Sonntag, 2. August 2009

Déierenquälerei virun der Hausdir

En enorm krassen Fall vun Déierenquälerei huet mech haut denmoien schockéiert. Kéng 100 Meter vun menger Studentenwunning zu Tréier ass en aalen Schapp wu emmer erem Wëllkaatzen hausen. Da ech selwer och 2 Katzen hun, fidderen ech déi wëll emmer matt den Räschter vun deenen wat meng Kaatzen net iëssen (jo meng 2 Muusen sin zwee kleng verwinnten Naischtnotzen^^). Denmoien hun ech mech matt den Räschter vum Katzenfudder op den Wee gemach an hun matt Entsetzen missen feststëllen wei eng vun den 2 wëllen Katzenbabies doud nierwend dem Schapp louch. Ech duerch ma am Uffank, villeicht war se krank oder huet d Nuecht net iwwerstaanen mee wi ech bei den kléngen Kierper goung ass ma opgefall dass vum Bauch bis bai d Been riesech déif Läscher am Kierper vun der Kaatz waren... Ech war entsaat... dëss Wonnen kennen nëmmen vun enger Faal staamen. Ech sin dun bessi lenks a riets vum Schapp schälle gaang an hun mech emfroot opt d Leit naischt gesinn oder héieren hätten: Hai gouff ech namol richteg vum Blëtz getraff. Moies fréih hun Noperen en Auto bemierkt deen stohen bliwwen wäer an eng jäitzend Kaatz aus dem Auto geworf hätten... En Autokennzeeschen (wollt) huet awa keen bemierkt... typesch Bauerenmentalitéit... Op alle Fall waert ech elo probéieren di aaner kleng Katz an hier Mamm anzefänken an déi zu Tréier bei d Wëllkaatzen an den Déierenheem ze bréngen... ech hun absolut keng Loscht rëm eng kleng doud Miissi ze fannen. Uewen op der Foto ass di kleng Katz di ech denmoien fonnt hun - der gréisst no war se em di 6-10 Wochen aal well se och nach emmer bei der Mamm houngen.
Mir haten se Batman oder Bruce Wayne genannt well se en waissen Kierper an Mond haat an e schwarzen Kapp deen ausgesinn huet wéi eng Batmanmaske :) ...
Trauregt Enn vun der Geschicht: Wi ech zu Tréier bei der Police nogefrot hun krut ech just gesot "da kann man nicht viel machen" ... wi schéin dass net nemmen zu Lëtzebuerg mee och an Daitschland Déierenquälerei en Kavaléiersdelikt ze sin schengt!

3 Kommentare:

  1. Hallo,
    Ech sen durch dein Lenk an menger Grupp op dein Block koum. Et huet mech zudeifst (wei et emmer mescht) getraff, dass alt erem esou en Fall optrefft.Wann een Leit heiert, hun se neischt gesin, wessen vun neischt, an neischt heiren...
    An wann se eppes gesin hun, an mirken dann dass se do an eppes geifen matgeholl gin, hun se dann awer mol erem neischt gesin.. DAss eng traureg welt.. egal wou deitschland... Letzebuerg... Wann Wahlen sen, hun leit nemmen op eppes gekukt... Ween wat versprecht, mat benzin... mat hei belleg machen.. oder ween wou geht... wann thema deiren opkomm ... oh freck... weesde weieng äntwert ech do kritt hun.. "Ech hun meng eegen Problemer ech hun och keen baam dohem deen Suen wuessen leist..." aner leit wiederum bekemmeren dat, wann se awer sollen mat gohen dass een vileit mei ereescht... dann machen se dier beemol netmei op.. Leider kennen ma souviel protesteiren, eis opreegen oder probeiren eppes zeenerhuelen... bleift emmer dat selwescht, well wei ech eben sohen 90% vun der Bevölkerung egoistech ass...

    mat leiwen Greiss

    vum Jen!

    AntwortenLöschen
  2. absolut fierchterlech wat Lait maachen ...

    AntwortenLöschen
  3. mat Bauerenmentaliteit huet dat waer absolut guer neischt ze din

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...