Donnerstag, 19. Februar 2009

Léiw ADR, Léiw ADR-WielerInnen

Dëssen Blogartikel wendet sech exklusiv un d' ADR WielerInnen a ADR-Memberen.(Leit déi net dem Absurden Demagogeschen Réckstännegskeetclub ugehéieren kennen natierlech gären matliersen

Léif ADRler,
Grousses huet dir viir, Regierungsbedeelegung (och wann keen wëll mat ierch regéieren), d' Gesellschaft spalten, an ärem Numm all éier gin andeems der en Referndum bei Nacht und Nebel iniziéiert... richtëg alternativ-demokrateg. En Citytunnel wëllt der bauen, och alléng, an nodeems sech schon jidder politesch Akteuren eenz sin iwwert en Tram, alternativ-demokrateg halt. Ganz illüster Lait sin an äeren Reihen, Redings, en Mann deen nach seet wat en denkt an deem seng hannerfotzeg Art a Weis, Dialogen an Optrieden oft no brongem Kaka sténken. En alternativen Demokrat also fir et fein auszedrécken. Wëll trotz ären ausslännerfeindlechen an stigmatiséierenden Dialogen an Provokatiounen huet dir et jo net gaeren an den rietsen Eck "gedréckt ze gin". Vlait huelt dir ierch zefill en Beispill un gëwessen Lait an der Kierch, déi gaeren géint Homosexueller hetzen an herno behapten se waeren awa em "Gotteswellen" net homophob. Kuckt ierch do uewen di schéin Foto mol un. Dräi schmock Hären, är Parteispetzt.
Henckes, Gibériyen, Mehlen. Die Drei. En agespillten Team. D' Hoffnung vun Lëtzebuerg, dofir maach mat, après nous le déluge. D' Hoffnung fir Lëtzebuerg ? Mat Häerz a Verstand? Léif ADRler, wéi déif sinn ma gefall, wéi schlemm sin ma drun wann ma drai sou Strolchen als Hoffnungsträger ugesin? Ass et net einfach absurd? Ass et net einfach nemmen hirnrësseg absurd? Wat stëllt dir ierch vir ? Robert Mehlen Ministre de L'Intérieur, fir dem Halsdorf séng Délais'en nach méi wait ze drécken? Jean-Jacques Yves Henckes Wirtschaftsminister an der schlemmster Wirtschaftskrise vun allen Zaiten? HALLO ??? ass nach een doheem ? Gast Gibériyen, ech widerhuelen Gast Gybériyen als Aussenminister, bei der europäescher Kommissioun nierwend Steinmeier, Miliband, Kouchner an matt bessi Chance dem Hilary oder dem russeschen Aussenminister Lavrov ? Den aalen Fréisénger Buergermeeschter am Smalltalk matt gebildeten Toppolitiker aus dem Ausland...

Léif ADRler, ass déi Virstellung net einfach nemmen absolut ABSURD!!! Dat ass dach nach honnert Mol méi absurd wéi en 76-Jähregen Kriebsiwwerlierwenden McCain matt enger reaktionärer Kreationisten-Soccermom alias Palin an eng Wahl ze schécken...
Léiw ADRler, loost ierch dach net vun Redings, Henckes, Gibériyens an wéi se all nemmen heeschen eppes virgauckelen. Déi schainbar einfach Léisungen wu den Sündenbock emmer den dommen Auslänner, Asylant oder Frontalier ass hun ons schon genuch Misär an der ganzer Welt beschaaf. Also haalt einfach matt ärem brongen Dräck opp, fir den Nico Graf ze zitéieren. (deem ech vun hai gratuléieren fir seng couragéis Carte Blanche) 

an deem Sënn, 
Good Night, and Good Luck !

21 Kommentare:

  1. Iwwert kléng Fësch soll een sech net obreegen, ausser wann se no bronger Zopp richen! schéin gesot....et ass absolut absurd!!

