Samstag, 6. Dezember 2008

Den Vatikan ass géint d' Entkriminaliséierung vun der Homsexualitéit !!!


Bonjour Moyen-Age !!!
Den Vatikan an sain illusteren Chef den Papa-Ratzi sin géint d'Entkriminaliséierung vun der Homosexualitéit an sämtlechen Länner vun der Welt!



Eng Resolutioun vun Frankreich virun der Uno, fir d' Homosexualitéit an allen Länner ze entkriminaliséieren gouf vum vatikaneschen Embassadeur bei der Uno oofgelehnt!
Haut waren zu Roum am Vatikan Protester fir géint dëssen naisten absolut kranken Coup vun der kathouleger Kierch ze demonstréieren.
Ech fannen dat Virgoen enorm pervers. D' Kathouleg Kierch an insbesondere den Här Ratzinger, den Ober(p)aaf vun Roum behaapten emmer erem hier Institutioun giff sech moderniséieren an waer zukunfsorientéiert. Mee desst Virgoen bewéist wou d' Kathouleg Kierch an hier politesch Féierung wierklech drun ass.... am déifsten Mëttelalter!!!
Virun ronn 10 Méint hat den Poopst schon eng ähnlech Haasgranat gezunn andeems en behaapt haat, Homosexualitéit wier eng Krankheet...kéint awer deemnowéi geheelt gin.
Mir bleiwwt emmer erem den Otem weg wann ech di homophob Statements aus dem Vatikan heieren.... ech sin wieklech schockeiert an sproochlos! Et ass einfach en Skandal!

Weider Infos:
http://de.news.yahoo.com/2/20081206/tpl-protest-auf-petersplatz-gegen-papst-ee974b3.html
http://de.news.yahoo.com/1/20081206/tpl-demonstration-gegen-die-homosexuelle-cfb2994.html

5 Kommentare:

  1. Wat huet de Popscht an der UN verluer?

    AntwortenLöschen
  2. dat fron ech mech och emmer erem...wi kann een sou en homophob, fraenverächtend an dat ondemokrateschtesn Land vun allen iwwerhapt unerkennen...just den Dalai Lama gett na mei ondemokrateg gewielt wéi den Poopst...duerch Wiedergebuert:D

    AntwortenLöschen
  3. Jo, froen mech daat och: souwäit ech weess as de Vatikan aus der UN ausgetrueden.

    Homosexualiteit as weider ganz doll schlemm, och wann zwee oder mei erwuesse Männer/zwou oder mei erwuesse Fraen sech mat vollem Averständnis vum jeweils aneren sech physesch mei no kommen - mee d'Paafen sen awer weider monter mat de Kanner umgaangen: a kreien dobäi dann nach den "Himmel" garanteiert.

    AntwortenLöschen
  4. d' Kanner verféieren se...an et ass nächstenleift... ... ...

    AntwortenLöschen
  5. Den Vatikan ass zwar aus der UN ausgetrueden, den hellegen Stull awer net. An well den Popst um hellegen Stull setzt, huet hien eng Beobachterpositioun an der UN.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...