seiner Erfahrung, seine eigene Meinung zu bilden.

Herr Hausemer ist als Experte für den Arbeitsbereich "Euthanasie" bewusst aufgrund seiner langjährigen Erfahrung als Philosophieprofessor ausgewählt worden. Seinen Standpunkt hat Herr Hausemer der CGJL nie verheimlicht. Er hat darüber hinaus dem pädagogischen Personal der Jugendkonferenz in einem ersten Gespräch die Entscheidung Überlassen, seine Kompetenz in Bezug auf eine generelle Einführung in die Thematik, abzuschätzen. Von Herrn Hausemer wurde ganz klar eine neutrale Darstellung beider Argumentationsseiten gefordert und der Inhalt gemeinsam mit ihm als Experten geplant. Herr Hausemer war, so das Feedback der Workshopteilnehmer, somit tatsächlich mit der "Kappe des Unabhängigen" in der Arbeitsgruppe und hat eine Liste mit gängigen Argumenten beider Seiten (pro und contra) vorgelegt. Bis zur präzisen Nachfrage hat er seine eigene Position dabei nicht offenbart. Zudem spielt der persönliche Standpunkt von Herr Hausemer diesbezüglich keine Rolle, da, wie wir wissen, jeder Mensch ein Recht auf seine eigene Meinung hat, solange er nicht versucht sie anderen aufzudrängen. Wenn wir zudem schon von Neutralität sprechen, so sollte sich Herr Schockweiler zunächst einmal an die eigene "Kappe" fassen.

Wir schlagen Herrn Schockweiler, der auch im Exekutivbüro der Jugendkonferenz vertreten und somit über die Ausarbeitung laufender Projekte informiert ist und durchaus die Möglichkeit hat, sich aktiv einzubringen, vor, sich in Zukunft an der Planung des Jugendkonvents zu beteiligen, anstatt die Arbeit des Personals und der Organisation, der er selber angehört, sowie der Partner öffentlich zu untergraben.
Sandra Britz, Pädagogin der CGJL
Tania Matias, Vize-Präsidentin der CGJL, Moderatorin des Workshops
Patrick de Rond, Präsident der CGJL


Dozou e puer Iwwerleeungen vun ménger Sait:
Schon iergendwéi komesch hun ech et fonnt dass ech op déi Art a Wéis vun der CGJL, enger Organisatioun där ech selwer ugehéieren, sou scharf kritiséiert gouf.
Uffanks hat ech et och e bessi matt der Angscht ze din kridd, well dach taatsächlech riets ass vun den "Organisatoren des Jugendkonvents" déi sech vun mengen Aussoen distanzéieren, wat giff souvill bedaiten wéi dass all Jugendorganisatioun vun Letzebuerg méng Aussoen net richteg giff fannen respektiv "abscheulich". Deem war awer net sou... Anscheinend brauch een bei der CGJL fir sou en offiziellen Communiqué, wu een en eegenen Member winst sénger perséinlecher Iwwerzeegung ugraifft, net sain eegenen Buro Exécutif ze froen. Dofir war kuerz no desem Communiqué d'Empörung riesen grouss. (an daat net nemmen bei ménger Organisatioun mee bei aaneren och.)

- Zum Virworf "ech hätt naischt an deem Workshop verluer":
Et stemmt dass ech ageschriwwen war als Moderateur vum Grupp "Kannerrechter". Wi moies awer och d Mme Frank an méngem Grupp soutz an sech schon "gefreet" huet op den Grupp Euthanasie hun ech mer geduecht et waer wichteg sech di Meschung Frank&Hausemer am ultimativen Tag-Team nokucken ze goen. Ech hun mech dun oofgemellt bei menger Expertin (di domadder keen Problem hat) an bei der Sekretärin vum Grupp, wat jo nierwenbai och Generalsekretärin vun der CGJL ass. (well d' Sekretärin leider moies verhennert war, hat ech moies d Moderatioun- an d Sekretärsarbecht iwwerholl.)
Ech war also op offizieller Sait "entschellegt" wann een dat su soen kann...

