Posts mit dem Label Luxemburger Wort werden angezeigt. Alle Posts anzeigen
Posts mit dem Label Luxemburger Wort werden angezeigt. Alle Posts anzeigen

Mittwoch, 24. November 2010

"Das Beste was ein Schwein werden kann" ass geschluecht gin! Bravo Wort.lu !



Rëm en Zeugniss vun enormer Intelligenz beim Letzebuerger Wort.

An dëssem Artikel: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2010/11/127359/das-beste-was-ein-schwein-werden-kann.php ass dat bäscht wat engem Schwein geschéien kann ass vun der Marque Nationale geschluecht ze gin an sain Allerwertesten schéin tranchéiert an Lëtzebuerger Bäisch landet, an sech matt Fritten an Zalot vermëscht. Virdrun duerch en barbareschen Transport, verängstescht an en Schluechthaff bruecht ze gin an en Hummer widdert den Kapp gepäffert ze kreien? Oder opgehaangen gin an zur Oder geloos gin ???

Geht et nach uewen an der Stiffchen? Ok, ech loosen elo vielleicht e bessi main militanten Déiereschützer raushänken mee dat soll seriöen Journalismus sin? Déi gréissten Zeitung am Land déi sou en Kaabes behaapt. Einfach nëmmen erbärmlech an lächerlech!! Minable!

Dienstag, 29. September 2009

Wort.lu: Für Wahrheit und Recht" und Netzzensur

D' Lëtzebuerger Wort, oder d' Flagschëff vum lëtzebuerger Konservatismus, huet als hieren Ënnertitel "Für Wahrheit und Recht", mee genau wi d' Ënnertitelen vun su munchem Hollywoodfilm "Two Thumbs Up!" "Mindblowing!" etc. schéngt dësst just en flotten kléngen Mäntelchen ze sin. Schliesslech giff den Ënnertitel "Gasparicher Hetz-a Liggenblatt" sech wesëntlech mi schlecht verkaafen.

Denmoien hun ech mer den Artikel op wort.lu ugekuckt iwwert den eurpäeschen Zirkusverband deen d' Staat Lëtzebuerg an Ëisterräisch wëll ukloen well d Staat(ennert dem Impuls vun déi gréng) an d' Land Ëisterräisch d' Zirkusen matt wëllen Déieren verbueden hun.
Souwaitt su gudd. Wi ech iwwert d' Kommentairen vum Artikel geluust hun ass ma een opgefall: 28.09.2009, 19:17 Uhr
Daat ass d'Resultat wann Grenger am Schäfferoot setzen. Mee dei nächst Gemengewahlen si jo geschwenn ...

Ech hun ma dun geduecht dass et zait waer fir en klengt Experiment: Wann een kann anti-gréng kommentairen schréiwwen, dann kann ech och kéint vlait een Gratulatiounskommentaire schreiwwen, ennert engem falschen Numm hun ech dun geschriwwen: "Bravo un déi gréng di dësser Déierequälerei en Ënn gesaat hun! Matt enger CSV am Schäffenrot war dat net méiglech, deenen lait naischt um Déiereschutz"
Kéng 15 Minuten mi spéit kréien ech folgend Email:

Hallo
Ihr Kommentar zu dem Artikel "Zirkusverband will Stadt Luxemburg verklagen" musste leider von unserer Redaktion gesperrt werden und erscheint somit nicht auf der Artikel-Seite.
URL des Artikels: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/47213/zirkusverband-will-stadt-luxemburg-verklagen.php
Vielen Dank für Ihre aktive Teilnahme,
Die wort.lu Redaktion"

Wait a minute - ass daat dann fair? Wisou kann een eppes iwwer déi eng Partei soen an net iwwert déi aaner? Vlait just en Lapsus, vill Stress an der Redaktioun, éischt Middegkeet moies... oder och net? Hmm, Zait fir Plan B: Puer Stonnen dono schreiwwen ech ennert engem 2ten falschen Numm nach en Commentaire, dëss Kéier schréiwwen ech : "skandaléis winst deenen gréngen an der Staat kann ech matt mengem Bouwen nemmi an den Zirkus" Herzzereissenden Commentaire, kleng Kanner sin emmer d' Killerargument an... OH WUNDER kéng 5 Minuten mi speit um besagten Artikel op wort.lu:

29.09.2009, 12:56 Uhr
skandaléis winst deenen gréngen an der Staat kann ech matt mengen Bouwen nemmi an den Zirkus!

