Donnerstag, 18. Dezember 2008

Bodry explodéiert - an wéist Nazi-Virwerf zeréck



Et war schons en kléng Iwweraschung wéi ech denmoien d ChamberTV verfollëgt hun. Den Alex Bodry (LSAP) ass regelrecht aus der Këscht gesprong an huet d Virwërf vun gewëssen Euthanasiegéigner massiv kritiséiert, di ëmmer erem et probéiert hun d' Proposition de loi matt dem Naziprogramm ze verglaichen.

Ech soen dem Herr Bodry en groussen Merci dass hien dat enker sou en publique gesot huet - Ech hat och en Leserbréif iwwert genau dëss Zort Aussoen vun der Mme Frank gesot an gouf dun vun gewëssen Konservativen scharf krisitéiert.

Video zum Alex Bodry sénger Aus-der-Këscht-Sprong:
http://streaming.newmedia.lu/media/_rhozet/bodry_chamber_181208.wmv

5 Kommentare:

  1. De Bodry huet sech do wierklech e bese lächerlech gemaach. Et Madam Frank hätt hien besser ze ignoréieren. Well déi Fraa schéng jo éen ganz seriöse Problem ze hunn, oder nët?
    Par konter ass et bëlleg ze behaapten, dass iergendéen him esou ëppes ennerstallt hätt. Da kéint ech mech och opréegen, dass mir all et Messdoten vun der Inquisitioun zougetraut ginn (vun verschiddene Socratisten)... Nët drop eragoen erschéngt mir do dée schlauste Wée! Daat mist onsen Alex awer nach léieren ;-)

    AntwortenLöschen
  2. sëcherlech och en bessi publicity-stunt mee fannen en hat am kär recht ...

    AntwortenLöschen
  3. dann hätt d'Kierch sech awer och genée esou solitt iwwert den Huss oprége können....

    AntwortenLöschen
  4. wisou ? well den Här Huss hinnen en Spiggel virun d Gesicht hällt?

    suguer den Här Juncker sot jo den Vatikan sollt sech zerekhaalen...

    natierlech ass et normal dass bei deenen themen eng kathoulesch kierch sech anmescht (verständlech ok. - just oft wahrheitsverzerrend -wi z.b den beschofsbreif mam aklobaren recht...)

    mee den vatikan mecht mi en beist spill - gett sech fortschrettlech an léif mee behellt sech awa mettelalterlech...an mecht sech an

    AntwortenLöschen
  5. Den Term "aklobar" war wirklech e bese schlecht gewielt. Ech a sénger Plaatz hätt vun engem Quasi-Recht gechwaat wann d'Konditiounen erfëllt sinn. Mais am Fong geholl ass daat jo ëppes Ähnleches. A onse Exzellenz ass nun jo och kéen Jurist....

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...