    AntwortenLöschen
  2. Si mol gespaant, wat dat hei nach fir Reaktiounen erzeuge wäert :)

    AntwortenLöschen
  3. fuck déi gréng an dech filsi

    AntwortenLöschen
  4. den strawdog huet also offiziell elo hellsehereg Fähegkeeten :)


    @ anoym : merci fir deng flott argumentatioun, every publicity is good publicity ;)

    AntwortenLöschen
  5. Wann ech dir och Recht ginn inhaltlech, sou ass däin Argument géint den Ex-Buergermeeschter vu Fréiseng (deen iwweregens nëmmen een 'i' am Numm huet) zimlech schwaach, well et genausou gutt op de jetzegen Ausseminister unzewende wier. Ausserdem fannen ech, dass de Gibéryen nach am meeschte politescht Format huet vun deem ganze Veräin do (wuelverstanen FORMat, ech mengen hei net dee vermëttelte Contenu).

    AntwortenLöschen
  6. @anonym: Ech fannen et lamentabel wa Leit net de Courage hunn hiren Numm ënnert hir Aussoen ze setzen. Egal wat de Contenu ass. Wien net wëll fir seng Wierder oder Akten riichtstoen soll einfach nëmmen de Bak halen!

    AntwortenLöschen
  7. Marion, jo deem kann ech mech nemmen uschléissen.

    Georges, wat den aktuellen Außeminister betrefft, denken ech awer net, dass dat zoutrefft. Ech hat desläscht d'Chance vun der Uni aus den Här Asselborn zu engem usprochsvollen außepoliteschen Thema ze interviewen, wou een elo apriori behapte kéint: 'dat kritt de Jhang net hinn...' Ma ech muss soen, hien ass sénger Aufgab méi wéi gewuess. Et ass lo natiirlech esou, dass hien no baussen eben de Jhang ass an dann net emmer den Erwaardungen, déi d'Leit un e Statsmann riichten, entsprecht. Dat ass fir mech awer kee Kritere, hien soll jo keen Theater spillen, mee Außepolitik maan.

    Philippe, ech mengen et muss ee mol guer net souwäit siche goen a si als 'brong' bezeeschnen (och wann et wuel zoutrefft). D'Gefor, déi vum ADR ausgeet, ass ganz onofhängeg vunn de politeschen Inhalter, de Fait, dass se de Leit emmer dat ze héiere ginn, wat d'Leit kuerzfristeg héiere wellen, mam eenzegen Ziel vunn der Stemmemaximéierung an der Stemmungsmaach.

    AntwortenLöschen
  8. Woubäi een muss soen, dass den Asselborn a seng Roll eragewuess ass. Am Ufank war et eng mëttel Katastroph, (en hat jo och d'Chance oder de Pech, direkt mussen eng EU-Presidence ze féieren) mee Entretemps mécht e seng Saach wierklech gutt. Dat muss een him einfach loossen. Och wann di net politesch Optrëtt heiansdo diskutabel sinn ; )

    AntwortenLöschen
  9. Och wann ech dei allgemeng meenung iwwert den ADR deelen,

    sou fannen ech dach dem Philippe sain Artikel onneideg aggresiv.

    Ech froe mech och wéisous de hinnen Gesellschaftsspaltung virwerfs? Emmerhin mess de mat dengem Krich geint dKierch dach eppes ganz ähnleches...

    Der Zweck heiligt die Mittel?

