Freitag, 30. Januar 2009

Den läschten Hetzer am Häerz vun Europa

Een vun den Mériten vum Popst Woytilja, war dass hien ronn 50 Joer nom Holocaust probéiert huet d Wonnen tëschend dem Vatikan an der Jüdescher Glaawenskommunautéit ze heelen. Hien war sëch bewosst dass de Vatikan wärend dem 2.ten Weltkrich enorm vill Feeler gemach huet. Vun den Lateranverträg bis hin dozou dass nom Krich de Vatikan als Exklusiven Reesburö gegollt huet, fir SS-Offizéier, Doktoren an Wessenschaftler iwwert den Vatikan an Südamerika ze schmuggelen. Och hien huet gewosst dass d' Lateranveträg en Feeler waren (am géigensatz zum Letzebuerger Wort, wat puer Deeg no dëssen Verträg getitelt huet "Pius der Friedensfürst").
Och wann ech bekanntlech keen fan vun deem Club sin muss ech dessen Merite awer dem Pawel Woytila grouss urechnen. Den "naien" Popst, den Papa Ratzi schéngt doriwwer awa weineg Verständnis ze hun. Den Chef Bréckenbauer (lat. pontifex maximus) schéngt an der Lëschter Zait bei vollem Bewosstsin déi eng oder aaner Bréck ze zerstéieren. No sengen homophobem an fraenveruechtenden Aüsserungen am Dezember("ökologie vum Mensch) an sénger Rehabilitéierung vun engem weltbekannten Holocaustleugner, sin erem di üblech Téin aus dem Vatikan ze héieren: "Falsch Verstaanen", "Nëmmen hallew su well" , "dir musst och onsen Standpunkt verstoen..." "sou eng Reaktioun hun mir ons nie erward"...
An emmer erem schéngt daat alt Argument ze gëllen: "De Popst ass onfehlbar". Hai kennt main Gedanken: De Popst ass an menger Hisicht keen "Friedensfürst", en ass keen Bréckenbauer wi sain Numm et giff usech viraussoen, neen, et ass een vun den läschten Europäeschen Despoten matt enorm zweifelhaften Vue'en. Keen kann mir probéieren kloerzeman dass den Popst sech net doriwwer bewosst gewiergt waer war fir eng Well vun der Empörung hien giff domadder ausléisen. Wisou sain Klub dat schlussendlech mecht, werfft mir Rätsel op. Vielleicht ass et als en läscht Opbäumen an en leschten Hoffnungslosen Trotzakt ze verstoen vun enger anachronisteger an weltfriemer Organisatioun, denen emmer méi Scheewecher dem gudden Hiirt fortlaafen an sech nemmi apferchen loosen, an doroppshin schéngt den rietskonservativen Grupp em den Ratzinger total duerchzetécken.
Interessant sin och folgend Statements vun Chrëschtlechen Würdenträger dei um Spiegel Online nozeliersen sin:
...Der ehemalige CDU-Generalsekretär Heiner Geißler kritisiert die konservative Weltsicht von Benedikt. Der Papst schotte sich "gegenüber Frauen, Andersgläubigen, Geschiedenen, Homosexuellen" theologisch ab. Sein Vorgänger habe "die Gemeinsamkeiten mit andersgläubigen Menschen gesucht, er nicht", sagte der Christdemokrat..."Man kann fast den Eindruck bekommen, ihm sei ein rechtsradikaler, antisemitischer katholischer Bischof lieber als eine evangelische Bischöfin." Der Vorsitzende der Deutschen Bischofskonferenz, der Freiburger Erzbischof Robert Zollitsch, kritisierte den Papst indirekt: "Weder für Antisemitismus noch für die Leugnung des Holocaust gibt es Platz in der katholischen Kirche."

An do kann ech mech nemmen uschléissen: Den Respekt virun deenen aaneren hieren Weltanschauungen, Iwwerzeegungen an Reliounen soll een beibehaalen, mee der kathoulescher Kierch hieren héchsten Diplomat an Würdenträger ass naischt aaneres wi en rietsradikalen Fanatist deen et ze ächten gëllt.

Mittwoch, 28. Januar 2009

Vorratsdatenspeicherung gehéiert ant d' Poubelle!

Zum Europäeschen Datenschutzdaag, en Pressecommuniqué vun déi gréng an déi jonk gréng zesummen.

28. Januar – europäischer Tag des Datenschutzes

Zum europäischen Tag des Datenschutzes wollen déi gréng und déi jonk gréng dem internationalen Widerstand gegen die EU-Richtlinie2006/24/EG, welche die Vorratsdatenspeicherung in allen Ländern der EU durchsetzen soll, weiterhin ihre Unterstützung zusichern, und fordern den sofortigen Stopp der auf europäischer Ebene verordneten Datensammelwut. Wir sind der Überzeugung, dass nur verbindlich hohe Datenschutznormen sicherstellen können, dass Kriminalitätsbekämpfung nicht auf Kosten des Datenschutzes und der Privatsphäre erfolgt.

