D' Lëtzebuerger Wort, oder d' Flagschëff vum lëtzebuerger Konservatismus, huet als hieren Ënnertitel "Für Wahrheit und Recht", mee genau wi d' Ënnertitelen vun su munchem Hollywoodfilm "Two Thumbs Up!" "Mindblowing!" etc. schéngt dësst just en flotten kléngen Mäntelchen ze sin. Schliesslech giff den Ënnertitel "Gasparicher Hetz-a Liggenblatt" sech wesëntlech mi schlecht verkaafen.
Denmoien hun ech mer den Artikel op wort.lu ugekuckt iwwert den eurpäeschen Zirkusverband deen d' Staat Lëtzebuerg an Ëisterräisch wëll ukloen well d Staat(ennert dem Impuls vun déi gréng) an d' Land Ëisterräisch d' Zirkusen matt wëllen Déieren verbueden hun.
Souwaitt su gudd. Wi ech iwwert d' Kommentairen vum Artikel geluust hun ass ma een opgefall: 28.09.2009, 19:17 Uhr
Daat ass d'Resultat wann Grenger am Schäfferoot setzen. Mee dei nächst Gemengewahlen si jo geschwenn ...Ech hun ma dun geduecht dass et zait waer fir en klengt Experiment: Wann een kann anti-gréng kommentairen schréiwwen, dann kann ech och kéint vlait een Gratulatiounskommentaire schreiwwen, ennert engem falschen Numm hun ech dun geschriwwen: "Bravo un déi gréng di dësser Déierequälerei en Ënn gesaat hun! Matt enger CSV am Schäffenrot war dat net méiglech, deenen lait naischt um Déiereschutz"
Kéng 15 Minuten mi spéit kréien ech folgend Email:
Hallo
Ihr Kommentar zu dem Artikel "Zirkusverband will Stadt Luxemburg verklagen" musste leider von unserer Redaktion gesperrt werden und erscheint somit nicht auf der Artikel-Seite.
URL des Artikels: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/47213/zirkusverband-will-stadt-luxemburg-verklagen.php
Vielen Dank für Ihre aktive Teilnahme,
Die wort.lu Redaktion"
Wait a minute - ass daat dann fair? Wisou kann een eppes iwwer déi eng Partei soen an net iwwert déi aaner? Vlait just en Lapsus, vill Stress an der Redaktioun, éischt Middegkeet moies... oder och net? Hmm, Zait fir Plan B: Puer Stonnen dono schreiwwen ech ennert engem 2ten falschen Numm nach en Commentaire, dëss Kéier schréiwwen ech : "skandaléis winst deenen gréngen an der Staat kann ech matt mengem Bouwen nemmi an den Zirkus" Herzzereissenden Commentaire, kleng Kanner sin emmer d' Killerargument an... OH WUNDER kéng 5 Minuten mi speit um besagten Artikel op wort.lu:
29.09.2009, 12:56 Uhr
skandaléis winst deenen gréngen an der Staat kann ech matt mengen Bouwen nemmi an den Zirkus!Och wann et wuel keen wonnert dass een beim vum Bistums bedriwwenen Parteibliedchen wuel en Faibel huet fir d' CSV, ass daat heiten fir mech en enormt krasst Beispill vun Netzzensur. Wann een sech eng Commentairefunktioun op eng Sait sëtzt dann jo wuel fir den Dialogue an d' Streitkultur ze förderen ? Anscheinend nët sou bei Wort.lu, hei schéngt een eischter dat ganzt bëssi ze lenken. Dësst beweist och ërem androcksvoll dass net nëmmen ons Demokratie mee anscheinend och Deeler vun onser Presse an engem lamentabelen Zoustand sin, an sech dringend och mol di gréissten Printzeitung sech d' Fro stellen ob sie duerch hier eensaiteg Berichterstattung nët een deel un der Schold dorunner dréiht ? Fakt ass, main Kommentaire war weder homophob, nach xenophob nach hetzereg géint deen een oder aaneren(cf. RTL.lu läscht och wieklech just déi hetzereg xenophob an diskriminéierend Beiträg) mee dass eng CSV net vill mam Déiereschutz um Hutt huet ass en Fait! Ët brauch een sech just an hieren Oofstëmmungen am Europaparlament unzekucken. (Corrida, Hondskämpf etc.)
Wat soll ech nach vill faaselen, dat doten ass jo kloer wi Convicts-Zopp !
Link:
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/47213/zirkusverband-will-stadt-luxemburg-verklagen.php