    AntwortenLöschen
  10. Dem RTL-Journalist seng Aussoen fannen ech dégoutant. Wann een well d’Land splécken, dann sin et grad esou Aussoen dei derzouen beidroen. Ech sin beileibe keen den alles vun der ADR gudd fennt, mee hei gett carrément eng demokratesch gewielten Partei verleudmet inklusive hieren Wieler, dei 10% vum Elektorat sin, an als eppes duergestallt, waat net wouer ass.
    Wann daat den Niveau ass, woumad Dei Gréng wellen an Wahlen goen, dann stellen se sech genau op dei Stuuf dei se hieren politeschen Géigner firwerfen. Et kéint een grad esou behaapten Dei Gréng wieren eng snob elitär ierwescht Biergerklass – aka Ökofaschisten, denen d’Natur mei wichteg ass wei den Mensch, an hinnen wenschen dass se mat hieren Birkenstocksandalen op enger Bananenschuel op Suckel gin. Ech denken do wieren dei concernéiert och ziemlech sauer.
    Ech froen mech wou kennt den déiwen Haass hier? Wellen dei Déi Gréng net selwer an eng Regierung? Firwaat gett do mol net mei schaarf op CSV geschoss? Schléimen doen se jiddenfalls mei wei genuch, an daat soen ech als een den fréier mol dei Partei gewielt huet, mee just nach entäuscht ass well dei Partei guer net mei Interessen vum klengen Bierger vertrett. Zenter dem Bausch um Ruder ass, schengt et wei wann et him egal wier dass den Wunnengsmarché an der Staat sou nefast évoluéiert ass. Klammheimlech kann een sech een Entstoen vun enger Rietsradikaler Organisatioun/Partei nemmen wenschen, dann wier den Image vun der ADR bei verschiddenen Kreeser een aneren. Waat dess Partei mat den 5/6 Pensiounen am privaten Sekteur errecht huet, an dobei fir mei eng sozial Gerechtegkeet geleescht huet, gett dann mol séier vergiess. An Deitschland kennt och schliesslech kaum een op d’Idee CSU als rietsextrem dohinzestellen. Dofir suergen aaner Parteien dei aaner Seit vun der Mousel. Womadden ech awer keng Parallelen mat enger aner Partei zéihen, well an all Land ass et anereschtes, an d’ADR ass hei zu Lëtzebuerg d’Partei vun der ALTERNATIV zum Mainstream-Politspektrum. Akkzeptéiert et och eemol dass et Léit gin dei sech mat aneren Parteien net (mei) identifizéiren kennen. Ech wielen d’ADR bei den nächsten Wahlen ganz secher net aus Protest – mee aus Iwerzeegung dass dest Land dei adaptéierten Reformen an Changementer brauch. Wann een sech Kandiatenleschten ukuckt kennt een zum Schluss, dass ADR Kandidaten an Kandidatinen aus allen Gesellschaftskresser an Altersklassen kommen. Dogéint setzen DP an CSV auf Altbewährtes mat enger ganzer Reih prominenten Léit – ass daat net rengen Populismus an Stemmenfang? Waat verstin scho Sportler vu Politik?
    Waat ass un der Idee vun engem Metro ennert der Stadt eigentlech schlecht? Nemmen well dei Propose vun der ‚falscher’ Partei kennt? Wieren Bausch&co net selwer Flamm an Féier fir den City-Tunnel wann et aus hieren eegen Käpp gewuess wier? Wann an dem Fall den ADR fir den Tram giff plädéiren, giff et mech net wonneren wann dann hinnen firgeworf giff gin, dass sie aus Nostalgiegrenn aus dem NS-Regime dei gudd aal Trammschinen zereckweilten.
    Rassismus gett et am Land keen, mir op jiddefall ass nach keen begéint. Een ausländerfeindlechen Sproch aus den Reihen vum ADR hun ech nach nie héiren, an wann daat sou wieren hätten se meng Stëmm och net mei. Regierungsverantwortung haaten sie nach nie, mee P. Schockweiler woumadd wells du beuertelen op hier Leit net Regierungskompetenzen hun. Eng Unfähegkeet kann een wuel nemmen denen firwerfen dei schon Verantwortung haaten siehe ons aktuell CSV/LSAP Regierung, an esou Braddeler wei den Biltgen. Woumadden awer vill Léit net d’accord sin ass daat schléichend Begruewen vun onser Sprooch: do gett een groussen Malaise wou joerenlang ignoréiert gouf, an elo – daat muss een soen – dach mol sou lues Bewegung an dei Saach kennt waat awer mei en Ruderen ass wei konkret Léisungsvirschléi.

    @manuelhuss:
    Sin Politiker net do fir dem Bierger ze dengen? Den Suergen vun den Léit soll Rechnung gedroen gin, et ass sech ze einfach gemaach daat dann als schwarz/Weisst Denken ze interpretéiren, oder wei een daat dann mam Schlagwuert Populismus bezechent. Wou kéimen mer dann hin, wann d’Léit hier Zukunftsängscht net als eescht méi opgeholl gin. Dei aaner Parteien ködern och – op hier Manéier – no Stëmmen, ech fannen daat ass an Wahlzeiten daat normalsten vun der Welt.

