Sonntag, 25. Januar 2009

Marc Glesener Plädoyer fir Schwarz-Gréng?


Als Gréngen huet een et bekanntlëch schweier et ant d' Lëtzebuerger Wort ze packen. Speitestens sait der Stierfhellef-Debatte kann een vun enger Gasperescher-Ignore-Kampagne schwetzen. ( mee dat ass eng aaner Geschicht )
Emsou méih war ech iwwert dem Marc Glesener sain Artikel erstaunt, iwwert den Daitschen Gréngen hieren Europa Kongress zu Dortmund.  


Op dëssem Kongress gouf wei gesot di gréng Europalëscht gewielt - an ech gratuléieren vun dësser Platz aus insbesondere  2 jonken gréngen Kollegen, dem Ska Keller (Landesvorsitzende Grüne Brandenburg) an dem Jan-Philipp Albrecht(Sprecher Grüne Jugend) dass sie et opt d' Lëscht gepackt hun!
Als Gaaschtriedner awer, war den Jean-Claude Juncker invitéiert - jo, dir héiert richteg onsen JCJ-National! De Marc Glesener vum Wort huet aus dessem normalen Gaaschtoptrëtt eng Jean-Claude-Himmel-Descente gemaach, an titelt "Jean Claude Juncker - der neue Botschafter der Grünen" Hien behaapt ..Was haben deutsche Christdemokraten und Grüne gemeinsam? Sie mögen Jean-Claude Juncker...  Weider den M. Glesener: Die Delegierten klatschten eifrig Beifall, denn was der Gastredner sagte, scheint in den grünen New Deal zu passen ... 

Den Artikel mecht mir iergendwéi Kappzerbriechen. Iergendwéi sin ech mer net secher wat den Här Glesener ons wëll soen: Teschend den Zéilen liersen ech e bessen den Message wi wann Grénger (op et Letzebuerger, Daitscher oder egal vun wou) giffen den JCJ brauchen als spirituellen Virdenker an Botschafter ? Dësst ass natierlech décken Mumpitz insbesondere wann een kuckt wéivill eng CSV bereed ass sech fir wieklech ambitiéis Klimazieler anzesetzen... 
Een aaneren méi verstoppten Message, deen awa na méi stutzeg mecht keint dëssen sin: Mecht den Marc Glesener hai eng Allusioun respektiv en Plädoyer fir Schwarz-Gréng ? Präisst hien net geradezou eng Hochzeit tëschend den Schwarzen an Gréngen an ganz Europa ? 
Wëll ech eierlech gesot dem Marc Glesener sain Artikel net verstinn bieden ech hai em Rod :)

Just nach zum M. Glesener sénger Behaaptung di Gréng giffen di Schwarz su dringend brauchen an een Schwarzen giff den Gréngen New Deal réicht su richtëg komplétéieren: Den Daag nom JCJ sénger Ried zu Dortmund huet di gréng Europadéputéiert Harms (an Spetzenkandidatin) an hierer Ried gesot et giff nix schlemmeres gin zu Bréissel wéi d' Astrid Lulling... :D
An och an den daitschen gréngen Blogs, Twitter an Facebookstauts'en vum BDK war alles aaneres wi "stehende Ovationen" ze liersen. Villméih hun sech meng daitsch gréng KollegenInnen driwwer opgereegt wisou iwwerhapt op engem BDK en konservativen Regierungschef schwetzt...Souvill dozou Marc... an trotzdem merci fir d' Attentioun!(Schliesslech war sain Artikel vill méi lang wei di kléng Randnotiz iwwert den CSV Kongress zu Moutfort...) Strange Times we Live in ... :) 
Goodnight, and Good Luck!

Wortartikel:
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/06118/juncker-der-neue-botschafter-der-gruenen.php

2 Kommentare:

  1. De Grond, wisou de Jean-Claude invitéiert war, ass säin Asatz fir d'Europäech Unioun, als en europäesche Spetzepolitiker, dee sech fir e staarkt Europa asätzt. Dat huet awer näischt mam JCJ perséinlech ze dinn, mee éischter eppes mat der Natur vu Letzebuerg. Als klengt Land hu mer Interet un engem supranationalen Europa a net un engem Europa, dat vunn den Interesse vun de grousse Nationalstaaten dominéiert ass.

    Et ass a mengen Aen dobäi manner em 'green Deal' gaang a méi em d'europäesch Integratioun.

    Mee wisou kennt de Juncker iwwerhapt am Ausland sou gutt un? Menger Meenung no, well en einfach dat erzielt, wat d'Leit héieren wellen. Hien ass e groussen Theaterspiller.

    Dovun ofgesinn, muss een em awer gutt haalen, dass en am Verglach mat aneren europäesche Konservativen awer en Tick manner schlemm ass. Am Verglach mam Merkel ass e scho bal Kommunist, wann een et zouspetze well. :)

    AntwortenLöschen
  2. denken de Claude Turmes huet déi richteg Wierder fonnt: de JCJ ass e gudde Riedner well en et fäerdeg bréngt d'Leit emotional ze beréieren, mee wat d'Zukunft vun der EU ugeet, do huet en einfach keng Visiounen.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...