Freitag, 19. Dezember 2008

Tränen Lügen (nicht) ?



Groussen Zinéma geschter an der Chamber.
Fakt ass dass den Stierfhellëf-Dossier endlech duerchkomm ass mam zweeten Vote - mee dass dess Débatt giff rem zu enger Stärstonn vum Krautmaart-Cabaret giff gin hat schon deen een oder aaneren geahnt...



Den gréissten Coup ass awer dem Jean-Claude Juncker gelongen. No sämtlechen Riederen huet onsen Staatsminister(ouni deeen sëcherlech Lëtzebuerg an enger Urspalter giff verschwannen) d' Wuert ergraff. Virdrun haten vill Riedner matt hieren Argumenten Reklamm gemeet, enner aanerem konnt een och en explodéierenden Här Bodry gesin an eng emotional réierend Nancy Kaemp-Arent déi nachmol hieren Vote confirméiert huet, trotz Drock vun sénger Partei.

Mee onsen Staatsminister huet jo seng bekanntlech Formel di emmer an aussichtslosen respektiv dramateschen Situatiounen zum Virschein kennt: den HEULSUSE-SYNDROM.
Et ass net déi éischten Kéier dass hien, wann an der Zwickmühle, séng Schauspillereg Kenntnisser enner Beweis stëllt, an wéist dass och en Staatsminister kann Tréinen vergéissen.
Villeicht geht et duer vir en Oscar ? Op main blog packt en et op alle Fall...
Komesch just dass vill hannert den Kulissen rumouert gëtt dass daat net dem JCJ séng offiziell Meenung zu deem Thema ass...

Den Tränenausbroch op RTL.LU:
http://streaming.newmedia.lu/media/_rhozet/juncker_chamber_181208_768K.wmv

PS:
Wär et net ubruecht an Zukunft Alkohol's Kontrollen virun der Chamber ze man? Just eng Iwwerlehung...
***"Satire darf alles" Tucholsky, Kurt

10 Kommentare:

  1. An daat doe fannt Dir wahrscheinlech och nach witzeg!
    Eischtens: virwaat soll éen bei déem Thema nët eng offiziell an éeng diametral opposéiert privat Méenung können hunn? Mir géet et genée esou. Privat sin ech dervir, well ECH ka jo domadder emgoen, mais offiziell sin ech dergéint, well ech déenen aaneren nët domadder trauen! Also! Wou ass dann do e Problem?
    Zwéetens: Et ass bëlleg fir de Spunnes matt Drogegewunnechten vun aaneren ze maachen. Jiddferéen soll sech do léiwer fir d'éischt selwer un d'Nues paaken. Ech kene kéen, déen nët och selwer seng perséinlech "Drog" (au sens très, très large....) huet, déi hien brauch!
    Nastrowje!

    AntwortenLöschen
  2. Ech muss mengem virrëschte Kommentator widderspriechen. Ech fannen deen Artikel hei weist genau de richtegen Zynismus un, dee bei sou eppes ubruecht ass.
    Wat ech mech froen ass, wéi large een dann muss Drog définéiren, fir dass jiddfereen der hëllt. Mee dorëmser geet et jo heu guer net. Een Deputéierten huet, genau sou wéi all aneren Mënsch och a vläit souguer méi, seng Arbëscht serieux an net alkoholiséiert ze maachen. An ech fannen et duerchaus ubruecht Politiker ze kritiséiren, déi dat net maachen.

    AntwortenLöschen
  3. Ech verstin guer net firwaat dir him elo ennerstellt alkoholiseiert ze sin? Huet der een Beweis, Alkoholtest waat wees ech... Ass dach Blödsinn einfach esou Saachen ant welt ze geheien... et kann jo gezielt gin waat well mee een Beweis ass daat eeben nach emmer net.
    Ob en elo schauspielerech Kenscht obbleien geloss huet kann een jo och net wessen, haptsaach an sengen Aan as dass en iwerzeechend eriwer komm ass...
    Aer ganz Diskussionenen emmer sin net objecktif mee grausam subjektif an vun iergendenger Meenung agehol an daat ass keen eierlechen Journalismus, wou nemmen Fakten ob den Desch geluecht sollen gin

    AntwortenLöschen
  4. Genau!
    Dofir froen ech mech, op eng Persoun déi zu esou Methoden tendéiert, wierklech op et Lëscht vun énger Partei hei am Zentrum gehéiert, déi no der Regierungsverantwortung lechzt?

    AntwortenLöschen
  5. Ech hunn den Video gekuckt an geduercht, deen schwätzt sech elo fir d'Stierwhellef aus. Well genau esou huet et bis de leschten Moment geklongen, fir mech.

    AntwortenLöschen
  6. Perséinlech fir sech ass hien och wahrscheinlech dervir. Mais Gesamtgesellschaftlech traut hien der Saach net, an aus gudde Grënn! Mäin uréegensten Clivage ass éen Ähnlechen....

    AntwortenLöschen
  7. Leiwen Här/Mme Opus D

    -Main Blog ass emmer matt enger prise zynismus an satire ze verstoen...

