Donnerstag, 12. März 2009

"Dat ass dain Abschiedskado du Hond!"

3 Joer Prisong kridd den "Schuwerfer vun Bagdad", den Fernsehjournalist Muntadar al-Saidi. Well hien am Dezember  séng Schong op enger Pressekonferenz ausgedon hat an déi ant d Richtung vum Ex-Präsident G.W. Bush(loost ierch dat mol op der Zong zergoen) geworf hat, huet haut en Bagdader Gericht hien zu 3 Joer festem Prisong verurteelt. En haard Urteel wann ee bedenkt dass hien de Bush mol net getraff huet. (leider) Den Muntadar al-Saidi hat nodeems en d' Schong geworf huet dem Bush entgéintgeruff "Daat ass dain Abschiedskado, du Hond! ".  Also léif Kollegen vun der Presse, wann der enker net mam Juncker d'accord sidd um Regierungsbriefing dann behaalt äer Schung léiwer un ;) 

6 Kommentare:

  1. Ech fannen dat do en ganz krasst, a bedenklecht, Urteel ...

    AntwortenLöschen
  2. 3 Joer se vlaishct bessen vill, mee vu Journalisten kann ee dach secher verlaangen daat se och virun Leit dei se guer net leiden kennen ee minimum u respekt hunn...

    AntwortenLöschen
  3. Respekt firu Leit déi foltere loossen? Muss een dach besse Verständnis fir de Mann hun. Säi Land as grad frecktgebommt gin vun dem Mann an en huet wahrscheinlech vill Familjememberen an Kollegen verluer ... Fräiheet fir den Muntazer al-Zaidi! Méi Schung op d'Politiker!

    Zum Gléck sen d'Stroofen zu Letz (nach?) net sou krass wéi dohannen ;)

    AntwortenLöschen
  4. Well een Mensch sech net un dRegel haellt, ass et richteg sech ob deen bezunn och net drun ze halen?

    Ech fannen net daat een sech soll zu aneren Leit hieren niveauen rofloossen; egal emwaat et geet et soll een sech u seng prinzipien halen.

    Dee Journalist ass lo genausou ee respektlosen tölpel wei den Bush

    AntwortenLöschen
  5. Domat géingste awer d'Erriichtung vu Foltergefängnisser, d'Bombardement vun Stiet, Ausbau vun engem Iwwerwaachung- an Onrechtsstaat mam Geheien vun engem Schung gläichsetzen ... An de Bush krit emol kee Prison - den krit lo firun allem eng gutt Pensioun ...

    AntwortenLöschen
  6. Den Caesarismus kennt zreck, mais de Juncker waert geschwenn an den Exil goen, bei d'" biological daughter of Adolph Hitler by means of artificial
    insemination" (http://lasttrumpetnewsletter.org/2009/02_09.html), nodeems csv@csv.lu eng Mail mat der Einleitung "Spontan hat der Spruch „CSV. De séchere Wee.“ mich an ein Werbeplakat
    erinnert: „Auch Du zur Leibstandarte SS Adolf Hitler. Eintritt ab dem
    vollendeten 17. Lebensjahr.“" kritt huet.
    Mais nach gett zu Letzebuerg jo nach keng Ubiedung verlaangt.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...