Montag, 8. Dezember 2008

ADR-Spagat: Haltungsnote 0.0 inklusive Leistenbruch



Als éischt well ech kuerz eppes lassgin:

Deen léiwen Primat hai nierwend dem Text kann fir naischt an huet a kénger Wéis gelidden beim Hierstellen vun dësser Fotomontage. Hien gouff och adäquat an Bananen-Euro bezuelt well mir jo an enger Bananenmonarchie lierwen. Mee da ech kéng Fotoen vun Populisten uploaden an schon guer net den Roud-Waiss-Bloen ADR-LOGO huet onsen leiwen Charlie, vun deem mir och oofstaamen, missen drun gleewen... sorry Charles!



Zereck zum ADR. Datt den ADR eng Partei ass déi wieklech fir eng alternativ Demokratie steht ass jo gewosst. Haut huet dann och di Alternativ-Demokrateg-Populistenpartei op enger Pressekonferenz hier Positioun zur Monarchie-Fro praissgin: ADR-Positionnementer sin emmer eppes duerchaus drôlesches an dofir hun ech mech haut och mol enker op hieren Site getraut.
(Well ech virdrun an menger Studentenbuut opgeraumt an gebotzt hat, hun ech nach virsichtshalwer meng Botzhändchen ugehaal...et wees een jo nie...)
Mir arënneren ons jo nach all un dem ADR séng "Braut-die-sich-nicht-traut" Approche beim europäeschen Verfassungsvertrag wou et natierlech doropp hinausgelaaf ass, wéi den ADR deen mannsten Schued an déi meeschten Wielerstemmen fir di nächst Gemengenwahlen assuréiert.

Elo, Dezember 2008 knapp 7 méint virun de Wahlen 2009 huet den ADR natierlech och eng Strategie am Kapp...wéi maachen mir méiglechst vill Tam-Tam ouni vill unzeécken an en maximum un Wielerstemmen erauszekréien. Dofir brauch een vill Flexibilitéit...an wann een di aal gro Eminenzen vum ADR sech ukuckt mengt een net dass sie sou en flotten alternativ-demokrateschen Spagat hinkréien: Hai hiert Rezept wat een aus hierer haiteger Presse Konferenz erausliersen kann.

Man nehme:

- 4 populisteg Deputéierten an een ultrapopulistegen Generalsekretär

- et schwetzt andächteg jo baal sakral wi bei engem Requiem an wi wann een daat giff gleewen wat een den Léit verzielt...(oh ... vielleicht gleewen déi dat jo wieklech wat se verzaapen ?)

- klappt opt d CSV an de Juncker an fuerdert sain Recktrëtt well hien ze laang gewart huet d' BiergerInnen ze informéieren iwwert dem G.D sain Refus,(wat vertriedbar ass) an schwetzt vun Verfassungsbroch vun der Regierung! ERGO: Et klappt een opt d' CSV well een bei deenen well Wielerstemmen oofgrasen goen. An wéi punkt een bei der CSV Wielerschaft: RICHTEG! wann een sech méi hellëg gett wéi d'Monarchie an d' Verfassungsännerung als logescht Resultat vun där béiser Proposition de Loi ERR-HUSS ausmecht.

- Et STELLT EEN SECH INCONDITIONELLEMENT hannert (Zitat R. Reding) "d' Monarchie, Dynastie, Grand-Duc Henri, an maachen alles wat an onserer Muecht steet dass séng Roll net weider beschnidden gett, an mir bedaueren eng Verfassungsreförmchen mussen matzedroen op Wonsch vum Grand-Duc déi mir selwer sou net opt d Schinn gesaat hätten..."

INTERSSANT 1: Den ADR ass also nach méi hellëg wi den Grand-Duc selwer... dat hätt ech zwar net geduecht. Wi ech dat héieren hun ass schon bal meng Hand op main Hierz gerutscht an wollt hai zu Tréier an ménger Studentenbud den Rouden-Léiw aus der Fenster hänken an den Wilhelmus skandéieren...
INTERESSANT 2: Wann et nëmmen eng Reförmchen(Zitat Reding) ass wisou dann sou en Skandal draus maachen? Et méngt een bal den ADR wier bei dem Gespräch mam Grand-Duc den 2. Dezember net dobai gewiergt.

- Weideren Punkt fir onst ADR-Populismus Rezept:
Et behaapt een emmer erem et giff eng Verschwörung vun deenen aaneren Parteien gin. Sou gouf haut monter op all Partei geklappt déi et zu Lëtzebuerg am Parlament vertrueden ass. (déi bastelen jo alleguerten elo heemlech un enger Republik...)

- Stellt een sech hannert den Grand-Duc, fuedert den Recktrëtt vum Juncker an der Regierung, verdaiwelt aaner Parteien, MEE et fennt een et gudd normal an ubruecht dass en Grand-Duc sech net muss un Gesetzer haalen, an wi en Diktator quasi maachen kann wat en well "à la tête du client / loi".
Also wieklech en Alternativ-Demokrateschen Prozess deen ons den ADR hai virschléit, respektiv eng absolut Monarchie.

- Et behaapt een déi ganz béis Verfassungsännerung déi jiddvereen well (suguer den Grand-Duc) mee net den ADR, giff elo gemaach gin fir dat schlemmt "onwichtegt" Stierfhëllefgesetz duerchzebrengen... Den ADR vergësst dobai ganz dass den Grand-Duc matt séngem Refus sech géint den demokrategen Funktionnement vum Staat an der Verfassung gestallt huet - mee dat ass ok - et steet een jo stramm an matt der Hand um Hierz, d'Aan um rouden Léiw-Banner fixéiert hannert der Monarchie an dem Grand-Duc.

--- En Résumé:
Den ADR schlängelt an diebelt sech an mecht en richteg schéinen nuddelegen Spagat teschend enger richteg romantescher Vaterlandsliebe and enger duerchaus beonrouegender blanner Hingab zum Grand-Duc. Dass et sou Leit nach gin wonnert mech emmer erem...mee virun de Wahlen mecht een alles fir ze gefaalen...alles - an besonneg Populisten schéngen dofir vill Kreativitéit ze hun... an su munch Monarchist wärt elo denken "Wéi gudd dass et den ADR gëtt".
An meng gudd Frendin d Marion sot "Den ADR steht mam Dëppchen Vaseline hannert dem Grand-Duc"... awer hechstwahrscheinlech sin se genau su géil drop, der CSV hieren rietsen Fliggel oofzegrasen.

3 Kommentare:

  1. den ADR huet effektiv komech usichten vun deem wat geschidd...

    AntwortenLöschen
  2. lol deen aaf kann ewer fir naisch...

    soss awa gudden an humorvollen post

    pit

    AntwortenLöschen
  3. Den Problem as allerdings, dass heen an der Chamber as, an du net. Dofier as d'Fro weeen dann elo den Aff as...

    Du dommen blöden arroganten grengen Topert!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...