    AntwortenLöschen
  11. @Eiswierfel: Politiker sin absolut do fir dem Bierger ze déngen, ma se sollten awer net de Bierger Ängschten huelen mee hier Problemer léisen - an dat mecht d'ADR ganz secher net.

    AntwortenLöschen
  12. Politiker kenner roueg de Bierger ängschten huelen, mee dADR provozeiert daer dach! An deems de de Leit virgaukelt dRenten wieren net secher, dLetzebuerger Sproch wier um austierwen etc

    AntwortenLöschen
  13. @Manuel Huss: ADR mescht regelmeisseg an der Chamber op existent Problemer opmierksam, sie verbreet keng Aengscht mee hellt sech den Suergen vun den Léit un. D'Grennungsmentalitéit vun 1987 mat Léit wei Gibéryen an Mehlen ass emmer nach an der Partei vertrueden, an daat mescht och hieren succès aus. Richteg léisen kennen wuel nemmen dei wou an der Regierungsvertantwortung stin, awer och d'ADR kann daat, an dofir zechent sech hier offensiv Oppositionsroll an der Chamber aus.

    @Pol: Ons Sproch ass nach net um Ausstierwen mee nemmen nach bis weini? Daat huet absolut naischt mat Virgaucklerei ze din, mee daat gett souguer vun der Unesco gesoot.
    http://tageblatt.editpress.lu/news/117/ARTICLE/11609/2009-02-19.html
    Aner Parteien, fir mol CSV ze nennen, huelen sech der Sprochenproblematik nemmmen hallefhaerzeg un.

    AntwortenLöschen
  14. Ech denken, dass en den ADR vielläicht net direkt am rietsextremen Eck sollt gesin, awer ganz no derbäi. Si sin Populisten an Nationalisten, gesin hiren Asatz also do wou et einfach ass mat Hallefwouerchten an Extrait'en aus méi komplexen Themen, Kapital ze schloen.
    Natierlech ass daat an enger Demokratie hier d'gudd Recht an et läit un den anere Parteien desem Populismus entgéint ze wierken. Dass daat net einfach ass, läit ob der Hand, waan ee weess dass quasi eis ganz Medielandschaft zu Letzebuerg (inklusiv Radio an Tele) ob des Art a Weis funktionéieren.
    Den ADR spigelt also a senger infamer Art a Weis daat erem wou de Schung dreckt, nämlech bei enger Politik déi méi no beim Bierger muss geschéien.
    Déi Leit déi awer d'Politik zu Letzebuerg e besse verfollegen, stellen awer fest, dass et gouss Ennerscheeder zweschen den Oppositiounparteien gett. En ADR gett sech zefridde mat ukloen a bellegen Fuederungen à la "fräi Béier fir jiddfereen". Déi 2 aner (DEI GRENG an DP) brengen zumindest Alternativen, déi een dann bewerte kann.
    Och héiert een den ADR net wann et em Europapolitik geet. Sie sti jo éischter fir en Europa wéi am Asterix, mat engem klenge Letzebuerg waat sech géint daat grousst Europimperium wiere muss. An och wann den ADR an hire Reien genuch Obelixen hun, feelt hinnen awer den Zaubertrank fir eppes kennen ze bewirken.
    En ADR get et quasi an all Land an et ass illusoresch fir ze mengen dass een esou Leit ewech kritt. Et muss een iwwer Dialog emmer erem probéieren d'Leit vun enger besserer Politik ze iwwerzeegen.

    AntwortenLöschen
  15. Léiwen Eiswierfel:

    Merci fir den laangen Commentaire, ech freen mech iwwer all Beitrag besonneg wann een sech weis du besonneg vill zait hells fir en Commentaire:

    Or muss ech der an puer Saachen widderspriechen: eng Ökofaschisteg Partei sin dei gréng net - suwait ech wees laafen bei ons keng bronghiemer ronderem di lait oofschieben well se am parc eng blumm oofschneiden.