Die Vorratsdatenspeicherung stellt jede Bürgerin und jeden Bürger unter Generalverdacht, ein potentieller Krimineller zu sein. Dies hebelt zum Teil das Recht auf Privatsphäre und Datenschutz aus. Jeder Bürger muss einen unverhältnismäßig großen Eingriff in seine Privatsphäre hinnehmen, da es die Vorratsdatenspeicherung theoretisch ermöglicht, Bewegungsprofile zu erstellen, geschäftliche Kontakte zu rekonstruieren und Freundschaftsbeziehungen zu identifizieren, so Felix Braz.

Auch Rückschlüsse auf den Inhalt der Kommunikation, auf persönliche Interessen sowie auf die Lebenssituation der Kommunizierenden werden ermöglicht. Benutzer von Telefon, Internet und Handy werden somit gegenüber Nutzer anderer Kommunikationsformen diskriminiert.

Schon seit 2005 haben die Bürger und Bürgerinnen Luxemburgs ein Stück ihrer informationellen Selbstbestimmung eingebüßt. Mit dem Inkrafttreten der Telekomgesetze wurde die Vorratsdatenspeicherung noch vor Umsetzung der EU-Richtlinie Realität. Jeder Telekommunikationsanbieter unterliegt fortan der Verpflichtung, sämtliche Kommunikationsdaten aller Kunden für die Dauer von mindestens 12 Monaten zu speichern und den Behörden bei Bedarf Einsicht zu gewähren.

Das gängige Argument, die gesetzliche Vorratsdatenspeicherung erleichtere den Kampf gegen die organisierte Kriminalität, können déi jonk gréng so nicht gelten lassen. Da es mittlerweile genügend Möglichkeiten gibt, die Vorratsdatenspeicherung zu umgehen, ist ihr praktischer Nutzen äußerst gering, ihre Folgekosten für die Privatsphäre hingegen um so größer, so Nadine Schmit.

Nadine Schmit
Sprecherin déi jonk gréng

Felix Braz
Abgeordneter

Dienstag, 27. Januar 2009

Cacahouette vum Daag : Barroso & Nabucco Pipeline

Bréissel: Den José Emanuel Barroso wëll laut sénger naier Videobotschaft eng nai Pipeline fir Europa. Di sougenannten "Nabucco-Pipeline" soll méi Sëcherheet bidden well d' Pipelines duerch Belarus an d' Ukraine (Yamal, Druzhba) jo emmer erem dank gazprömlescher Willkür oofgeschalt gin.

Den Här Barroso benotz 2 Argumenter di awa relativ lusch sin: Een Argument dovunner ass geo- dat aanert energiepolitesch:
1. Den Barrosso méngt dass d' Nabucco-Pipeline di d' Tierkai op deem engen Enn, an Wien op deem aaneren Enn verbënnt, duerch politeg méi stabill Länner leeft. Daat mach sënn, en Groussdeel vun der geplangter Pipeline giff effektiv vun Wien aus duerch Ungarn, Rumänien, Bulgarien an dann ant d' Tierkai laafen, an soumatt gréisstendeels duerch d' Unioun verlaafen. Dësst huet awa en Hooken: an der Tierkai giff dess Pipeline opsplécken an nördlech iwwert den Kaukasus verlaafen, respektiv riicht duerch Georgien (Betong-fest an saachen vun politescher Stabilitéit) an deen südlechen Arm giff duerch den Iran verlafen (en Musterbeispill vun engem demokrateschen Staat) fir dann rëm zu Baku am Azerbeidjzhan bei den Gasfelder ze landen. Souvill zu der politescher Stabilitéit vun dësser Pipeline, ouni iwwerhapt iwwert d' Tierkai an den Azerbeidjzhan geschwat ze hun...
2. Den J.E. Barroso behaapt matt enger naier Pipeline kéint een d Angebot vun den Energiequellen an der EU "diversifiéieren" respektiv erwéideren an ausbauen ... ah bon... ? Heescht diversifiéieren net nai Marché'en erschléissen matt naien Technologien? Giff dat net bedaiten nai, erneierbar Energien ze promouvéieren an déi massiv auszebauen - amplatz wéider sech d' fossilt Graaf ze gruewen ? Dem Barroso sain Argument ass daher genee su idiotesch wi wann een giff behaapten Atomkraft waer eng ernéierbar Energie, well all puer Wochen den Uran an dem Reaktor muss ernéiert gin .

Barroso - Cacahoutte vum Daag !

Sonntag, 25. Januar 2009

Marc Glesener Plädoyer fir Schwarz-Gréng?


Als Gréngen huet een et bekanntlëch schweier et ant d' Lëtzebuerger Wort ze packen. Speitestens sait der Stierfhellef-Debatte kann een vun enger Gasperescher-Ignore-Kampagne schwetzen. ( mee dat ass eng aaner Geschicht )
Emsou méih war ech iwwert dem Marc Glesener sain Artikel erstaunt, iwwert den Daitschen Gréngen hieren Europa Kongress zu Dortmund.  


