Dienstag, 20. Januar 2009

LSAP Europalëscht - En motzenden Gorilla féiert di Roud un...

Juppi endlech ass se do - di matt Spannung erwarten LSAP Europalëscht. (dat nënnt een wuel Ironie^^) Vir all déi di just wëllen en Resumé liersen, kennen no dem nächsten Saatz ophaalen: Keen Jonken, keng Paritéit an en fetten Lobbyist. Eddi, bis eng aaner Kéier! 

Sou, fir all déi di wellen wessen wisou ech den Robert Goebbels en fetten Lobbyist nennen déi sin hai richteg: N.B Ech wëll awa an dëssem Blogpost just iwwert den Leithammel vun dësser Lëscht schwetzen an net iwwert di aaner Kandidaten, well ech eierlech net gudd genuch iwwert si informéiert sin, ausser villeicht den Rene Kollwelter an de Jos Scheuer vun Iechternoch. (An den LSAP Site huet d' Lëscht och na net online...)

Ugefouert gin di Roud also ërem vum Robert Goebbels. Wisou mech dat empört, wonnert an beonrouegt schreiwwen hai:

- De Robbert Goebbels ass een relativ emstriddenen MEP. Séng peinlëchst Momenter wéll ech kuerz hai opzeiel:
Méifach krut hien schon den Virworf gemach en hätt en relativ oppent Ouer fir gewëss Lobbyisten - besonneg déi vun der Chemiekalien, Pestiziden an Genfood Industrie. 
- 2006 bei der REACH Ofstëmmung, huet hien sech déi Chemikaliendirective net vun Experten aus dem Gesondheets an Emweltbereich erklären geloos, mee vun Dupont de Nemours, op Invitatioun vun sénger dach oft "Oofstëmmungskomplizin" dem Astrid Lulling.
- Och Atomkraft ass laut dem Robert Goebbels eng absolut sécher an nohalteg Energiequell, ech huelen un am léiwsten giff hien séch an  Cherenkov-bloelzeg-strahlendem Reakterwaaser bueden fir den Géigendeel ze beweisen. Anscheinend schéngt den Här Goebbels den Fall Remerschen na emmer net verdaut ze hun an sait deem  motzt hien relativ gär op den Energiefroen, besonneg wann een Gréngen am Raum ass.
- 2008: Jugendkonvent iwwer Emweltthemen:
Den Robert Goebbels vertéidegt Genmanipulatioun an graifft dobai op di gudd aal klasseg Monsanto Märechersargumenter zereck " Natur mecht sait eh und je Genmanipulatioun, sou léissen ma den Honger an der Welt etc..." Op Nofro vun Jonken wees hien just ze äntwerten : Ech hun naischt matt Monsanto um Hut ... majo dann. Speider um selweschten Jugendkonvent gëtt den Här Goebbels konfrontéiert wisou hien dann aaner Vue'en haett wi den Letzebuerger Emweltminister an Parteikolleg Lux - doropps den Här Goebbels "Mir huet keen eng Meenung virzeschreiwen, ech sin Europadeputeierten ech hun meng eegen Meenung an net di vun menger Partei".
- Seng éegen Meenung huet hien d' läscht Woch rem enner Beweis gestalt... Als eenzegen Letzebuerger an mat JUST ENGEM aaneren Sozialdemokrat zesummen (!!) ennerstëtzt hien di nai Pestizidenveruerdnung net! Hien behapt herno schäinhelleg en hätt sech net kennen genuch anbrengen ... réng nom Motto : Der rote Genosse, Lobbyist der Chemiebosse
By the Way ass hien een vun deenen di zu Letzebuerg am meeschten den Klimawandel a Fro stellen, an gouf vun menger Organisatioun läscht Joer zum Klima-Clown ernannt :)
- Aaner Lusch Oofstëmmungen vum Här Goebbels: Hien ass géint den Verbuet vum Stéierkampf, an den illegalen Hondskämpf - Déiereschutzveruerdnungen schéngen oft net bis an sain Buro duerchzekommen... 
- Allem an allem huet hien dach relativ komesch Vue'en di séng Partei zu Letzebuerg esou net vertrett. Dass d LSAP och do naischt ennerhëllt fannen ech bessi komesch.... déi Grënn fennt een dann och wuel just bei der LSAP wu héchstwahrscheinlech Europa an der Gleichgültegkeet versénkt oder einfach keen sech méi fir den Här Goebbels interesséiert an sie hiren motzenden Gorilla léiwer zu Bréissel an der Rue Wiertz, wi um Krautmarkt setzen hun.

* Cherenkov-Lucht ass eng bloelzech Lucht di entsteht an engem Reaktor wärend der Kernspalte wann Elektronen séier duercht d Waaser geleed gin cf. http://de.wikipedia.org/wiki/Tscherenkow-Licht

Good Night, and Good Luck !

9 Kommentare:

  1. LSAP - d'Letzebuerger Sténkerten- an Affekotenpartei ...

    AntwortenLöschen
  2. Wer wer hat uns verraten?
    Die Sozialdemokraten!
    An Daitschland ruffen se dann iwregens emmer nach: "Wer war mit dabei?" - d'Äntwert dierft bekannt sinn, well Lobbyismus schengt, wéi Diäten, eppes ze sinn, waat parteiiwergraifend wierkt.
    Daat mescht dain Punkt/Posting awer net méi falsch.

    AntwortenLöschen
  3. merci dir zwee:

    @ Sven : bescheiden wie immer :D

    @ joel: jo stemmt - leider ass den goebbels wieklech en fall fir sech... wann een all seng oofstemmungen sech ukuckt dann kennt een net aus dem staunen eraus... besonneg deierenschutz, artenschutz an emweltpolitik ass hien wieklech schon en Dr. Mabuse...

    AntwortenLöschen
  4. bon. ech kennen och vill Lait an der LSAP déi suguer sech géint de Goebbels stellen

    AntwortenLöschen
  5. Jo ech froen mech insgesamt, wisou se um Här Goebbels festhaalen. Seng Politik steet deem, wat d'SPE am EU-Parlament schafft dach zimlech konträr géigeniwwer. An zum Deel mengen ech och hirem Wahlprogramm hei zu Letzebuerg. Dat muss ech mer bei Gelegenheet emol méi genau ukucken :)

    AntwortenLöschen
  6. Am Feierkrop steet, de Goebbels wier géint de Reglement zum Spetzekandidat gemat ginn.

    AntwortenLöschen
  7. Een deen un de groussen onverreckelbaaren grénge Wourechten zweifelt, kann jo och nëmmen ee Lobbyist, daat heescht kaaft sin, oder verrëckt... Et ka jo wierklech nët sinn, dass den Goebbels aus eegener Iwwerleeung eraus op sou "komesch Vue'en" kommen kéint a no sëngem eegenen Gewessen ofstemmt.

    AntwortenLöschen
  8. Ett ass wei zenter Joerzengten,dei Paiffen dei zu Lezebuerg net mei tragbar sin gin an Europa gescheckt,waat dem Bild vun eisem Land secherlech net zegutt kennt!
    Een aalen jongsozi de frouh ass datt hien net an Pappenpartei agetrueden ass ,och wann se ongefroot nach Joeren lang hier "Propaganda"zuschecken:-)

    AntwortenLöschen
  9. fir den NESTOR:

    naja... beim goebbels sengen oofstemmungen ass et awa relativ kloer - et ass jo och gewosst mat wiem hien mettes am EP emmer sech fir ziessen inviteieren leisst

    stemmen dem artikel zou!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...