Samstag, 10. Januar 2009

Gaza-Demo: Friddleg Demo, an islamisteg Casseuren?

Haut demetten war eng grouss Demo an der Staat iwwert den Krich am Gazastrip. Da ech zaitgléich op onser Joeresversammlung war - konnt ech net desser Demo baiwunnen.

Ech hat bessi Angscht virun daer Demo, oder soen mer sou, den Opruff zur Demo vun dem "Comité pour une Paix Juste en Proche Orient" huet mer Kappzerbriechen gemeet.
An dëssem Opruff ass eng detailléiert, informativ an sëcherlech richteg Bestandsopnahm vun der Israelescher Kolonialséierungspolitik, souwéi den total asymetreschen Ugrëff vun der IDF (Israelian Defence Forces) ze liersen. Donierwt gin di Israeleg Attacken scharf kritiséiert an dat eenormt Leed vun der palestinenseger Zivilbevoelkerung beschriwwen. Souwait sugudd:
Den Appell vergësst awa leider, an daat mecht mech bessi stutzeg dass op daer aanerer Sait vum Konflikt eng theokratesch an fanatesch Terrororganisatioun steet, déi relativ gären hier iraneg an syresch-gesponsert Quassam Rakéiten vun Primärschoulsdächer oofschéisst sou dass eng Israeleg Riposten ouni waideres dann eng Schoul matt Kanner plattbommt. Eng Organisatioun, déi(zwar vun Israel quasi ant d'Lierwen geruff gouf an wi den Frankenstein ze schnell erwuessen gouf) net un enger friddlecher Koexistenz matt Israel interesséiert ass - villméi ass hieren Motto "Palestina vum Miir bis un den Jordan", ergo d Existenzrecht vun Israel verwerft. Dess Organisation, or elo un der Spetzt vun den Palestinensergebidder ass also alles aaneres wi en Kannergebuertsdaag. Vun der "demokrateg gewielter" Hamas hier Charta géiff suguer de Julius Streicher nach eng Gäns kréien - well haidranner gett oppen Reklamm gemaach den Ursprung vun all Iwwel, d' Judentum ze schluechten.
D' Organisatoren vun der Demo hun et awer ganz vergiess(oder bewosst weggelos?) dessen Volet an hieren Appell dranzeschreiwwen an dat ass fir mech net akzeptabel. Zu engem Krich gehéieren der emmer Zwee - och wann een gaeren Sympathien fir den Underdog huet. (cf. béis Russen - léif Georgier)

Demo "friddelech" laut RTL : Islamisten um Start - 1 Flaggenverbrennung

Méi wi 1000 Lait haaten sech an der Staat fonnt fir vun der Embassade vun der Tschecheger Republik bis bei den Aussenministère ze trëppelen. "Friddlech" ass di Demo verlaf laut villen Pressegremien, an et ass wieklech flott dass souvill Lait sëch fir den Fridden ansetzen:
Alleguerten? Nee net all ... Laut puer Lait mat deenen ech geschwat hun goufen ennerwee op der Demo relativ dubiéis PRO-HAMAS and Islamisten Sprech zum Bäschten gin vun enger Minoritéit vun Lait: "HAMAS, HEZBOLLAH, JIHAD!" war een vun hieren illusteren Spréch oder och ganz flott "Allah akhbar" (een vun deenen Sprëch wu sech bai all Muslim d' Hoer zu Bierg stellen wann rem een Islamist desst Gebiet messbraucht). Mee dun wi Demo riwwer war (laut engem Bericht vun engem Kolleg) an wi "boys seperated from the men" waren, huet eng Grupp "Islamisten" eng israelesch Flagg verbrannt - op der Place Clairefontaine. Schued dass eng Grupp vun solchen Vollidioten op enger wichteger Demo sou en Dréck mecht. Mee wi ma jo vun all Demo wëssen, Casseuer'en gin et iwwerall.

Oft hun ech den Androck dass besonneg am Noostkonflikt et sëch munchmol em en Fussballsmätch handelt - deen een hällt matt deem engem, deen een matt deem aaneren. Ech fannen dass ma ons et net erlaben kennen besonneg net an dessëm Konflikt sou en blame-game Denken ze hun. Et MUSS obedengt rëm verhandelt gin teschend den 2 Saiten an ondedengt muss deen géigensaitegen onnetzten Fratricide ophaalen! Ech mengen dat war och d' Unlaien vun deenen meeschten Demonstranten en Samsten an der Staat: Fridden am Noen Osten an keen Bluttvergéissen méi - just schued dass den Comité pour une Paix Juste et nët faerdeg bruecht huet en ausbalancéierten Appel ze produzéieren.




3 Kommentare:

  1. Jo et daerf een net an naupen verfaalen wu een 1 sait favoriséiert - beid sait sin scholt and Lait sin di domm bei daer saach!

    AntwortenLöschen
  2. Daat Schlemmst un der Saach wor: dei Hamas-Idioten sen mol net vun den Veranstalter verwarnt gin! Mir (mat de rouden an schwaarzen Fändelen ;)) dogeint, dei antikapitalistesch Sprech skandeiert hun, goufen DIREKT vun den Veranstalter ugepöbelt well de Sproch "le sang des peuples trace les frontières/ le capitalisme, c'est la guerre" "näischt mat der Saach ze din hätt". Wei mer dunn op dei islamistesch Fanatiker verwisen hun, dei 2 sek. firdrun "Hamas, Hisbollah, Jihad" geruff hun, krute mer als Entwert; daat hätt jo awer mei mam Konflikt ze din. Dozou kann een jo näischt mei soen ... D'Veranstalter musse mol hier Aen opmaachen.
    Mee d'Demo duerf lo net weint denen puer Idioten verdäiwelt gin ...

    AntwortenLöschen
  3. Fir de Sven:

    dat ass awa schlemm dass dir als link/ kommunisten (sorry wees net genee wei enger gruppeierung dir ungeheiert :-) sou krass kritiseiert gin an di aaner net...
    dat ass wieklech awa enorm arbitraire an parteieg vum veranstalter

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...