Op dëssem Kongress gouf wei gesot di gréng Europalëscht gewielt - an ech gratuléieren vun dësser Platz aus insbesondere  2 jonken gréngen Kollegen, dem Ska Keller (Landesvorsitzende Grüne Brandenburg) an dem Jan-Philipp Albrecht(Sprecher Grüne Jugend) dass sie et opt d' Lëscht gepackt hun!
Als Gaaschtriedner awer, war den Jean-Claude Juncker invitéiert - jo, dir héiert richteg onsen JCJ-National! De Marc Glesener vum Wort huet aus dessem normalen Gaaschtoptrëtt eng Jean-Claude-Himmel-Descente gemaach, an titelt "Jean Claude Juncker - der neue Botschafter der Grünen" Hien behaapt ..Was haben deutsche Christdemokraten und Grüne gemeinsam? Sie mögen Jean-Claude Juncker...  Weider den M. Glesener: Die Delegierten klatschten eifrig Beifall, denn was der Gastredner sagte, scheint in den grünen New Deal zu passen ... 

Den Artikel mecht mir iergendwéi Kappzerbriechen. Iergendwéi sin ech mer net secher wat den Här Glesener ons wëll soen: Teschend den Zéilen liersen ech e bessen den Message wi wann Grénger (op et Letzebuerger, Daitscher oder egal vun wou) giffen den JCJ brauchen als spirituellen Virdenker an Botschafter ? Dësst ass natierlech décken Mumpitz insbesondere wann een kuckt wéivill eng CSV bereed ass sech fir wieklech ambitiéis Klimazieler anzesetzen... 
Een aaneren méi verstoppten Message, deen awa na méi stutzeg mecht keint dëssen sin: Mecht den Marc Glesener hai eng Allusioun respektiv en Plädoyer fir Schwarz-Gréng ? Präisst hien net geradezou eng Hochzeit tëschend den Schwarzen an Gréngen an ganz Europa ? 
Wëll ech eierlech gesot dem Marc Glesener sain Artikel net verstinn bieden ech hai em Rod :)

Just nach zum M. Glesener sénger Behaaptung di Gréng giffen di Schwarz su dringend brauchen an een Schwarzen giff den Gréngen New Deal réicht su richtëg komplétéieren: Den Daag nom JCJ sénger Ried zu Dortmund huet di gréng Europadéputéiert Harms (an Spetzenkandidatin) an hierer Ried gesot et giff nix schlemmeres gin zu Bréissel wéi d' Astrid Lulling... :D
An och an den daitschen gréngen Blogs, Twitter an Facebookstauts'en vum BDK war alles aaneres wi "stehende Ovationen" ze liersen. Villméih hun sech meng daitsch gréng KollegenInnen driwwer opgereegt wisou iwwerhapt op engem BDK en konservativen Regierungschef schwetzt...Souvill dozou Marc... an trotzdem merci fir d' Attentioun!(Schliesslech war sain Artikel vill méi lang wei di kléng Randnotiz iwwert den CSV Kongress zu Moutfort...) Strange Times we Live in ... :) 
Goodnight, and Good Luck!

Wortartikel:
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/06118/juncker-der-neue-botschafter-der-gruenen.php

Donnerstag, 22. Januar 2009

Krichstourismus - Matt Chips a Cappucino beim Gazakrich

Puren Wahnsinn ... no comments necessary ...
PS: dëssen Beitrag staamt aus dem Satiremagazin Extra3 um NDR. 
Et ass awa kéen Montage, en ähnlechen Beitrag mat selweschten Bildmaterial gouf et 
och um ARD ze gesin, am Auslandsjournal. Hun deen Beitrag leider net remfonnt.
http://www.youtube.com/watch?v=BA7xuXLTHAo

Mittwoch, 21. Januar 2009

Politkovskaya Heir and Human Rights Lawyer executed in broad daylight!



A new case of a horrifying assassination in broad daylight in Moscow shocks Human Rights Activists around the world. 25-year old Anastasiya Baburova, considered as Anna Politkovskaya's heir at the independent "Novaya Gazeta" newspaper and Human Rights lawyer and activist Stanislav Markelov were executed on Monday after turning home from a Human Rights Press Conference. Both were assassinated by a masked hitman in front of a Moscow subway station.

Baburova was a young and talented journalist and writer who was considered to be one of Russia's last independent voices. Stanislav Markelov was Moscow's top address for handling cases of state arbitrariness. Markelov recently criticized the release of a Russian Army colonel who was condemned for 10 years for the strangulation and rape of a 18-year-old Chechen girl.
Budanov, the Russian Army colonel did not have to sit out his full prison sentence but was released last week. Markelov represented the family of the 18-year olf Girl, Cheda Kungayeva.

Reporters Without Borders and Amnesty International are calling for world-wide actions in front of Russian Embassies around the globe. This new shocking assassination shows that apparently some Russian Authorities are likely to do anything to asphyxiate any opposition voice. The deepest sympathies and condolences to the families of Nastiya and Stas' !
Solidarity with the opposition in Russia!

Dienstag, 20. Januar 2009

LSAP Europalëscht - En motzenden Gorilla féiert di Roud un...

Juppi endlech ass se do - di matt Spannung erwarten LSAP Europalëscht. (dat nënnt een wuel Ironie^^) Vir all déi di just wëllen en Resumé liersen, kennen no dem nächsten Saatz ophaalen: Keen Jonken, keng Paritéit an en fetten Lobbyist. Eddi, bis eng aaner Kéier! 

