Freitag, 2. Januar 2009

Verfassungsännerung : Referendumstrupp hieren Communiqué

Hallo alleguerten! Eischten Post fir d'nait Joer - do bléiwwt mer just na iwwereg ierch en schéint nait Joer ze wënschen! 
Ufänken wollt ech dësst Joer matt engem Communiqué vum Biergercomité-Pesché.
Puer Saachen wollt ech do unmierken:
- Wann een en Communiqué schraifft sollt een en puermol iwwerliersen an propéieren en net am Lëtzebuerger-am-Karstadt-DAITSCH ze schréiwwen, mee op Hou-Daitsch.
- Ze behaapten et waer een net politeg andeems een e Comité fir eng Verfassungsännerung mecht ass schon relativ abenteuerlech ...
- "Tierschutz" wtf ? Mengen et wier besser gewiergt di Lait aus dem Biergercomité hätten eng Party Scrabble gespillt dat waer secherlech mi konstruktiv ...
(PS: op RTL.lu war den Titel vum Communiqué wann een sech en als Word.Doc erofgezunn huet als "ARGH.doc" ze gesin - en Zeechen dofir dass um RTL wuel méi wi een Journalist den Kapp gerësselt huet ...)

Pressemitteilung 01.01.2009

Das Initiativkomitee für ein Referendum zur Neufassung von Artikel 34 der Verfassung bedauert, dass eine Signatarin seines Briefes gemäss Artikel 3 des Gesetzes über das nationale Referendum sich mittlerweile zurückgezogen hat. Im jetzigen Stadium der gesetzlichen Prozedur ist die Zusammensetzung des Komitees aber nicht mehr von rechtlicher Bedeutung. Das Initativkomitee betont vielmehr, dass es bereit ist weitere Mitglieder aufzunehmen die bereit sind, sein Anliegen zu unterstützen.  Im Sinne einer grösstmöglichen Transparenz, möchte das Initiativkomitee seinen Brief vom 22. Dezember 2008 veröffentlichen (siehe Anhang). In diesem Schreiben wurde ausdrücklich betont, dass das Komitee sich für ein Referendum über eine eventuelle Neufassung des Artikels 34 der Verfassung einsetzt. Andere tagespolitische Themen wurden nicht erwähnt.Aufgund der geäusserten Kritik stellt das Initiativkomite ebenfalls klar, dass Fragen des Tierschutzes nicht in seinen Zuständigkeitsbereich fallen.

Für das Initiativkomitee

Jeannot Pesché 9 – Rue des Jardins L – 4591 Differdingen



7 Kommentare:

  1. Ok, den Communiqué as jo wierklech zimlech schräg ... Waat huet dei Verfaassungsännerung mat Deireschutz ze din dat sie daat erwähnen?
    Vläit hun dei Leit einfa Problemer ... A woren zousätzlech schweierst drogeiert wei se desen Kauderwelsch verfaasst hun. An hun dobäi nach geschloof an Albdreem gehaat.

    AntwortenLöschen
  2. klengt jo schon bal no engem Michael Lynch film ^_^

    AntwortenLöschen
  3. Et hätt nemmen nach gefehlt :

    P.S. Wir sind gegen den Klimawandel. :D

    Total Mellerten.

    AntwortenLöschen
  4. lol, wat ass dat do mir eng Comedy-Trupp ... um Déckkäpp-Niveau natiirlech!

    AntwortenLöschen
  5. mir huet den RTL Interview Samstes owes na am beschten gefall

    Pesche" Finanzkrise, Verfassungskrise...et kennt op eng net mi un" :D
    WOW!

    AntwortenLöschen
  6. Ma wat et mam Déierenschutz op sech huet huet ee jo um RTL gesinn, déi Madame (ech weess den Numm net méi an sinn ze liddereg en lo no ze sichen), ass eng déi sech fir Déieren asetzt, an ënnert deenen aneren 4 vun deem Comité ass och nach e Jeeër. An d'Fra sot dass wann si dat gewosst hätt, hätt se och net mat ënnerschriwwen.
    Frot mech lo net wat dat mat Verfassungsännerung oder ähnlechem ze dinn huet, mee ass esou :)

    Ech hat virun enger Woch ongeféier e Link kritt vun engem wou den Här Pesché e Kommentar geschriwwen hat, op Franséisch. Majo dann soen ech do nëmmen ...

    AntwortenLöschen
  7. Serieux, ass et méiglech sech méi lächerlech ze man, wéi déi Haulien do?

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...