Ech haalen mech ganz kuerz:
Absolut ekelerreegend wéi d' ADR sëch elo matt den Afferen aus Norwegen hier auslännerfeindlech a flüchtlingsveruechtend Politik wäisswäschen wëll: An engem Schreiwwes verweist d ADR haut op hieren Grondsaatzprogramm well sie am wirren an gëckegen Manifesto vum Anders Behring Breivik erwähnt gin als "anti-immigratiouns- an nationalisteg Partei". Als kléngen Rappel: Am totalen Géigensaatz zum ADR Grondsaatzprogramm steet dëssen Pressecommuniqué aus dem Maerz 2011 "Kee Lampedusa zu Lëtzebuerg" : ... D'ADR verlaangt dat et ouni ze waarden zu konkreten a schnellen Aktiounen kënnt fir keng nei Flüchtlinge mussen opzehuelen, fir déi bestehend Asyldemandë schnell ze traitéieren an am Fall vum Refus de betraffe Leit schnell an ouni finanziell Kompensatioun an hir Heemecht zréck ze schécken. En Ausfluch op Lëtzebuerg däerf kee Geschäft ginn ...
Kléngt sou nët den Uffank vun xenophober oder onsolidarëscher Flüchtlingspolitik? Ech fannen et schlëmm wéi elo beemol d' ADR sëch wëll wäisswäschen an daat am Numm vun den Opferen aus Norwegen... Absolut Schamlos!
ADR Schreiwwes:
http://www.adr.lu/index.php/neiegkeeten/pressematdeelungen/47-massakernorwegen
ADR Schreiwwes "Kee Lampedusa zu Lëtzebuerg"
http://www.adr.lu/index.php/neiegkeeten/pressematdeelungen/13-startsaeit-4
N.B
Obwuel déi jonk gréng schon en Solidaritéits- a Kondolenzschreiwwen un AUF - d' norwegësch Jusos geschriwwen hun, wëll ech nachmol op dësser Plaz main ganz häerzlecht Bäileed un Familen an Frënn vun den Affer riichten. Mir wäerten ierch alleguerten an Arënnerung haalen als jonk engagéiert Mënschen déi hier Dreem vun enger besserer Welt ant d Hand geholl hun an verwieklechen wollten. Äeren Idealismus an Engagement genau wi d' Arënnerung un ierch erhaalen mir alleguerten um Lierwen.
Posts mit dem Label Rassimus werden angezeigt. Alle Posts anzeigen
Posts mit dem Label Rassimus werden angezeigt. Alle Posts anzeigen
Dienstag, 26. Juli 2011
Mittwoch, 13. Januar 2010
Wéi d' Xenophobie sech an de Mainstream schléicht...
Hautzudags, besonneg an Zaiten vun Krise fénkt et jo schon rëm un schick ze gin wann een e bëssi op Auslänner klappt... Dat kridd een meeschtens och nach iergendwéi verzéiht an deem een seet "Ech sin jo keen Rassisst mee..."
Di schléichend Xenophobie ass och béi ons zum Mainstream gin... dat bëschten Beispill fannen ech dëssen flotten Ausschnëtt aus der RTL Sendung "Wanns de ëppes kanns":
an deem Sënn, groussen Bravo un den RTHELL dësst effektiv op Sendung ze bréngen... En gemeinsamt Feindbild ze hun huet na nie geschued, besonneg a schlechten Zaiten... dovunn kënnen äer Grousselteren ierch en Liddchen sangen...
Dofir meng Empfehlung: Den RTHELL sollt sech mol seriö Gedanken maachen wat en do op Sendung sëtzt, an den Country Sänger Mertens soll di nächst Songs op Franséich sangen... Méi domm gouff nach nie een vun enger Friemer Sproch, och keen Lëtzebuerger.

Abonnieren
Posts (Atom)