Dienstag, 23. Dezember 2008

ADRnalin huet hieren Grënnungsmythos

Pressekonferenz haut vun der ADRenalin, der Jugendgrupp vum Aktiounscomité fir Demagogie an Reckstännegkeet kuerz ADR.
Et gouff eng Emfro präsentéiert di déi tapfer ADRenalin'er op der Foire de L'Etudiant gemeet hun. Froen vun deem Sondage mussen awer hieren Pappen an Mammen och gefall hun: Wei wichteg ass fir dech d' Letzebuerger Sprooch? Geheiert d' Tierkai ant d' EU ? Gräift de Staat zefill an deng Fraiheeten an etc... ?

Ech wëll elo net hai op dësser Platz der ADR an hieren Jüngeren vun ADRenalin erklären datt een och enger Tierkai muss Perspektiven bidden an dass hieren Bäitrëtt sws eppes wier fir an deenen nächsten 30 Joer minimum ass - mee well hinnen just soen dass hier schläichend an verstoppten Xenophobie degoutant ass.

Desweideren hun sie sech enorm vill matt den "Freiheeten" vun den BiergerInnen an vermëschen hai Äppel matt Biren. Sie schwetzen engersaits vun dem Antifemmgesetz (et ass jo schrecklech asozial an verpöhnt d' Nëttraacherten virum Qualm ze schützen jo jo) an aanerersaits schwetzen se dann vum Iwwerwaachungsstaat....
Dat sin awa 2 ganz verschidden Schong - Ech fannen déi Vermëschung enorm skandaléis(besonnëg well ech sait Joeren op deem Dossier schaffen) mee kann et awa iergendwéi novollzéihen well matt Fakten schéngt den ADRenalin et net su ze hun. Or d'Antifemmgesetz mam Iwwerwaachungsstaat ze vergléichen ass schon relativ abenteuerlech...

Grënnungsmythos ADRenalin: 
Dat huet mech am meeschten rosen gemach : hai gett Eiskaal behaapt SIE, also di jonk vum ADR hätten op der Foire de l'Etudiant Hand ugepaak an déi Emfro réaliséiert...
RECTIFICATIF: Haibai handelt et sech em eng absolut Liggen: Den ADRenalin hat op der Foire den gréissten Stand vun den Jugendpartéien(di Joeren virdrun haten se keen) an haaten eng 15 Lait matt rouden Tshirts di bai hinnen ronderemgeschwirrt sin...  vun deenen Lait waren 1-2 enner 30 an den Rëscht huet schon éischter der "ergroter Generatioun" ugehéiert... Komescherweis konnt keen vun deenen "Ugestellten" engem eppes iwwert den ADRenalin erzielen - et waren nämlesch Lait di den ADR béi enger Agence ugehaiert hat fir do ze schaffen op der Foire. "OK" soen lo gewëss Lait wat ass dodrunn schlëmm ? Ganz einfach - andeems den ADR Lait ustéllt fir op enger Studendentenfoire ze schaffen wu Jonker vun Uni'en kommen, Schoul schwänzen fir sech an den Déngscht vum Benévolat ze stéllen ass daat ennner aller Klarinette. Rëm en Beispill dofir dass den ADR an der Absoluter Debiler Rëckstännegkeet(ADR)  lierwt...


1 Kommentar:

  1. Net esou Reckstänneg wei dei Greng Ieseln dei alleguerten zreck an den Besch geheieren!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...