Sonntag, 1. März 2009

En Kannergebuertsdaag namens Fidel Castro ?


"Voll" an "Bedengungslos Solidaritéit" wënscht d' KPL dem Fidel Castro an dem 50 jähregen Anniversaire vun der Kubanescher Revolutioun an engem Bréif deen sie un d' Kubanesch Kommunistesch Partei geschéckt hun.
Zur Hurra-Verherrlechung vun engem Diktator vun enger Letzebuerger Partei(!) folgend Tipps un d KPL:

- Et ass emmer kniffleg engem autoritären Regime bedengungslos Solidaritéit auszedrecken och wann den Leader vun daer Revolutioun en charismateschen Zigarrennarr ass matt deem een keint prima eng Cuba Libre no daer aanerer schlürfen an dobai iwwer Gott(opreegen) an iwwert d Welt schwetzen kéint.
Desweideren schéngt d' KPL déi Dausenden Victimen ennert dem Castro Regime ze vergiessen, op et Exilkubaner waren, Oppositioneller, oder och am kubaneschem Fall d' systematescht Asperren vun Homosexuellen an AIDS-Kranken. Elleng den willkürlechen "Verdacht" geet an Cuba duer, dass een als présüméierten "CIA Agent" oder als "Konterrevolutionären" am Prisong land. Och wann den Raul Castro mettlerweil vill Reformen entaméiert huet ass et trotzdem absolut absurd an realitéitsverzerrend 50 Joer Fidel Castro Regime ze romantiséieren.

Ganzen Bréif um Site vun der KPL:
http://www.kp-l.org/cuba.html

4 Kommentare:

  1. iwwert d KP am beschten sech guer net opreegen ;)

    AntwortenLöschen
  2. D'KP as a bleiwt nun eemol en autoritären Veräin. Soit, trotzdem bemierken ech awer puer Klengegkeeten zur kubaneschen Geschicht:

    De kubaneschen Regime as wuel oder iwel en däitlechen Fortschrett vis à vis zum Batista-Faschismus. Emmerhin sen säitdem däitlech Fortschretter gemaacht gin: Educatioun, medizinesch Versuergung - an säitdem huet sech och den Traitement vun Homosexuellen an Aids-Kranken däitlech verbessert. Den Machismo den ufanks no der politeschen Revolutioun geherrscht huet gett mettlerweil aktiv bekämpft, sou zB. gett mettlerweil iwwer en Adoptiounsrecht fir homosexuell Pärercher an iwwert en geschwenn ze veroofschiedend Gesetz daat Transsexuellen d'Geschlechtsemwandlungen staatlech finanzeiert kreien diskuteiert - domat hätten sie dei liberolsten Gesetzer an der Hisiicht a ganz Latengamerika (an Jamaika zB. as Homosexualiteit na emmer verbueden an gett deelweis mat 10 Joer Prison bestrooft).
    Des weideren sen an de leschte Joeren d'Zuel un politeschen Prisonneier em bis zu 50% roofgaangen.

    Allerdéngs: well ech domat den Regime elo net verherrlechen - daat as kengeswegs meng Absicht. Ech well et just e wéineg "entdäiwelen", well et vun westlechen Länner gären als "déi" schlemmsten Diktatur iwerhaapt duergestallt gett, wou aner "demokratesch" Länner (speziell och an Latäinamerika; Mexiko an Kolumbien wieren do Beispiller) an Saache Menscherechter deelweis Kuba schon ennertreffen. An ech well betounen, dat de Regime trotzdem emmer nach e Fortschrett as par rapport zum Batista as.

    Trotzdem as et héig Zäit, dat och an Kuba endlech en Wiessel kennt an d'Land demokratiséiert gett. Awer: de Raúl Castro as dobäi net onbedéngt eng "dreiwend" Kraaft. Hien as firun allem en ökonomeschen "Reformer" an well Kuba gär méi no China ausriichten. A wéiwäit et also besser gett as fragwürdeg ... Ménger Meenung no duerf eng Demokratiséirung op kee Fall mat enger Kapitaliséirung anhiergoen, also der Aféirung vun der "fräien/sozialen" Maarktwirtschaft. Villméi sollt och d'Wirtschaft demokratiséiert gin an soumat souwuel den "Realsozialismus" (Staatskapitalismus) wéi och den neoliberolen/kapitalisteschen Modell iwwerwonne gin.

    AntwortenLöschen
  3. "sollt och d'Wirtschaft demokratiséiert gin an soumat souwuel den "Realsozialismus" (Staatskapitalismus) wéi och den neoliberolen/kapitalisteschen Modell iwwerwonne gin." - wow wat schmaiss du mat wieder em dech...

    wéi mecht een daat an der Realitéit?

    AntwortenLöschen
  4. http://de.wikipedia.org/wiki/Kollektive_Selbstverwaltung

    http://de.wikipedia.org/wiki/Arbeiterselbstverwaltung

    Zwee ganz schéin Artikelen fir de Pol zu enger demokratiséierten Wirtschaftsform, déi duerchaus emsetzbar as.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...