- Een aaneren Punkt deen ech awer och nach kuerz unschnéiden well ass deen vum Toun vun den 3 Signatairen: Ech hun zu kéngem, absolut kéngem Moment an méngem perséinlechen Leserbréif d' CGJL, hieren Präsident, hier Vize-Präsidentin oder hier Pädagogin ugegraff. Weder hun ech den Fonktionnement vun der Organisatioun bemängelt oder hinnen firgeworf se wären onstransparent...
Ech hun "just" dem Herr Hausemer sengen machiavellesch an mettelalterlesch Philosophien opgezielt an firun allem, wéi den Titel et och seet mech iwwert d' honorabel Mme. Marie-Josée Frank opgereegt, déi als Députéiert all Chance ze notzen schéngt fir d' Gesetz zur aktiver Stierfbegleedung matt dem "Euthanasie" Programm vun den Nationalsozialisten ze vergleichen. (Op RTL.lu war en Leserbréiff nozeliersen vun engem Här deen dat anscheinend normal fennt dass een déi Meenung kann hun...)
Zu Letzebuerg kann een sech vill erlaben, besonneg vill... dat bewéist z.B. all Daag ons gréissten Zeitung, di am Numm vun "Wahrheit und Recht" anachronisteg an verdréinten Vue'en verbreed...

Ech mengen ech kéint nach e Bicherband schréiwwen mee dat ass et net dowaert - deen Kuch ass fir mech giess. Ech hun eng déck Haut, an war net getéckt mee éischter freet et mech, dass een sou verfollegt gett an engem séng Saachen nach gelies gin. Et gett also héich Zait sech vun den klerikalen Colliquen(wi main Kolleg Manuel Huss emmer seet) deenen monarchegen Nevrosen zouzewenden...well hai ass och eng kromm an der Héck... :)

Weider Ergänzungen zum Thema:
Puer Gedanken vum Indymedia-Letzebuerg Journalist P. Kleeblatt:
http://www.indymedia-letzebuerg.net/index.php?option=com_content&task=view&id=13683&Itemid=26

Mittwoch, 3. Dezember 2008

International Ban of Cluster Bombs



I thought it would be interesting to post topics which have an international context or value in English. So here we go:

As many of you have already read or heard, more than 100 nations signed a multilateral anti-cluster bombs treaty in Oslo, Norway today.
This is a huge victory which is nevertheless overshadowed by the fact that the A-Bomb holders such as the United States, Russia, China, India, Pakistan and Israel(de facto) have not signed the treaty. The new historic treaty does not only ban cluster-ammunitions but does also set a legal case to obligate former users of cluster bombs to sweep duds and unexploded devices in the regions they were used:
This does not apply for the non-signatory countries:
- Russia and Georgia(also a non-signatory country) are not obliged to clean up the mess they left behind in South Ossetia.
- Israel, the biggest producer of conventional arms in the Middle-East, can still relax while Lebanese civilians are confronted on the daily basis with exploding devices from the 2nd Lebanon War in 2006.
- But also the United States, in the last month of the Bush ordeal have not signed the treaty:
However, it remains a sad fact that Laotian, Cambodian and Vietnamese civilians still suffer from unexploded devices that lie in streets, fields or even in backyards either from the Vietnam War, or the French Indochinese War.
Furthermore, Afghanistan,Kosovo and especially the Iraq are contaminated for years with unexploded devices. One can only hope (and thats a good catchword in this case) that the new US-administration under President Obama will be more active on this topic. Nevertheless, Obama is aware that his military industry is a crucial element in the U.S economy with many jobs attached, and that's yet another challenge for the new man in the Oval Office.

Sources:
http://news.bbc.co.uk/1/hi/world/europe/7762031.stm
http://www.stopclustermunitions.org

European MEP of the Year 2008 - Claude Turmes




De Claude Turmes gouf zum "European MEP of the Year 2008" gewielt vun der Zeitung "European Voice". Desst ass wieklech en flotten Erfolleg fir hien well et beweist dass seng Arbecht net nemmen zu Letzebuerg mee och op europäeschem Plang gudd ukennt.
Nomineiert war hien fir sain Bestreben och EU-Deputéiert a PolitikerInnen an vun aaneren Faarwen fir méi ambitieis Zieler an Saachen Klimaschutz, an virun allem um Gebitt vun den erneierbaren Energien ze gewannen.

Gratulatioun Claude! :)
http://www.europeanvoice.com/page/the-evawards-europeans-of-the-year-2008-nominees/788.aspx
(weider Infos zum Vote um Site vun European Voice)


Obwuel een dess Awards net zefill iwwerbewerten soll, fannen ech et flott dass et een Letzebuerger Europadeputeierten gett deen sou aktiv an erfollegreich ass, besonneg och an der europäescher Rezeptioun. Am Geigensaatz zu der Amiperas-Fraktioun vun der CSV mam Jean Spautz (78) Astrid Lulling (79) an dem Erna Hennicot-Schoepges(67 - mee bei weitem dat aktivst vun deenen drai) dem ständeg motzenden an autonom-opereierenden Robert Goebbels(deen wuel "Remerschen" na emmer net verquesst huet - an sech monter fir Pestiziden an Monsanto asetzt) an dem eischter taciturnen Lydie Polfer, ass den Claude Turmes deen eenzegen Europadeputeierten deen an der nationaler wei internationaler weineg bis guernet an der Kritik steet. Greng Politk wierkt also och op europäeschem Nivo!

