Samstag, 1. Mai 2010

Neverending Story: A400M

Ass den A400M en Flieger fir humanitär Zwecker? Jo an Neen. Den A400M pauschal als Rosinenbomber oder imperialistegen Vorschlaghummer oofzestämpelen ass den falschen Usaatz. Den A400M ass en multi-task militäreschen Transporter deen wi Airbus-Military op hier Homepage préziséiert fir vill Zwécker ze gebrauchen ass: "In a rapidly changing world, we can only guess at where the next military threat, peace-keeping need or urgent request for humanitarian aid may arise."(1)

D´Letzebuerger Regierung verkeeft den A400M der Bevölkerung awa als en rengen humanitären Flieger an genee do ass den Problem:
- Wi no Irakkrich an Afghanistanasätz een vun den louchsten Lait aus der deemoleger Bush-Administratioun, den Donald Rumsfeld meih Engagement vun den europäeschen Partner gefuedert huet, hun sech puer europäesch Länner zesummenfonnt fir op dei Fuederungen anzegoen...
- Ennert dem Impuls vum deemolegen DP-Verdeedegungsminister Charles Goerens, gouff dun decideiert sech um Bau vum A400M ze bedeelegen. Hai gouff awer bewosst EADS(airbus) als Partenaire erausgesicht, fir och en Beitrag ze maachen un d europäesch Rüstungsindustrie. En weideren Grond deen Halsdorf a co. net erwähnt..
(Genau aus dessen zwou Ursachen hun déi Gréng 2005 beim Vote an der Chamber och matt Nee gestemmt)

En Flieger fir humanitär Zwecker ass secher keng schlecht Iddi an och eng Fuederung di Lait vun lenks bis riets ennerschreiwwen kennen. Beim Fall vum Letzebuerger A400M stellen sech na weider froen:
- Den Letzebuerger A400M soll am belschen Contingent operéieren. Desst bedait dass den Flieger enner belgschem Kommando, respektiv Nato waert schaffen. Ähnlech wi beim AWACS-Opklaerungsflieger deen zwar enner Letzebuerger Flag flitt, heinsto mol um Findel Touch&Go mecht waert den breeden Public zu Letzebuerg net matkreien fir wéi eng Zwecker den A400M schlussendlech agesaat gett.

Eichter waert den A400M awer Asätz fleihen di weineg matt humanitärem Engagement ze din hun: "Luxembourg has already earmarked EUR 120 million (USD 170 million) to buy one A400M in partnership with Belgium, which has ordered seven more of the planes used primarily to lift forces, equipment and cargo into conflict areas."(2)
Besonneg wann de Flieger ennert Belgschem Nato-Commando opéreiert kann et gudd sin dass den Flieger Fallschirmtruppen oofsetzt, schweiert Krichmaterial transporteieren muss etc.

Dass sou en Projet vill Geld kascht wonnert keen. Letzebuerg huet schon eng esimeiert 120Milliounen Euro an den Projet gestach(3), an muss nach ronn 180 Milliounen bezuelen... Mi belleg Alternativen giffen et awer och gin:
Wann d´Letzebuerger Regierung onbedengt well humanitär Asätz fleihen keint se op um Findel usässeg Frachtcompagnie´en zereckgräiffen. Nierwend Cargolux gin et um Flughafen na eng Reih aaner Kompanien di op Charter-Cargoflich spezialiseiert sin, besonneg a Krisenregiounen. Eng aaner Possibilitéit waer gewiergt gebrauchten Fliegeren ze kaafen wei den C-130 wat en strategeschen Cargolifter ass, deen sech als Schaffpäerd an den Krisenregiounen vun der Welt schon oft bewissen huet... wann Letzebuerg dann wieklech en eegenen Flieger brauch?


(1) http://www.airbusmilitary.com/A400M.aspx
(2) (3) http://www.expatica.lu/news/luxembourg-news/Luxembourg-willing-to-pay-extra-for-A400M_59348.html
Picture: Courtesy AFP

1 Kommentar:

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...