Donnerstag, 5. Februar 2009

Den schwéieren Emgang matt der NS-Zait an Neonazis an Daitschland

Am Moment gëtt an Daitschland erem ganz vill iwwert d NS-Zait an den Holocaust geschwat.
Dem Popst séng Entscheedungen, den Joeresdaag vun der Befreiung vun Auschwitz, en schlechten Hollywoodfilm mam Tom Cruise, an virun allem eng historesch Revue déi Zeitungen aus der NS Zait nodréckt.

Et gëtt also erem hëtzeg diskutéiert an Daitschland, an wéi sou oft gin hai erem duebel-tripel jo suguer quadrupel Standard'en gebraucht.

Engersaits den Hollywoodfilm vum Bryan Singer "Valkyrie". Hai gëtt den mettlerweilen naien Idol vum daitschen Widderstand Graf Schenk Stauffenberg frenetesch an onkritesch gefeiert. Et ass ze notéieren dass den Trend an den Filmer iwwert Daitscher am Zweeten Weltkrich eng nai Dimensioun areescht huet. An der Nokrichzait bis an d' 80er Joeren ran waren di Daitsch an den Filmer Täter, blutrünsteg kannerfriessend perverser emmer matt schmocken Uniformen an zackegem Schrett. Ab den 90'en gouff dorauser en Opfervollek, schéin ze gesin an den Filmer iwwer Dresden, d Ostverdréiwwung duerch d' roud Arméi an och iwwert d' Leed vun den Fraen beim Amarsch vun der Sowjet-Arméi (Iwwert Daitsch "Siedlungspolitik" an d Verdreiwwung an Genoziden hannert den Frontlinnen am Osten an den Massenvergewaltegungen duerch Daitsch Zaldoten gett am Endeffekt wéineg bis guernet geschwat). An Haut, geet den Trend an eng aaner Richtung: Di éischt Kéier gin Daitscher als Helden duergestallt...

Et gouffen sécherlech vun all deenen 3 Zorten Lait an NS-Daitschland, mee wann een sech onkrittesch matt egal wéi engem vun deenen 3 ausernaanersetzt dann kréeiert een grouss Problemer: Zum Stauffenberg. Den Stauffenberg huet Mériter (den 20. Juli, den Versuch eppes ze man) mee huet awa och séng negativ Saiten. Och wann een keen NSDAP Member war, war hien awa an der Deutsch-Konservativer Partei, deenen hier Programmer net manner anti-semitesch waren an dei och d Ermächtegungsgesetz matgestemmt hun. Hien selwer huet wärend dem Polen-Feldzuch behaapt "Polen ist voller Gesindel: Armen, Bettler und Juden...".
Et soll een sech also och bewosst sin dass den Stauffenberg net grad en Demokrat war an och sain Putsch nët wéinst dem industriell-organiseierten Muerd vun Milliounen vun Juden Aneschtdenkenden ennerholl huet. (ledeglech den Henning von Tresckow, een vun den "Mitverschwörer" hat d' SS-Einsatzgruppen beim Genozid un galizegen Juden gesinn an wollt doroppshin den Hitler stierzen...

Op daer aanerer Sait awa, schéngt et bei villen Daitschen ganz verpöhnt ze sin wann een sech wëll geschichtlech matt der NS Zait ausenaanersetzen. Sou matt der geschichtler Revue "Zeitungszeugen". Dess Zeitung publizeiert Nodréck vun bekannten Zeitungen wärend der NS-Zait. Winst Urheberrechter vum "Völkischer Beobachter" (der NSDAP Dageszeitung) di beim Bayreschen Finanzministerium laien, an dem Virworf eng geschichtlech opgearbescht Zeitung giff NS-Gedankengut verbreeden gouff dëss äusserst interessant Initiativ elo zenséiert, obwuel enneraanerem een vun den bekanntesten an beschten daitschen Historiker zu dëssem Thema, den Hans Mommsen um Projet matgewierkt huet.

Genau daat ass en gefeierlechen an dramateschen Dilemma.. Engersaits erlaabt een sech geschichtlech onkritesch Hallefwouerreschten ant d Welt ze setzen an se als grouss Dramen ze verkafen wi z.B den Valkyrie Film an Geschichtssendungen rond em den ZDF-"Historiker" Guido Knopp, an aanerersaits verbidd een den eenzeg richtegen Emgang matt den Nazijoeren, an zwar deen vun Historiker opgearbeachten Emgang matt Originaldokumenter aus der NS-Zait. Dozou soen d Historiker déi bei dem Projet Zeitungszeugen matgemach hun:


„ Aufklärung über die Verbrechen des Nationalsozialismus und die Voraussetzungen für diese Bewegung ist ohne fundierte Analyse der Original-Dokumente nicht möglich. […] Dies[es Verbot] ist ein höchst ungeschickterBeitrag zur Mystifizierung und Überhöhung der NS-Propaganda.“

Frank Bajohr, Wolfgang Benz, Gerhard Botz, Barbara Distel, Hans Mommsen, Sönke Neitzel, Horst Pöttker, Gabriele Toepser-Ziegert


Interessanterweis gouffen dëss Zeitungen elo och aus den Lëtzebuerger Geschäfter erausgeholl, besonneg an den Paul-Kraus Librairien di hieren Librairen matt Fax an Telefonater ugeroden hun, dess Zeitung nemmi auszelehen.


Wann an Daitschland insbesondere CDU an CSU och um Verbot vun der NPD sou motivéiert giffen unt d Wierk goen da kéint een endlech en Verbued vun dësser Regruppéierung vun negationistegen an rietsradikalen Schergen mi no kommen. Mee leider scheiden sech op dëssem Dossier d' Geeschter, an sou huet een rem duebel, tripel an quadrupel Standards.


2 Kommentare:

  1. jo secherlech ass et net einfach fir di daitsch wanns de sait 60joeren gesot kriss du waers un allem schold....

    AntwortenLöschen
  2. ech gi souwisou kee film mam tom cruise méi kucken. deem säi club ënnerstëtzen ech net

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...