Donnerstag, 18. Dezember 2008

Leder Lack Latex und ein Kruzifix


18. Dezember 2008 10:52 : D' Madame Stein-Mergen vun der CSV trëtt virun d' Chamber an wettert géint jiddereen deen en perséinlechen Choix wëll.

Passend dozou ass sie an hierem üblechen Domina-Look opgetrueden (deen ech respektéieren) mee fir den Vote ze beaflossen huet sie op göttlech Symboler zereckgegraff " En schéinen gëllenen Kruzifix, réng nom Motto "The Power of Christ Compells You."

D'Fro bléiwwt natierlech wat reliéis Symboler an der Chamber verluer hun...

7 Kommentare:

  1. Reliéis Symboler gehéieren nun emol zu onser Gesellschaft, an ergo och - oder grad - an d'Chamber.

    AntwortenLöschen
  2. su lang mer keng trennung vun kierch a staat hun ... dat ass awa en anert thema

    AntwortenLöschen
  3. Virwaat sollt eng Trennung da gudd sinn? Méng Kanner si weder gedäft, nach sinn ech sélwer Member vum Katholizismus, an trotzdem hunn ech den Manoppello Schleier dohéem hänkem, hu mir viru Kurzem mäin éischte Rousekranz gelécht (vu que dass ech éen super-interessant Buch - waat op Spiegel-Online geluewt gouf - iwwert et Rousekranzgebiet verschlongen haat; kéng Theorie ouni Praxis!), an hunn schon seit Joëren, niewend Tonnen aanere Bicher vun all Bord, och de kathoulesche Katéchismus a méngem (öffentleche) Büro stoen. An daat Alles hëlleft mir beim Dengscht un der Allgeménghéet...

    AntwortenLöschen
  4. jo dat ass och ganz éierbar - wi ass den numm vun deem Buch wat der um Spiegel fonnt huet - giff mech interesseieren mer eng rezensioun dovun ze liersen? oder fennt een dat nach um Spiegel Online Portal?

    nee ech fannen dat éierbar - dat ass e scheint beispill dass reliösitéit an spiritualitéit gudd am privaten bereich funktionnéieren - ech fannen besonneg an der schoul sollten ma den kanner 1 cours gin matt werter(an natierlech sollten se do och chreschtlech werter an aaner religiounen gesin, mee och philosophesch texter etc)

    an dann natierlech fannen ech di konventiounen iwwerdriwwen - fannen do fléiss t zevill geld hin an hier - dat misst een mi transparent an demokrateg man ...

    AntwortenLöschen
  5. Et handelt sech em "Heiliges Land" vum Paul Badde. A fir d'Rezensioun kann Iech och gehollef gin :
    http://www.spiegel.de/kultur/literatur/0,1518,576241,00.html
    Ären Här Opus D

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...