Mittwoch, 3. Februar 2010

Forgive them, for they do not know what they are doing.

Mir lierwen an enger Bananen respektiv Beiermonarchie mee elo naierdengs och an enger Burger-Monarchie. Nodeems den Beier zu Letzebuerg d´Massen bewegt huet, (an wuelverstaanen net dei prekär Situatioun vun ArbechterInnen dei hier Plaatz verleieren) gett et elo en nait Thema wat Letzebuerg bewegt: "Burger Kings zu Letzebuerg". Jo genee, d´ Ukennegung vum Burger King INC. deen op Letzebuerg sech implanteiert, an seng bluttgedrtänkten, no Separatorendreck stenkend Tentakelen elo och hai an ons eh schon ongesond ernaehrend Kanner festsaugt, gett vun su manch Letzebuerger gefeiert wei en Retour vum Messias(ok, lo hun ech 2 Uspillungen opt d Relioun gemach an daat geet duer).

Op Wort.lu scheissen d Kommentaren wei Pilzer aus dem Buedem an 1 User schreiwwt eppes ganz logesches:

03.02.2010, 09:38 Uhr
Gëtt och Zäit, datt e Burger King heihinner kënnt... @all déi, déi gréng ugehaucht sinn: bedenkt dach emol, wat hei elo CO2 agespuert gëtt, wann een nët méi vun Esch bis op Tréier muss rennen ;)

Dass iwwerdriwwenen Fleeschkonsum manifestement keen Kado ass fir d´Synapsen beweist desst Beispill. Vielleicht sollt och mol op engem Burger en Warnhinweis wi um Alkohol an den Zigaretten stoen: Ennert wei engen Konditiounen gouff dessen Dreck hiergestallt? Flesschproduktioun ass den Klimakiller No.1 an Haptverursacher vun den Treibhausgasen, Weivill männlech Jippelcher gouffen gehäckslert fir är Chicken Nuggets, Weivill Hektar Urwald oofgeholzt fir genmanipuleierten Soja fir Mästvieh unzebauen?

Aaner Useren gin sech pragmatesch:
02.02.2010, 23:33 Uhr
Tiptop dat dooten, da mussen d'Leit net emmer op Tréier rennen vir e gudden Whopper!
An wann en och nach ekologesch ass nach besser, an mat enger Baach déi duerch den Restaurant leeft, secher méi wéi een Besuch wäert

POUR INFO: "Am geplanten Standort in Foetz in der Rue du Brill verläuft nämlich ein Bach. „Um diesen Bach nicht zuzubauen, wird das Wasser quer durch das Restaurant verlaufen. Die Burger-King-Filiale in Luxemburg wird ökologisch betrachtet einzigartig in Europa sein“, erfuhr wort.lu" (wort.lu)

Ass daat net den Comble vun der Dommheet, ass dat net genau su dämlech wi wann een deen Hummer fiert giff sech op senger Motorhauw´ Tofuwirschtger grillen an dann behaapten dat waer "ekologesch" ...

En schrecklech intelligenten Commentaire fennt een hai..:

02.02.2010, 15:54 Uhr
Endlech emol een Schrett an dei richteg Richtung.
No dem ganzen "Gesond iessen - mei bewegen" an "Fruits for schools" etc... mol erem endlech eppes waat d'Schüler an d'Studenten wirklech unziet.

Nider mat Lichtmesdaag, vive Halloween, vive de Burger King, vive de Mc Donalds.

Wei ass et mat enger Facebook Group mat 20.000 Leit dran fir endlech een Kentucky Fried Chicken zu Letzebuzerg, daat muss zur Chefsach ginn.

Produits du terroir ?, haha gef daat dem Veih vum Sei.


Mee bon, dei "net nemmen eng wichtech Nooricht, mee och nach eng supper Saach" arennert mech dann bessi un en Songtext vun Rammstein "Amerika" We´re all living in Amerika Coca-Cola etc. Haptsaach mam Auto an den Drive-In. Well waat gett et mei scheines fir den Letzebuerger an sengem Schlass (dem Auto) ze setzen an am Fett getränkten Nierwenprodukter vun Déieren ze konsumeieren...

Wort.lu Artikel:
http://www.wort.lu/wort/web/freizeit/artikel/71987/burger-king-kommt-nach-foetz.php

11 Kommentare:

  1. D'Lëtzebuerger machen mir munchmol déck angscht!! =/

    "Dass iwwerdriwwenen Fleeschkonsum manifestement keen Kado ass fir d´Synapsen beweist desst Beispill."
    Dei chemesch (beigesaten) transmitter am fleesch waerten wuel inhibitoresch op d'synapsen wierken also eng agonistech funktioun anhuelen!!

    "Léif Lëtzebuerger" wësst dir dass wann et der Welt schlecht geht dat geht et der Bananen-republik lëtzebuerg defakto och schlecht?

    Wei wier et mol wann dir eng komplette revisioun vun ärem Zentralen nervensystem machen géift lossen?

    Live in an ecological way, live veggie!!

    AntwortenLöschen
  2. Oh waat sin ech frou, dass ech net alleng mat där Meenung do stin!!! Merci Schocky an Georges!

