Freitag, 10. April 2009

In your face Sarko! Franséicht Parlament géint d' Bestroofen vun Downloads



Historeschen Schrëtt geschter am franséischen Parlament:
Trotz Majoritéit vun UMP, an pro-Sarkozy Partéien am Parlament, ass gëschter dem Sarkozy sain Gesetz iwwert d' Bestroofen vun "illegalen" Downloads" matt enger 21 vs. 16 Majoritéit oofgeléhnt gin. De Gesetzprojet huet virgesin, dass Lait di "illegal" Musek, Filmer an aaner Saachen aus dem Internet telechargéieren kéinten "à longue durée voir à perpétuité" kéinten den Internet gespaart kréien an suguer giffen weider forcéiert gin hier Telecommunikatiounsrechnungen ze bezuelen. (!)
Deem ass awa elo net sou, d Franséich Parlament huet dem Louis de Sarkonès en schéinen Stréch duerch d' Rechnung gemeet.

An deem Zesummenhang rappelléieren ech nach emol dass déi jonk gréng nächsten Fréiden en GRATIS Concert am Atelier organiséieren, "SHARE MY MUSIC" wu ma probéieren di Discussioun iwwer Digital Rechter am Internet unzekurbelen zu Letzebuerg, an wu jonk Letzebuerger Gruppen optrieden fir sech genee fir déi Rechter staark ze man.
Also nach mol RAPPEL: 17. Abrell @ ATELIER 20.00 DOORS "SHARE MY MUSIC!"

2 Kommentare:

  1. Féliciatiounen un d'franzéischt Parlament. :)

    Jhust eng Saach zu äerem Konzert. Wisou ass dat grad den 17. Abrëll wann déi 2. Table ronde vun den Jugendparteien ass? Dat gett jo dann nach méi schwéier fir Jonker fir den politeschen Debat z'iwwerzeegen. Oder sinn de jonken Gréngen d'Table ronden no däer aus dem Osten egal? :S

    AntwortenLöschen
  2. rofl - naja huet nix domadder ze din - ma haten en problem mam datum am atelier - schlussendlech kruten ma vum atelier anstatt dem 24. just den 17... :S

    matt egalsin huet dat nix ze din dat ass eng grob ennerstellung - schliesslech well d JDL net di kleng jugendparteien invitéieren dat ass wuel eischter verleumdung ;)

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...