Dienstag, 2. Dezember 2008

Ein kleiner Schritt zur Verfassungsänderung - ein großer Sprung in Richtung Republik?


Sou! Hai waer en dann endlech, no laangem hin an hir hun ech mech entscheed en klengen Blog ze machen wu ech bessi meng politesch awa och perséinlech Gedanken opleschten kann.
Waat fir en geschichtsträchtegen Daag grad hannert ons all lait, dorobber well ech natierlech elo angoen:

Haut denmoien huet RTL Radio verkënnegt den Grand Duc wéilt dat ustehend Euthanasie Gesetz net ennerschreiwen. No laangen Diskussiounen (an där zu Letzebuerg emmer üblecher Panikstemmung) koum dun denowend d' Noricht vun onsem P.M dass ma eng Verfassungsännerung giffen kréien: d.h den Artikel 34 gett gekierzt an de Grand-Duc kann an Zukunft nemmen nach Gesetzer "promulger" an net "sanctionner".
(Ech waert an mengen nächsten Posts nach weider opt den Gesetzestext Err-Huss angoen)

Ass dess schnell Leisung net rem eng typesch "solution à la luxembourgeoise"? Lo gett rem séier eppes emgemurkst an gepléischtert wat just en Zoufall oder en By-product vun der Geschichte war? Wier et net no dësser Verfassungsännerung dringlechst un der Zait sech d'Fro ze stellen :
Brauchen ma nach wieklech eng Monarchie - oder wellen ma onsen Souverain, oder Staatsoberhaupt wei et am daitschen heescht selwer demokrateg wielen a matbestemmen?
Froen iwwer Froen mee opallefall gett vill enner de "Letzebuerger Republikaner" elo ant d Fauscht gelaacht an gepësspert...

An wann der ierch frot wien ass deen "schmocken" Här op desser Foto - Dat ass den Emile Servais, éischten Président vun der Republik Letzebuerg déi den 9. Januar 1919 ausgeruff gouf. Desen Datum jährt sech dann d' nächst Joer zur 90ten Kéier, an wärt dann och wuel méi an den Medien stoen wéi déi Joeren virdrun.
Selten huet zu Letzebuerg en Monarch souvill un sengem eegenen Troun geséet wéi den Grand-Duc Henri haut.
(N.B dobai sierf gesot dass onsen Grand-Duc guer keen Troun huet...an och keng Kroun: siehe Hilgert, Romain "Unschuld ohne Krone" L.Land 24. Dez. 1999 http://www.land.lu/html/dossiers/dossier_monarchie/annonce_thronwechs_241299.htm)

Tjo...wi et ausgesait huet ons Exzellenz sech grad selwer en Been gestallt an sech en schéinen Selbstgoal geschoss. Oder wi eng gudd Frendin et haut ausgedréckt huet "Net all Premiere ass eng gelongen Premiere". Ech hoffen mir bléiwwt den peinlechen Selbstgoal erspuert :-)) !

4 Kommentare:

  1. Vun der Long op d'Zong. Weider sou! Ech hun mëch op däin "Blog" abonnéiert an waarden mat Freeden op déng nächst Andreeg!

    Änder

    AntwortenLöschen
  2. Enfin een deen d'Saach aus dem richtegen Wénkel kuckt.

    AntwortenLöschen
  3. et ass zwar egal waat dass eisen G-D daat gesetz do net well ennerschreiwen. Schlisslech hu mer eng chamber an e gouvernement waat gewielt gouf vun all bierger. Si hun och lang a breed diskuteiert iwwert daat gesetz.
    Mee sin awa der Meenung dass mir de Monarch behaale sollen, hien representeiert land am ausland an d'letzebuerger kennen deen (An daitschland hun se zwar e BundesPresident, mee wee kennt deen an Daitschland??? 25% vun den Awunner wann et gudd geet).

    AntwortenLöschen
  4. @ sébastien
    da liegst du mit deiner einschätzung total falsch:
    "...Umfrage bestätigte auch den hohen Bekanntheitsgrad Köhlers: 73 Prozent der Befragten konnten auf Anhieb sagen, wie der Bundespräsident heißt."
    http://www.focus.de/politik/deutschland/bundespraesident-grosse-mehrheit-fuer-wiederwahl-koehlers_aid_296887.html

    ich finde es gibt schon genug spekulationen, falschinformationen und unkenntnisse in der welt, und wir sollten uns alle mehr dazu durchringen, nur wahrheiten zu verbreiten-heißt in diesem fall sich vorher zu informieren.
    o.rakel

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...