Sou, fir all déi di wellen wessen wisou ech den Robert Goebbels en fetten Lobbyist nennen déi sin hai richteg: N.B Ech wëll awa an dëssem Blogpost just iwwert den Leithammel vun dësser Lëscht schwetzen an net iwwert di aaner Kandidaten, well ech eierlech net gudd genuch iwwert si informéiert sin, ausser villeicht den Rene Kollwelter an de Jos Scheuer vun Iechternoch. (An den LSAP Site huet d' Lëscht och na net online...)

Ugefouert gin di Roud also ërem vum Robert Goebbels. Wisou mech dat empört, wonnert an beonrouegt schreiwwen hai:

- De Robbert Goebbels ass een relativ emstriddenen MEP. Séng peinlëchst Momenter wéll ech kuerz hai opzeiel:
Méifach krut hien schon den Virworf gemach en hätt en relativ oppent Ouer fir gewëss Lobbyisten - besonneg déi vun der Chemiekalien, Pestiziden an Genfood Industrie. 
- 2006 bei der REACH Ofstëmmung, huet hien sech déi Chemikaliendirective net vun Experten aus dem Gesondheets an Emweltbereich erklären geloos, mee vun Dupont de Nemours, op Invitatioun vun sénger dach oft "Oofstëmmungskomplizin" dem Astrid Lulling.
- Och Atomkraft ass laut dem Robert Goebbels eng absolut sécher an nohalteg Energiequell, ech huelen un am léiwsten giff hien séch an  Cherenkov-bloelzeg-strahlendem Reakterwaaser bueden fir den Géigendeel ze beweisen. Anscheinend schéngt den Här Goebbels den Fall Remerschen na emmer net verdaut ze hun an sait deem  motzt hien relativ gär op den Energiefroen, besonneg wann een Gréngen am Raum ass.
- 2008: Jugendkonvent iwwer Emweltthemen:
Den Robert Goebbels vertéidegt Genmanipulatioun an graifft dobai op di gudd aal klasseg Monsanto Märechersargumenter zereck " Natur mecht sait eh und je Genmanipulatioun, sou léissen ma den Honger an der Welt etc..." Op Nofro vun Jonken wees hien just ze äntwerten : Ech hun naischt matt Monsanto um Hut ... majo dann. Speider um selweschten Jugendkonvent gëtt den Här Goebbels konfrontéiert wisou hien dann aaner Vue'en haett wi den Letzebuerger Emweltminister an Parteikolleg Lux - doropps den Här Goebbels "Mir huet keen eng Meenung virzeschreiwen, ech sin Europadeputeierten ech hun meng eegen Meenung an net di vun menger Partei".
- Seng éegen Meenung huet hien d' läscht Woch rem enner Beweis gestalt... Als eenzegen Letzebuerger an mat JUST ENGEM aaneren Sozialdemokrat zesummen (!!) ennerstëtzt hien di nai Pestizidenveruerdnung net! Hien behapt herno schäinhelleg en hätt sech net kennen genuch anbrengen ... réng nom Motto : Der rote Genosse, Lobbyist der Chemiebosse
By the Way ass hien een vun deenen di zu Letzebuerg am meeschten den Klimawandel a Fro stellen, an gouf vun menger Organisatioun läscht Joer zum Klima-Clown ernannt :)
- Aaner Lusch Oofstëmmungen vum Här Goebbels: Hien ass géint den Verbuet vum Stéierkampf, an den illegalen Hondskämpf - Déiereschutzveruerdnungen schéngen oft net bis an sain Buro duerchzekommen... 
- Allem an allem huet hien dach relativ komesch Vue'en di séng Partei zu Letzebuerg esou net vertrett. Dass d LSAP och do naischt ennerhëllt fannen ech bessi komesch.... déi Grënn fennt een dann och wuel just bei der LSAP wu héchstwahrscheinlech Europa an der Gleichgültegkeet versénkt oder einfach keen sech méi fir den Här Goebbels interesséiert an sie hiren motzenden Gorilla léiwer zu Bréissel an der Rue Wiertz, wi um Krautmarkt setzen hun.

* Cherenkov-Lucht ass eng bloelzech Lucht di entsteht an engem Reaktor wärend der Kernspalte wann Elektronen séier duercht d Waaser geleed gin cf. http://de.wikipedia.org/wiki/Tscherenkow-Licht

Good Night, and Good Luck !

Sonntag, 18. Januar 2009

Meng 8 Joer Bush ...