    - Fakt ass dass den Här Juncker(deen ech net verdaiwelen mee fir vill vun sengen Errungenschaften an Beméihungen an Europa schätzen) op en Chamberriednerpult geet an ufaenkt matt kraischen an daat fannen ech engem Staatschef net würdeg mee enorm
    paafeg... Hien huet schon puermol dëssen Publicity Stunt bruecht an ech fannnen dat schued...
    *witzeg* hun ech et net fonnt mee liicht burlesk an drôleg bessi freak-show ähnlech - nodeem firdrun all d RierdnerInnen (vun allen couleurs!!) schon sech versöhnt haaten koum hien an mecht deen Zinéma...pardon dat fannen ech einfach grotesque...

    - Här/Mme Opus D.
    "lechzen" no Regierung ass och en grousst wuert.. am géigensaatz zu deem wats du mengs/oder am Feierkrop steet stinn mir net matt der vaseline's tube hannert der csv oder aaeren parteien... sws ass et naischt schlemmes no muecht ze streben...et ass just dat wat een doraus mecht wat negativ respektiv schlecht kann ausgoen... wann een als politeg partei net no muecht strebt an onsem demokrategen system dann ass een och iergendwei falsch verbonnen...

    Zu der Nominatioun op ménger Lëscht...also als jonken daerf een dach wuel nach séng meenung riicht eraus soen :) bei den wahlen ass et jo wéi bei deem wat ma geschter an der chamber geschwat hun...et geht em en choix dir musst mech jo net wielen ;)

    @ Anonyom:
    kloer ass et subjektiv... ech sin jo och keen journalist an sin deem net verpflicht mee en blogger matt mengen eegenen Vuen an op dessem thema gett et keng objektiviteit well jiddereen seng maske ophuet an seng meenung huet.


    Zum Alkoholtest:
    wi ech den debat suiveiert hun stoung ech am kontakt matt jonken an eeleren politk-interesseierten leit di all dessen gedanken haten wi se den juncker gesin hun...

    wann der main artikel gelies huet hun ech jo och op den Cabaret-ähnlech Zoustänn verwissen an der chambre...an dat ass nunmol oft den fall do dass een mengt et waer een do an enger spillschoul...

    Mee lo mol seriö (dei di mech kennen wessen dass ech en enorm zyneschen an sarkastegen Zeitgenoss sin):
    geet et am endefekt net einfach nemmen drem den lait en choix ze gin? an ass dat net eppes wat jidder demokrat hai am land kann ennerschreiwen...den lait en choix ze loosen...?

    (Dir huet mer awa allebeid den uraitz gin dass ech vlait sollt ennert den Artikel eng kleng Randnotize schréiwwen dass et sech och stelleweis em Satire handelt? - wi wär et mam Tucholsky Zitat "Satire darf alles..." ? )
    An deem Sënn merci fir är Bäitreeg an den faarwegen Débat - als gréngen huet een naischt léiwer wéi animéiert Disskussiounen - an deem Senn frehen ech mech iwwert är wéider Baitreeg well soss breicht jo keen mensch mi je eppes ze schreiwwen wann ma alleguerten giffen mam kapp nicken :)

    AntwortenLöschen
  8. Ech hunn dem Här Juncker säin Optrieden onméiglech fonnt. Insgesamt ass 'Debatt vun allen Deputéierten - den Här Jaerling vläit ausgeholl - op engem héigen Niveau gefouert ginn, bis den Här Juncker gemengt huet, hien misst elo och nach eng Wäissheet komme loossen. Als éischt déi Juncker-typesch Selbstverherrleschung, ouni hien wier et dat Gesetz nie ginn, dann säin übleche Relativismus: Aussogehalt gläich null. Seng Emotiounen hunn ech am Fong harmlos fonnt, aanerer hunn och gekrasch. Mee absolut onméiglech war deen Zoustand, an deems e sech do präsentéiert huet. Ech wees net, op e voll war, oder op dat Optrieden an dee Schwätzstil eng aner Ursach hat. Fakt ass, normalerweis schwätzt en dach wesentlech méi kloer a kohärent. Opjidferfall, wann een a sengem Zoustand no souenger eeschter Debatt, dann iegendeppes laberen geet, just fir dat lescht Wuert ze hunn, dann ass dat engem Parlament an engem Premierminister méi wéi onwürdeg.

    AntwortenLöschen
  9. Schocky gin der Recht - hun sain Optrieden net engem Premier würdeg fonnt
    heen ass dach usëch en gudden Riedner
    ass schued dass hien sech net un di gudd Reden vun fridrun unkneppen konnt...

    hun dat och egozentreg fonnt wi den Manuel sot "ouni mech wär et dat net gin" - hien ass jo awa net den Roi-Soleil :)

    also ech well net soen dass hien voll war mee ech hun fonnt vlait war hien an schlechter verfassung - su kennen ech en net su komesch ze schwetzen

    AntwortenLöschen
  10. Merci fir är Präzisiounen. Un "Satire" hätt ech bei ärem Blog nun awer wierklech nie geduecht ;-)
    D'Ginn also och Grénger déi laache kënnen an zynesch sinn! Interessant. D'Léiert éen halt nie aus....

    Néen! Muecht ass néischt Schlechtes u sech. Ech fannen déi gréng, rout, asw, nëmmen ëmmer besser an der Oppositioun a fannen dass sie do vill méi bewierken. Och wann déi "Aaner" sech da matt hiere Fiederen schmücken.....

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...