    Ech kann och net verstoen dass du et hoffs dass eng extreme droite zu letzebuerg sech giff (erem)formeieren - fir mech ass dat en argument vun engem ADR'ler... sorry

    Ech werfen gewessen Lait beim ADR Onkompetenz vir, well se sech nach nie fir eppes uerdentleches ausgezeechend hun, villméi resuméieren ech elo mol pauschal ADR-Oppostiounspolitik op nationalem Nivo esou: alles schlechtrieden, enorm vereinfachungen ant d welt setzen di kurzfristeg hinnen stemmen schenken, an guer keng problemer léisen mee hechstens stigmatiséieren ?

    A propos CityTunnel:
    komm mer sin elo mol ganz ganz ganz eierlech: Wei soll en CityTunnel duerch Fiels an sandsteen funktonnéierne, Nivellementsennerscheeder, historesch siten ennert deenen net daerf gebuddelt gin, enorm käschten, wéi kommen ma op den kierchbierg domadder ? dat ass dach bessi absurd nee? Well ech och schon an der Service Technique Commissioun vun der Staat Letzebuerg soutz wees ech vun wat ech schwetzen...
    den City Tunnel ass politescht Manöver vum ADR wat ech guer net kapéieren. Et brauch eeen keen City Tunnel, well d Schinnen gin sws bis op den Kierchbierg geluecht... den City Tunnel ass also deen gréissten Bloedsinn deen et gett...mengen dat Geld keint een vill besser unlehen... kuck da mol all di Franseich öde Stied un di an den 80er Joeren keen Tram haaten: Bordeaux, Montpellier, Stroosbuerg etc, hai beweist et dass den Tram dei Stied nai belierwt huet an hinnen enorm beim devloppement durable gehollef huet... och besonneg zu stroosbuerg ass gewosst dass dei commercant'en di am uffank beim bau am schlemmsten gemault hun, dei waren di dono de buergermeeschter ofgeknutscht hun vun Euphorie.

    Vir méch ass den ADR absolut keng Alternativ, en ass hechstens relativ alternativ-demokrateg an séngen positiounen andeems en méngt et misst een just Letzebuerger d Wahlrecht gin an engem Land wu 40 prozent auslänner lierwen a schaffen... dat nennen ech elo mol zoustänn wi an engem "Luxus-Johannesburg".
    Den ADR mecht och recht wéineg fir d' Sprooch. Wanns de giffs di lescht Jonk Gréng Pressekonferenz verfolgen bei ons um Site giffs de gesin dass een sech och nohalteg kann fir d Letzebueregt engagéieren ouni sech einfach den "dommen" Auslänner als Sündenbock ze huelen. Alleng winst sou Amalgamen an Vermeschungen an Vereinfachungen ass den ADR keng politesch Alternative zu Letzebuerg. Ganz Einfach well en duerch sou Demagogie'en Usichten vertried aus dem vergaanenen Jorhonnert.

    Zum Einschleimen:
    Also dei greng schengen sech super gudd bei der CSV anzeschleimen, well ma kreien nie eng Sait am Wort, am geigensaatz zum ADR, well hainsto hun ech den androck dass d wort mat sengen Rietseréien emmer méi zu engem ADR Blaat mutéiert. Och fenns de um gréngen site wuel méi Publikatiounen géint CSV wi géint den ADR.

    Auslännerfeindlech Sprech kommen net direkt aus dem ADR, zumindenst ass d Parteispetzt net su domm dass se sou eppes giff maachen: mee sie exploitéiert an profitéiert an virun allem ENCOURAGEIERT SIE MATT HIEREN POSITIOUNEN DI SCHLEICHEND XENOPHOBIE zu LETZEBUERG !

    Léif Gréiss

    Philippe.

    PS: méng Blogposten sin emmer am nom personel - dofir wollt ech och nach den amalgam Philippe Schockweiler=gréng=bausch=ökofascho zerekweisen

    scheinen w.e

    AntwortenLöschen
  16. Eiswürfel,

    den ADR muss jo en super Club sin wanns du dech schon net outen wells dass de Member bass bei hinnen komm ma spillen all matt offenen Karten hai :)

    AntwortenLöschen
  17. @ Georges Liesch:

    ...Och héiert een den ADR net wann et em Europapolitik geet. Sie sti jo éischter fir en Europa wéi am Asterix, mat engem klenge Letzebuerg waat sech géint daat grousst Europimperium wiere muss. An och wann den ADR an hire Reien genuch Obelixen hun, feelt hinnen awer den Zaubertrank fir eppes kennen ze bewirken...

    genial! Mach der doropper en Copy Right!