Endlech, endlech ass den 8-jähregen Bush Martyrium eriwwer. Lang ass et hir, November 2000, ech war nach een vun den Kléngen am Lycée wi mer mettes am Informatiksall matt onsen basic englesch Kenntnisser virum PC soutzen an ons op CNN een Staat nom aaneren ugekuckt hun. Et war fir ons kloer, de G.W. Bush deen deemols sech am Texas massiv fir d Doudesstroof ausgeschwat huet an deen duerch sain Papp, soen ma sou schon e bessi virbelaascht war als en Waffen- Ulech- an Krichsindustrielobbyist keng Chance haett geint den "Saubermann" Gore. Mee et sollt ganz aaneschters kommen: Den Florida gett zum "Battleground State" déi eng soen den Gore haett en gewonn, Fox News mellt et wier den Bush... reischt virum dem Uewersten Gericht gett entscheed dass den Bush den 43. Präsident vun den USA gëtt. Et war een faasungslos doriwwer, mee et konnt een sech denken wat alles giff kommen. Mee et koum ganz deck - dat brauch ech kengem ze soen: No sengen onopfällegen éischten Méint als President wu den Bush virun allem op senger Ranch hockt,  mecht hien sech virun allem den Numm als "Teilzeitpresident".
  2001 ass d Joer vum Kyotoausstieg vun den U.S.A an virum allem dem 11. September. Deen eenormen "shitstorm" deen dono durech den Ventilator gaangen ass (fir beim amerikaneschen Slang ze bleiwen "when the shit hits the fan") konnt awa keen virausgesin - Afghanistan Krich, Patriot Act an 2003 den Irakkrich. Zait zwëschen dem 11. September 2001 an März 2003 sin keng schéin. Bush a co. hetzen zum Krich, an beschter McCarthy Manéier. Islamophobie an Arabophobie gin bis zur Perfektioun an den U.S.A instrumentaliséiert. Dëss Well schwappt och deelweis an Europa iwwer.  März 2003: Ouni UN Mandat ouni Beweiser zidd den George an de Krich: D' Mobiliseierung zu Letzebuerg ann an der Welt war beispiellos... De Walkout zu Letzebuerg vun bal 12'000 SchülerInnen a StudentInnen um Daag vum Krichausbroch war eng vun den faarwenreichsten an awa gleichzeiteg och trauregsten an polariséierenden Demos di ech je zu Letzebuerg gesin hun. Et ass déi zait wu ech mech definitiv décideiert hun politesch aktiv ze gin.

2003 an 2004 sin geprägt vum immensen Martyrium am Irak. Ganz deeler vum Land sin roud Zonen wu sech Amerikanesch Arméi an Rebellen zu Doud metzelen. Falludscha gëtt zur Heichbuerg vum radikalen Widderstand em den Muktada al-Sadr. 
2004 - Erëm sin Wahlen: An Europa ass een sech mei oder weineger sëcher - De Bush ass e Chaot, an keint vum Demokrat John Kerry oofgeléist gin. Bei den Wahlen kennt et erem zu Irregularitéiten, de Bush gëtt als "Wartime President" gefeiert an matt enormen Success eremgewielt. 
2005, Summer, New-Orleans: Den Hurrikan Katrina verwüst den Mississippi Delta em New-Orleans. Dausenden Menschen sin ouni Stroum an Waaser, en modregen Gestank vun verwesten Laichen lait an der Loft. Et ass dem Bush sain gréissten Innenpolitegen Debakel. Seng Krisenmanagementsagence FEMA brengt et net faerdeg den Lait ze hëllefen. Et ass kloer dass die enorm Gelder di Amerika sait Joeren an d Rüstungsindustrie gestach hun, d U.S.A zu engem infrastrukturaarmen Land gemeet hun. Wärendeem am Irak an am Afghanistan US- Helikopteren an Fliegeren bombardéieren an vill onschëlleg Lait an den Doud räissen, feelen un der "homefront" genee dei Reservisten an dat Material, daat hätt kënnen vill Lierwen retten. 2000 Lait hun hiert Lierwen geloss - als Verglach bei engem ähnlech starken Taifun an Japan koumen 2006 15 Lait em d Lierwen...
Och am Irak ass trotz "mission accomplished" alles aaneres wi am grengen Beraich - bis zum heitegen Zaitpunkt sin méi wi 1000 US-Zaldoten an 150 Koalitiounszaldoten gestuerwen. An Zivilisten? Hai gin et keng zouverlässeg Daten: Di konservativsten Zuelen schwetzen vun 100'000 di aaner Quellen vun bis zu 1. Milliounen Doudeger.
Guantanamo, Asylpolitik, an eng katastrophal Innenpolitik loosen speitstens elo dem Bush seng Werter faalen - hien avanceiert zeitens zum onbeleiwsten President an der amerikanescher Geschicht, méi onpopulär wi den President Hoover an der "Great Depression". Hien degradéiert zur absoluter Witzfigur. Spéitstens Uffank 2008 ass hien politeg doud - an och um internationalen Parkett nemmen nach eng Randerschainung...

Muer ass et dann suwait dass den Barack Obama als 44. President vereedegt gëtt. Den Obama ass sëcherlech en Hoffnungsträger - mee hien muss elo mol kucken dass hien déi Armada vun Kuckucks' Eër an sengem Nascht aus der Bushzait mol entsuergt. An daat keint méi lang wi 1. Amtszait daueren. Besser wi den Bush waert et op alle Fall gin - mee och den Obama huet eng honreg Rüstungsindustrie hannert séch, an eng vun den gréissten Arméien vun der Welt...

Donnerstag, 15. Januar 2009

L' Insecurité Nucléaire - Erhéigten Strahlung och zu Cattenom?