Deen eenzegen Letzebuerger Europapolitker deen nierwend dem "Tuerm" gudd ewegkennt, ass onsen Super-Juncker(ouni deen zu Letzebuerg jo alles giff ennergoen) an vielleicht d Vivianne Reding matt sengem Roaming-Coup deen bei den Lait gudd ukennt.
N.B Mee fir all Blogger an Internauten, Rapidsharer an Torrent-User : D´ Mme Reding huet virun kuerzem behaapt et weilt dem Filesharing an dem "Downloaden" de "Krich erklären". Et waert also nach eng flott Walze vun Breissel an Zukunft iwwert ons Internetrechter rullen wann een den Aussoen vun der Kommissärin Glaawen schenken kann, an su munch Computermuffel(wi ech och heinsto gär een sinn) waert rem op penibelst Art a Weis criminaliseiert gin.

Eenzegen klengen Schéinheetsfeeler:
An der Kategorie "National Politician of the Year 2008" krut den Nicolas Sarkozy den Award... sangend italienesch Ex-Modeler an een Skandal nom aaneren man et wuel méiglech...an schon kann ech rem dem Mick Jagger rechtgin : "Every publicty is good publicity" :)

Dienstag, 2. Dezember 2008

Ein kleiner Schritt zur Verfassungsänderung - ein großer Sprung in Richtung Republik?


Sou! Hai waer en dann endlech, no laangem hin an hir hun ech mech entscheed en klengen Blog ze machen wu ech bessi meng politesch awa och perséinlech Gedanken opleschten kann.
Waat fir en geschichtsträchtegen Daag grad hannert ons all lait, dorobber well ech natierlech elo angoen:

Haut denmoien huet RTL Radio verkënnegt den Grand Duc wéilt dat ustehend Euthanasie Gesetz net ennerschreiwen. No laangen Diskussiounen (an där zu Letzebuerg emmer üblecher Panikstemmung) koum dun denowend d' Noricht vun onsem P.M dass ma eng Verfassungsännerung giffen kréien: d.h den Artikel 34 gett gekierzt an de Grand-Duc kann an Zukunft nemmen nach Gesetzer "promulger" an net "sanctionner".
(Ech waert an mengen nächsten Posts nach weider opt den Gesetzestext Err-Huss angoen)

Ass dess schnell Leisung net rem eng typesch "solution à la luxembourgeoise"? Lo gett rem séier eppes emgemurkst an gepléischtert wat just en Zoufall oder en By-product vun der Geschichte war? Wier et net no dësser Verfassungsännerung dringlechst un der Zait sech d'Fro ze stellen :
Brauchen ma nach wieklech eng Monarchie - oder wellen ma onsen Souverain, oder Staatsoberhaupt wei et am daitschen heescht selwer demokrateg wielen a matbestemmen?
Froen iwwer Froen mee opallefall gett vill enner de "Letzebuerger Republikaner" elo ant d Fauscht gelaacht an gepësspert...

An wann der ierch frot wien ass deen "schmocken" Här op desser Foto - Dat ass den Emile Servais, éischten Président vun der Republik Letzebuerg déi den 9. Januar 1919 ausgeruff gouf. Desen Datum jährt sech dann d' nächst Joer zur 90ten Kéier, an wärt dann och wuel méi an den Medien stoen wéi déi Joeren virdrun.
Selten huet zu Letzebuerg en Monarch souvill un sengem eegenen Troun geséet wéi den Grand-Duc Henri haut.
(N.B dobai sierf gesot dass onsen Grand-Duc guer keen Troun huet...an och keng Kroun: siehe Hilgert, Romain "Unschuld ohne Krone" L.Land 24. Dez. 1999 http://www.land.lu/html/dossiers/dossier_monarchie/annonce_thronwechs_241299.htm)

Tjo...wi et ausgesait huet ons Exzellenz sech grad selwer en Been gestallt an sech en schéinen Selbstgoal geschoss. Oder wi eng gudd Frendin et haut ausgedréckt huet "Net all Premiere ass eng gelongen Premiere". Ech hoffen mir bléiwwt den peinlechen Selbstgoal erspuert :-)) !
Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...