Mittwoch, 3. Dezember 2008

European MEP of the Year 2008 - Claude Turmes




De Claude Turmes gouf zum "European MEP of the Year 2008" gewielt vun der Zeitung "European Voice". Desst ass wieklech en flotten Erfolleg fir hien well et beweist dass seng Arbecht net nemmen zu Letzebuerg mee och op europäeschem Plang gudd ukennt.
Nomineiert war hien fir sain Bestreben och EU-Deputéiert a PolitikerInnen an vun aaneren Faarwen fir méi ambitieis Zieler an Saachen Klimaschutz, an virun allem um Gebitt vun den erneierbaren Energien ze gewannen.

Gratulatioun Claude! :)
http://www.europeanvoice.com/page/the-evawards-europeans-of-the-year-2008-nominees/788.aspx
(weider Infos zum Vote um Site vun European Voice)


Obwuel een dess Awards net zefill iwwerbewerten soll, fannen ech et flott dass et een Letzebuerger Europadeputeierten gett deen sou aktiv an erfollegreich ass, besonneg och an der europäescher Rezeptioun. Am Geigensaatz zu der Amiperas-Fraktioun vun der CSV mam Jean Spautz (78) Astrid Lulling (79) an dem Erna Hennicot-Schoepges(67 - mee bei weitem dat aktivst vun deenen drai) dem ständeg motzenden an autonom-opereierenden Robert Goebbels(deen wuel "Remerschen" na emmer net verquesst huet - an sech monter fir Pestiziden an Monsanto asetzt) an dem eischter taciturnen Lydie Polfer, ass den Claude Turmes deen eenzegen Europadeputeierten deen an der nationaler wei internationaler weineg bis guernet an der Kritik steet. Greng Politk wierkt also och op europäeschem Nivo!

Deen eenzegen Letzebuerger Europapolitker deen nierwend dem "Tuerm" gudd ewegkennt, ass onsen Super-Juncker(ouni deen zu Letzebuerg jo alles giff ennergoen) an vielleicht d Vivianne Reding matt sengem Roaming-Coup deen bei den Lait gudd ukennt.
N.B Mee fir all Blogger an Internauten, Rapidsharer an Torrent-User : D´ Mme Reding huet virun kuerzem behaapt et weilt dem Filesharing an dem "Downloaden" de "Krich erklären". Et waert also nach eng flott Walze vun Breissel an Zukunft iwwert ons Internetrechter rullen wann een den Aussoen vun der Kommissärin Glaawen schenken kann, an su munch Computermuffel(wi ech och heinsto gär een sinn) waert rem op penibelst Art a Weis criminaliseiert gin.

Eenzegen klengen Schéinheetsfeeler:
An der Kategorie "National Politician of the Year 2008" krut den Nicolas Sarkozy den Award... sangend italienesch Ex-Modeler an een Skandal nom aaneren man et wuel méiglech...an schon kann ech rem dem Mick Jagger rechtgin : "Every publicty is good publicity" :)

1 Kommentar:

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...