Laut franséichen Medienberichten huet di Franséich Atomopsicht an hieren Ministere fir Strahlenschutz allen 58 Atomkraftwierker am Hexagone d Lizenz entzunn fir sëlwer d' Radioaktivitéit ze miessen. Dëssen Virstouss koum nodeems Strahlenwerter di vum Ministère selwer sur place gemeet goufen bis zu 40% méi héich waren wi d' Strahlenwerter di vun den Atomzentralen selwer  "gemoos" goufen. Bis elo goufen Fäll bekannt vum Kraaftwierk Tricastin an Fessenheim wu Werter verpfuscht goufen dësst. Leider gett den franséichen Ministère keng Auskonft doriwwer dass erhéigten Wäerter och zu Cattenom vertuscht goufen... Sëcherlech wier et net di eischt Keier. Als Rappel, laut engem vun den renomméiersten Anti-Atomaktivisten an Frankreich, dem Stéphane L'homme ass Cattenom een vun deenen geféierlechsten an emweltschiedlechsten franséischen Atomkraftwierker, an eent vun deenen wat déi meeschten meldepflichteg Zwëschefäll ze verbuchen huet...

Mittwoch, 14. Januar 2009

Meilensteen am Kampf géint Pestiziden !

Endlech! Eng grouss Victoire ass ze verbuchen am Kampf geint gefeierlech an gëffteg Pestiziden.
D'Europa Parlament huet gëschter en waitreechenden an immens wichtegen Pestizidsverbuet duerchgeboxt. Dësst war lang net sëcher, well d Pestizid's Lobby zu Bréissel an Stroosbuerg na emmer relativ staark war. Méi Infos an der Stellungnahm vum Claude Turmes:

Europa steigt aus gefährlichen Pestiziden aus - 
ein Meilenstein für den Verbraucherschutz

Strassburg, den 13. Januar 2009

Zur heutigen Abstimmung des Europaparlaments zur EU-Pestizidzulassung in 2. Lesung erklärt der Europaabgeordnete Claude Turmes, Mitglied im Umweltausschuss:

"Heute ist ein Meilenstein für den Umwelt- und Gesundheitsschutz gesetzt. Weltweit erstmalig gibt es einen Ausstiegsbeschluss zu hochgefährlichen Pestiziden. Mit dieser Vorreiterrolle schafft die EU Mehrwert für die Bürgerinnen und Bürger. 

  
Pestizide, die Krebs erzeugen, das Erbgut verändern oder die Fortpflanzung schädigen, werden in der EU kurzfristig verboten. Für Pestizide, die immunotoxisch sind und die Entwicklung des Nervensystems schädigen, werden strengere Zulassungs- und Einsatzkriterien geschaffen. 
  
Wichtig ist auch, dass in Zukunft garantiert ist, dass ein Pestizid keine inakzeptablen akuten oder chronischen Wirkungen auf Bienen hat. Bienentoxizität ist damit ein neues Kriterium der Zulassung. 

Gerade vor dem Hintergrund des massiven Lobbydrucks von Pestizidindustrie und Landwirtschaftsvertretern, die noch bis zuletzt die Verbote aufweichen wollten, ist die Abstimmung ein Riesenerfolg. 

  
Die Entscheidung hat internationale Signalwirkung, da Obst und Gemüse, welches aus Drittländern in die EU eingeführt wird, keine in Europa illegalen Pestizide enthalten darf. Damit dürfen z.B. Bananen aus Costa Rica in Zukunft keine Pestizide mehr enthalten, die die Fortpflanzung schädigen.

Die Hartnäckigkeit des Europaparlaments hat sich auch bei der vorgesehenen Ausnahmeregelung für die Verbote ausgezahlt. Das Parlament hat die Bedingungen für die Ausnahmen verschärft."


En groussen Merci un all déi di sech op dëssem Thema staark gemach hun, insbesondere dem Hiltrud Breuer, Gréng Europadéputéiert wat Co-Rapportrice war.

Samstag, 10. Januar 2009

Gaza-Demo: Friddleg Demo, an islamisteg Casseuren?

Haut demetten war eng grouss Demo an der Staat iwwert den Krich am Gazastrip. Da ech zaitgléich op onser Joeresversammlung war - konnt ech net desser Demo baiwunnen.

