Sonntag, 22. März 2009

Finanzkrise: Falsch Helden

Stëllt ierch fiir puer Politiker an Bankiers schénken engem kléngen Kand 10 Kreditkaarten. Sie soen dem Kand: "Mir hun deng Elteren ausgeschallt,deren hier Opsicht brauchs du guer net! Géi matt dengen Kreditkaarten an den Disneyland and gëff Geld aus suvills de wells".
D' Kand ass natierlech happy doriwwer an geet an den Disneyland. Et gëtt Geld aus, wahnsinneg villt Geld. 20 Joer mi spéit ass d' Kand grouss. Et ass fettgefriess matt schlechtem Iessen a Séissegkeeten an huet d Kreditkaarten bis zum Geht-Nicht-Mehr abuséiert. D' Politiker an d' Bankiers di dem Kand d' Kreditkaarten geschenkt hun sin fuerchtbar opbruecht "Daat haett en nie kennen virausgesinn!" soen sie. "Mie hun schon emmer gesot dass een besser muss opt d' Kanner oppassen! Et muss een besser kucken wat sie maachen an WOU SIN IWWERHAPT D' ELTEREN ???"

Dëssen (bessi schwéierfällegen) Verglach deen ma haut agefall ass, charakteriséiert genau wat am Moment geschidd: D' Politiker di dem Kand d' Kreditkaart gin hun sin Lait wi den Nicolas Sarkozy oder den J.M.D. Barroso. Joerenlaang hun sie sech ausgeschwaat fir kéng Reguléierungen um Finanzmarché an hun den schlemmsten Revival vum Manchester-Kapitalismus  aus dem Elysée oder der Kommissioun zu Bréissel gepriedegt. Elo awa, wu d' Kand an den Pëtz gefall ass sin et genau déi Lait wi Barroso oder Sarkozy, déi sech awa inszinéieren wi gudd Samariter di sait eh und jeh den béisen System giffen bekämpfen... schon witzeg. En Sarkozy deen sech beemol opféiert wi en groussen Finanz- a Stäier- Robin-des-Bois, einfach lächerlech. En Mann deen selwer schon vum Le Monde kritiséiert gouff well en anscheinend Staieren hannerzunn huet, een deen sain Wahlkampf deelweis matt  Waffengelder finanzéiert huet, an dann sech et net verknaiffen kann, respektiv et mol net faerdeg bréngt matt Nuance iwwert seng europäesch Partner ze schwetzen wann et emt d' Bankgeheimnis geet. 
Den Barroso vun sénger Sait rühmt sech matt sengem Relance-Programm, deen ze spéit kennt an deelweis Suen duerch d Loft verpolfert andeems en se Firmen gëtt di kéng brauchen - sprich Bonbons fir d' Industriebossen. Investissementer an Green-tech, nohaltegen Energien: Fehlanzeige). Et kann een nemmen hoffen dass nom Juni endlech en Europaparlament steet wat nach méi konsequent géint di neo-liberal Kommissioun virgeet wi et elo schon den Fall ass.
"The System is in Crisis" sot den Barroso virun puer Wochen, ech mengen hien misst een Wuert sträichen an deem Saatz: "The System is crisis!" .

5 Kommentare:

  1. an deenen krisenzaiten kennt halt den "quirky and radical populism" emmer erem eraus!

    AntwortenLöschen
  2. de Sarko rofl...

    den chirac war jo bal zum prozess komm no der presidence mee dat geet jo nemmi dat huet de sarko jo agefouert dass den präsi och net haftbar ass no der presidence... Purko Sarkotin alles d selweschten wouscht!

    AntwortenLöschen
  3. Purko Sarkotin ... ROFL

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...