Och wann et wuel keen wonnert dass een beim vum Bistums bedriwwenen Parteibliedchen wuel en Faibel huet fir d' CSV, ass daat heiten fir mech en enormt krasst Beispill vun Netzzensur. Wann een sech eng Commentairefunktioun op eng Sait sëtzt dann jo wuel fir den Dialogue an d' Streitkultur ze förderen ? Anscheinend nët sou bei Wort.lu, hei schéngt een eischter dat ganzt bëssi ze lenken. Dësst beweist och ërem androcksvoll dass net nëmmen ons Demokratie mee anscheinend och Deeler vun onser Presse an engem lamentabelen Zoustand sin, an sech dringend och mol di gréissten Printzeitung sech d' Fro stellen ob sie duerch hier eensaiteg Berichterstattung nët een deel un der Schold dorunner dréiht ? Fakt ass, main Kommentaire war weder homophob, nach xenophob nach hetzereg géint deen een oder aaneren(cf. RTL.lu läscht och wieklech just déi hetzereg xenophob an diskriminéierend Beiträg) mee dass eng CSV net vill mam Déiereschutz um Hutt huet ass en Fait! Ët brauch een sech just an hieren Oofstëmmungen am Europaparlament unzekucken. (Corrida, Hondskämpf etc.)

Wat soll ech nach vill faaselen, dat doten ass jo kloer wi Convicts-Zopp !

Link:
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/47213/zirkusverband-will-stadt-luxemburg-verklagen.php

Samstag, 13. Juni 2009

Wat Wort.lu Liersen wieklech haassen!












Perséinlech haassen ech Xenophobie, Intoleranz, Rassissmus an Rietspopulismus: De Wort.lu Lierser (zumindestens bal d Hallschend) haasst eppes ganz aaneres, eppes sou perverses, blutrünsteges dass ech mech bal nët trauen et auszeschwetzen... de Velo !

Jo! Genee! haast der och Velo'en ? Di ekeleg Drohtiësselen matt hieren dënnen Rieder an deem dämlechen Guidon, an hannen kënnt mol keen CO2 raus? Bah!! Gruggeleg!

Samstag, 7. März 2009

Bock op Niveau! ... beim Letzebuerger Wort!



Ech hun mech rem getraut: E Bléck an d Letzebuerger Wort a.k.a Gasperecher Inqusitiounsblaat. An senger Samstes-Sonndes Ausgab ass d' Wort jo bekanntlech besonneg perfid an knaschteg, an e richtegen Herzklappenausléiser fir all Mensch deen bessi informéiert ass: Desskéier awa hun ech mech den Lieserbréifer gewidmet: Ech brauch jo kengem méi ze zielen dass Lieserbréiffer an Communiqué'en di net 100-prozenteg der 3-falteger Wort-Bistum-CSV Linn trai sin den Wee ant d Wort net fannen. *
Zu den Lieserbréiwwer: Deen éischten mam Titel "BOCK OP GRENG?" huet eng Mme vun Useldéng geschriwwen: Sie reegt sech opp dass op der Campange vun déi gréng matt engem gréngen Schof , "bock op gréng" ennert dem Schof steht. Usech ass e männlecht Schof jo e Widder seet sie, dofir misst d Kampagne "widder déi gréng" heeschen. Daher fennt ons Useldénger Madämmchen dass déi gréng keng Ahnung vun der Natur hun, (wi gudd dass se net "Schöpfung" soot) an sech geiert hätten. Dat waer awa fiir sie awa naischt naies mam ieren, schliesslech hätt den Jean Huss sech jo och bei dem "Euthanasiegesetz geiert" .
Deen zweeten Lierserbréif "Vive de Grand Duc" ass hechstwahrschéinlech vun engem eeleren Här deen sech opreegt dass "Jugend" dem Grand Duc net dankbar genuch ass. Op der Tele giffen Jonker an Jugendparteien matt Emfroen an Positiounen géint ons Monarchie stänkeren. Dobai hätten di jonk jo besser se giffen sech mol drun arenneren wat ons Monarchie am Krich alles fir ons gemeet hätt...
Kleng Ureegung: Ass ons nobel Monarchistenfamill net einfach fortgelaaf am Krich?

*PS: Op der Ouverture vun dem Festival Gay et Lesbien "Transculturelles" hun d' Organisateuren vun Rosa Letzebuerg gesot, sie giffen sech bei St. Paul an insbesondere dem Wort bedanken fir 15 Joer lang keen eenzegen Communiqué oder Lieserbréif an keen eenzegen Event vun hinnen oofgedréckt ze hun. (en Hohn!)
Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...