Ech hat bessi Angscht virun daer Demo, oder soen mer sou, den Opruff zur Demo vun dem "Comité pour une Paix Juste en Proche Orient" huet mer Kappzerbriechen gemeet.
An dëssem Opruff ass eng detailléiert, informativ an sëcherlech richteg Bestandsopnahm vun der Israelescher Kolonialséierungspolitik, souwéi den total asymetreschen Ugrëff vun der IDF (Israelian Defence Forces) ze liersen. Donierwt gin di Israeleg Attacken scharf kritiséiert an dat eenormt Leed vun der palestinenseger Zivilbevoelkerung beschriwwen. Souwait sugudd:
Den Appell vergësst awa leider, an daat mecht mech bessi stutzeg dass op daer aanerer Sait vum Konflikt eng theokratesch an fanatesch Terrororganisatioun steet, déi relativ gären hier iraneg an syresch-gesponsert Quassam Rakéiten vun Primärschoulsdächer oofschéisst sou dass eng Israeleg Riposten ouni waideres dann eng Schoul matt Kanner plattbommt. Eng Organisatioun, déi(zwar vun Israel quasi ant d'Lierwen geruff gouf an wi den Frankenstein ze schnell erwuessen gouf) net un enger friddlecher Koexistenz matt Israel interesséiert ass - villméi ass hieren Motto "Palestina vum Miir bis un den Jordan", ergo d Existenzrecht vun Israel verwerft. Dess Organisation, or elo un der Spetzt vun den Palestinensergebidder ass also alles aaneres wi en Kannergebuertsdaag. Vun der "demokrateg gewielter" Hamas hier Charta géiff suguer de Julius Streicher nach eng Gäns kréien - well haidranner gett oppen Reklamm gemaach den Ursprung vun all Iwwel, d' Judentum ze schluechten.
D' Organisatoren vun der Demo hun et awer ganz vergiess(oder bewosst weggelos?) dessen Volet an hieren Appell dranzeschreiwwen an dat ass fir mech net akzeptabel. Zu engem Krich gehéieren der emmer Zwee - och wann een gaeren Sympathien fir den Underdog huet. (cf. béis Russen - léif Georgier)

Demo "friddelech" laut RTL : Islamisten um Start - 1 Flaggenverbrennung

Méi wi 1000 Lait haaten sech an der Staat fonnt fir vun der Embassade vun der Tschecheger Republik bis bei den Aussenministère ze trëppelen. "Friddlech" ass di Demo verlaf laut villen Pressegremien, an et ass wieklech flott dass souvill Lait sëch fir den Fridden ansetzen:
Alleguerten? Nee net all ... Laut puer Lait mat deenen ech geschwat hun goufen ennerwee op der Demo relativ dubiéis PRO-HAMAS and Islamisten Sprech zum Bäschten gin vun enger Minoritéit vun Lait: "HAMAS, HEZBOLLAH, JIHAD!" war een vun hieren illusteren Spréch oder och ganz flott "Allah akhbar" (een vun deenen Sprëch wu sech bai all Muslim d' Hoer zu Bierg stellen wann rem een Islamist desst Gebiet messbraucht). Mee dun wi Demo riwwer war (laut engem Bericht vun engem Kolleg) an wi "boys seperated from the men" waren, huet eng Grupp "Islamisten" eng israelesch Flagg verbrannt - op der Place Clairefontaine. Schued dass eng Grupp vun solchen Vollidioten op enger wichteger Demo sou en Dréck mecht. Mee wi ma jo vun all Demo wëssen, Casseuer'en gin et iwwerall.

Oft hun ech den Androck dass besonneg am Noostkonflikt et sëch munchmol em en Fussballsmätch handelt - deen een hällt matt deem engem, deen een matt deem aaneren. Ech fannen dass ma ons et net erlaben kennen besonneg net an dessëm Konflikt sou en blame-game Denken ze hun. Et MUSS obedengt rëm verhandelt gin teschend den 2 Saiten an ondedengt muss deen géigensaitegen onnetzten Fratricide ophaalen! Ech mengen dat war och d' Unlaien vun deenen meeschten Demonstranten en Samsten an der Staat: Fridden am Noen Osten an keen Bluttvergéissen méi - just schued dass den Comité pour une Paix Juste et nët faerdeg bruecht huet en ausbalancéierten Appel ze produzéieren.




Donnerstag, 8. Januar 2009

AFP: Homophobie am Senegal :

Hai en klengen Artikel deen bei der AFP fonnt hun:

Afp, 7.1.2008 21:46

Je acht Jahre Haft für neun Homosexuelle in Senegal

Wegen Homosexualität sind in der senegalesischen Hauptstadt Dakar neun Männer zu jeweils achtjährigen Haftstrafen verurteilt worden. Einer ihrer Verteidiger, Issa Diop, sagte, das seien die höchsten Strafen, die im Senegal jemals gegen Schwule verhängt worden seien. Die im Dezember festgenommenen Angeklagten mussten sich vor Gericht wegen "unanständigen Benehmens, unnatürlichen Handlungen und Mitgliedschaft in einer kriminellen Organisation" verantworten.
Die Staatsanwaltschaft hatte für die Angeklagten die für Homosexualität vorgesehene Höchststrafe von fünf Jahren Gefängnis gefordert. Der Richter ging mit seinem Strafmaß darüber hinaus und begründete dies mit dem "erschwerenden Umstand der Mitgliedschaft in einer kriminellen Orghanisation". Die meisten Angeklagten gehören einer Hilfsorganisation für aidskranke und HIV-infizierte schwule Männer an.
Source: http://de.news.yahoo.com/2/20090107/twl-je-acht-jahre-haft-fuer-neun-homosex-ae625d2.html

Dienstag, 6. Januar 2009

Welcome to Henri-Land - Please leave your democratic values at home

Ech wees et dréint een sech vill am Krees mee puer Gedanken nachmol zum Grand Duc séngem Refus:

1. Huet hien sech sou entscheed well en vun gewëssen reliéisen Kreeser dozou gezwongen gouf.
2. Huet hien sech beaflossen geloos an sou dozou baigedroen eng DEMOKRATIE auszehöhlen mam groussen Läffel...usech nennt een dat och e Putsch. (Besonneg wëll en quasi d'Regierung dozou gezwongen huet ze demissionéieren).
En demokrategt Land matt demokrateg gewielten Volleksvertrieder, an Een steet iwwert deenen an seet "NIET!" - wien sech hai net un X-beliebeg Bananenrepubliken resp. Bananenmonarchien arënnert deem kann ech net hëllefen. 
3. Gëtt fir hien aus Ausnahm gemach  - "hien huet och en gewessen"  - jo awa en huet sech net zeäusseren ... hien muss sech net veräntwerten ergo "inviolable" an daat geet jo nemmen wann hien sech net anmëscht...
4. Komm mer maachen Ausnahmen bei allen Gewalten: BEISPILL: en Riichter seet "Main Gewessen seet ma dass dessen Ugekloten soll gehaangen gin - ech haalen mech net un den Verbued vun der Doudesstroof". oder en Polizist "Main Gewëssen sot mer ech sollt deen Cyclist erschéissen wëll en mam Veloh iwwer den duerchgezunnen Strëch gefuer ass..." 
An den Daag no deenen beschriwwenen Evenementer giff dann den Zecherleo rëm sain Leitartikel matt "Grösse" iwwerschréiwwen? Or genee dat ass d'Situation - mee den Grand-Duc schéngt net nemmen inviolable ze sin mee och sacré-hëlleg !

Obwuel dat doten eng réducation à l'absurde ass, gëtt engem awer kloer em waat et hai geet: Em demokrateg Spillreegeln...
Ech froen mech wéi sech d' Deputéiert mussen fillen - sie sin an engem gewielten demokrategen Medium matt engem Mandat wat vum Vollek kénnt - an beemol kennt een Klaudchen (deen nach bis virun puer Joer vun Gott legitiméiert war) an seet " ma ech hun och en Gewëssen...".

Mee bon, Diir ass elo grouss op - villeicht refuséiert den Grand-Duc jo och enker en Budget ze ennerschreiwwen oder en nominéiert en Formateur deen net dem Wielerwéllen entsprecht...
Froen iwwer Froen...mee wien duercht dann schon Enn läscht Joer en giff refuséieren d Stierfhëllefgesetz ze ennerschreiwwen. Et geet also wait méi wi nemmen em d' Stierfhellefgesetz... et geet em den demokrateschen Funktionnement vun engem Land.


Freitag, 2. Januar 2009

Verfassungsännerung : Referendumstrupp hieren Communiqué

Hallo alleguerten! Eischten Post fir d'nait Joer - do bléiwwt mer just na iwwereg ierch en schéint nait Joer ze wënschen! 
Ufänken wollt ech dësst Joer matt engem Communiqué vum Biergercomité-Pesché.
Puer Saachen wollt ech do unmierken:
- Wann een en Communiqué schraifft sollt een en puermol iwwerliersen an propéieren en net am Lëtzebuerger-am-Karstadt-DAITSCH ze schréiwwen, mee op Hou-Daitsch.
- Ze behaapten et waer een net politeg andeems een e Comité fir eng Verfassungsännerung mecht ass schon relativ abenteuerlech ...
- "Tierschutz" wtf ? Mengen et wier besser gewiergt di Lait aus dem Biergercomité hätten eng Party Scrabble gespillt dat waer secherlech mi konstruktiv ...
(PS: op RTL.lu war den Titel vum Communiqué wann een sech en als Word.Doc erofgezunn huet als "ARGH.doc" ze gesin - en Zeechen dofir dass um RTL wuel méi wi een Journalist den Kapp gerësselt huet ...)

Pressemitteilung 01.01.2009

Das Initiativkomitee für ein Referendum zur Neufassung von Artikel 34 der Verfassung bedauert, dass eine Signatarin seines Briefes gemäss Artikel 3 des Gesetzes über das nationale Referendum sich mittlerweile zurückgezogen hat. Im jetzigen Stadium der gesetzlichen Prozedur ist die Zusammensetzung des Komitees aber nicht mehr von rechtlicher Bedeutung. Das Initativkomitee betont vielmehr, dass es bereit ist weitere Mitglieder aufzunehmen die bereit sind, sein Anliegen zu unterstützen.  Im Sinne einer grösstmöglichen Transparenz, möchte das Initiativkomitee seinen Brief vom 22. Dezember 2008 veröffentlichen (siehe Anhang). In diesem Schreiben wurde ausdrücklich betont, dass das Komitee sich für ein Referendum über eine eventuelle Neufassung des Artikels 34 der Verfassung einsetzt. Andere tagespolitische Themen wurden nicht erwähnt.Aufgund der geäusserten Kritik stellt das Initiativkomite ebenfalls klar, dass Fragen des Tierschutzes nicht in seinen Zuständigkeitsbereich fallen.

Für das Initiativkomitee

Jeannot Pesché 9 – Rue des Jardins L – 4591 Differdingen



Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...