    Et as wierklech ongeheierlech... an ech muss dem Georges wierklech Rescht gin: D'Lëtzebuerger sin mir zwar mei peinlech, mee Angscht kinnt een firun munchen vun hinnen och hun...

    AntwortenLöschen
  3. Wann dir mengem Iessen d'Iessen ewech iesst bleift mengem Iesse just nach genmanipuleiert Ernährung dei MECH krank mecht! MERCI VEGGIES!

    AntwortenLöschen
  4. @anonym, dei deiren geifen egalwei mat ogm gefiddert gin, denen firmen geet et alleng em den profit, deng gesondheet ass denen scheissegal.

    esou leit weis du sin einfach nemmen den produit vun niveaulosen werbekampagnen, fir dei mcdo&co milliarden vun suen ausgin. opfer!

    AntwortenLöschen
  5. edit: fleesch ass och ouni ogm-fudder ongesond.

    AntwortenLöschen
  6. E Liewen ouni Fleesch an dofir mat Nahrungsergänzungsmettele soll also erstriewenswert sin? MA MERCI!

    AntwortenLöschen
  7. @ läschten Anonym:

    Suwait ech wees ass den Mensch physionomesch(Gebess, schwaachen Mo, keng Räisszänn, mee eichter an Pflanzenfriessergebëss) net dozou prädestinéiert en Lierwen matt Fleesch ze féieren...

    Et ass net su dass den Veganer oder Vegetarier eppes verpasst, am geigendeel en ësst méih gesond ...

    AntwortenLöschen
  8. Den Mensch huet sech zë deem entwéckelt waat en haut as an weder säin Moh nach säin Gebëss woren emmer sou. Den Menschlëchen Kierper as en Resultat vun der Evolutioun.

    Vue que do en schons eng gudd Zäit ugefaangen huet sech et iessen zë verklengeren virum Verzehr brauch en déi Räisszänn einfach nemi wierklech an vue que do en seng iessgewunnegten ganz allgemeng ugepasst huet brauch en och keen sou en staarken Moh méi.

    Nëmmen Fleesch iessen as ongesond, jo. Mä wann een en gesonden Equiliber beihällt waat iessgewunnegten ugeht dann as Fleesch ganz allgemeng gesin nët ongesond(Fleesch muss och nët emmer iwwerdriwwen fetteg sën); au contrair, kann souguer eng wonnerbar (an och nët onbedéngt onwichteg) ergänzung fier den Mensch/Kierper sën.

    Ze behaapten dass en Veganer/Vegetarier méi gesond ësst an liewt as also nëmmen bedingt wouer an hänkt dovunner of wéieng iessgewunnegten den 'Fleeschfriesser' dann lo effektiv huet.
    Als kléngt Geigenbeispill. Et gin Vegetarier déi zwar wuel nëmmen Geméis iessen, déi allerdéngs NËT drop oppassen sech ausgewogen zë ernähren wou dem Kierper dono dann wichteg Saachen fehlen dei een normalerweis(ennert aanerem) duerch Fleeschprodukter zou sech hëllt, an déi doduercher dann gesondheetlech Problemer kréien...
    Behaapten ech dofier lo dass en Fleeschkonsument ganz allgemeng méi gesond liewt wéi en Veganer/Vegetarier?
    Ët hängt emmer dovunner of wéi, waat an wéiviller een vun eppes ësst.

    AntwortenLöschen
  9. d'Leit kenne sech enorm guddd selwer beléien wann et drems geet hiirt (on-)heemlecht schlecht Gewessen ze manipuléieren.
    D'Argument manner Co2 ze verbrauchen fir elo hiire Wuppes no Féitz iessen ze goen ass e Witz. Bei jidderengem deen nördlech vun der Staad wunnt spillt daat souwisou nemme nach e wuedlechen Methanpuups. Déi eenzeg gescheit Léeisung bleift, wann net vegetaresch oder vegan ze liéwen, d'Massenvernichtungs-Friessbuden ze vermeiden an seng Iessgewuneschten grëndlech ze iwwerdenken.
    Muller Camille.

    AntwortenLöschen
  10. Bravo Schocky fir d'Lasstriede vun alt rem engem Flame-War tëscht Veganer a Fleeschfriesser :D

    Ech mengen allerdéngs, dass dëse Commentar vu Wort.lu:
    "02.02.2010, 15:54 Uhr
    Endlech emol een Schrett an dei richteg Richtung.[...]"

    sollt sarkastesch sinn. Ech op d'mannst liesen dat do eraus. Mä vläit leien ech och falsch.

    AntwortenLöschen
  11. Lo get et en gudden Hamburger, 20 Chicken Nuggets, fueren mam Auto an den Drive In an lossen den Motor laafen iwwert dem Iessen. Mat mengem 3 Liter fueren ech heem, geheien den Dreck vum Burger King zur Fenster raus. An dobei sangen ech: WAAT SIN DEI GRIENG DACH SOU LESCHTEG KERLEN.

    An dier kennt jo mam Velo an den Besch fueren!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...