    AntwortenLöschen
  18. @ eiswierfel
    du schréiws: "an d’ADR ass hei zu Lëtzebuerg d’Partei vun der ALTERNATIV zum Mainstream-Politspektrum." An dofir hun se sait Joeren all neoliberal Gesetzer matgestemmt? Huet d'ADR konsequent NEE gesot zur verflossener EU-Verfassung? Hun si sech dogéint gewiirt datt d'Suen fun eiser Pensiounskees ob der Bourse ugeluet - an zum deel verspékuléiert goufen. Wann ech den riitsliberalen Henckes zesummen mam Economistclub gesin an hien dono an der Chamber gesin datt en schon erem een néit Gesetzt fir eis armen Banken ennerstetzt dann froen ech mech wiirklech an wéi enger ideologesch verbrähmter Welt s'du liews. Wann den belschen Groussgrondbesetzer Reding haut fuerdert datt den RMG soll erofgesat gin an den aaneren Daag - nodeems et Kritiken gereent huet - den "sozialen" Gybérien dann zréckruddert dann nenns de dat vilait sech fir déi kléng Léit asetzen? Mat héigen Diplomaten, Groussgrondbesetzer an duerchgefallenen Ex-Kaderen aus all méiglechen Parteien well d'ADR elo eng néi Dynamik an déi verkrusten Politiklandschaft bréngen? Huett d'Politik fun der ADR déi joerelaang d'Salariat gespalt huet an d'Privatsalarieen géint d'öffentlech Salariëen ausgespillt huet vilait dozou gefouert datt et den Léit am Privatsektor vill besser géif goen?

    D'ADR as wéi een Fändel am Wand.An déi Richtung fun wou gerad den Wand kennt dréien se sech. Schéint Beispill: d'Referendumsfro. Den Gast mecht een schéinen Männchen beim juncker an béi Grand-Ducs an den Reding an den Kartheiser versichen eng Volleksinitiativ obzebauen déi sech am Fong och géint d'Décisoun fun hirer eegener Partei wend.Wiirklech immens kohârent dat ganzt.

    Et geet net duer sech schéin Wiirder wéi alternativ an demokratesch ob den Fändel ze schréiwen fir et och wiirklech ze sin. Et as schued datt sech esoufill Léit fun den Patriarchen un der Spetzt fun der ADR instrumentaliséieren lossen.

    D'ADR as een Deel fun der neoliberaler Eenheetsmeenung an der Chamber an et gett emol Zait datt Léit gesin wat eng wiirklech - lénk - Oppositioun as!

    AntwortenLöschen
  19. @Guy: erwardt der net dass ech op Ennerstellungen aentweren.

    @Claude Frentz: hm vun iejentzwouch kommen mer deng Zeilen bekannt fir. *gaps* loos der mol eng aaner afaalen wei iwerall mat Dengen Lénken ze werben...

    @Philippe Schockweiler: du hues Mail.

    AntwortenLöschen
  20. Wann ech just een argument nennen misst firwaat ech den ADR wielen, dann wier et net den liicht xenophoben toun mee einfach nemmen Inkompetenz !

    Et deet mer leed, mee ech hun seit joren keng eenzeg verstänneg politesch propose heieren dei op eng konstruktiv maneier zu enger aktueller diskussioun beigedroen huet. Engem Fändel notraueren an questions parlementaires zu der Giedel hierem Mich stellen, ass daat eenzegt un waat ech mech erenneren kann aus deser legislaturperiod.

    Well waat den här wierfel mat "offensiver oppositionsroll" sou schein emschreift, ass dass den ADR soss neischt wei stänkeren kann. Et gett keng konzepter an alternativen, just "offensiv oppositioun".

    Dofir huet fir mech eng partei wei den ADR keen mei groussen grad un politescher seriositeit wei eng KPL, just eng mei grouss schness.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...