Dienstag, 27. Januar 2009

Cacahouette vum Daag : Barroso & Nabucco Pipeline

Bréissel: Den José Emanuel Barroso wëll laut sénger naier Videobotschaft eng nai Pipeline fir Europa. Di sougenannten "Nabucco-Pipeline" soll méi Sëcherheet bidden well d' Pipelines duerch Belarus an d' Ukraine (Yamal, Druzhba) jo emmer erem dank gazprömlescher Willkür oofgeschalt gin.

Den Här Barroso benotz 2 Argumenter di awa relativ lusch sin: Een Argument dovunner ass geo- dat aanert energiepolitesch:
1. Den Barrosso méngt dass d' Nabucco-Pipeline di d' Tierkai op deem engen Enn, an Wien op deem aaneren Enn verbënnt, duerch politeg méi stabill Länner leeft. Daat mach sënn, en Groussdeel vun der geplangter Pipeline giff effektiv vun Wien aus duerch Ungarn, Rumänien, Bulgarien an dann ant d' Tierkai laafen, an soumatt gréisstendeels duerch d' Unioun verlaafen. Dësst huet awa en Hooken: an der Tierkai giff dess Pipeline opsplécken an nördlech iwwert den Kaukasus verlaafen, respektiv riicht duerch Georgien (Betong-fest an saachen vun politescher Stabilitéit) an deen südlechen Arm giff duerch den Iran verlafen (en Musterbeispill vun engem demokrateschen Staat) fir dann rëm zu Baku am Azerbeidjzhan bei den Gasfelder ze landen. Souvill zu der politescher Stabilitéit vun dësser Pipeline, ouni iwwerhapt iwwert d' Tierkai an den Azerbeidjzhan geschwat ze hun...
2. Den J.E. Barroso behaapt matt enger naier Pipeline kéint een d Angebot vun den Energiequellen an der EU "diversifiéieren" respektiv erwéideren an ausbauen ... ah bon... ? Heescht diversifiéieren net nai Marché'en erschléissen matt naien Technologien? Giff dat net bedaiten nai, erneierbar Energien ze promouvéieren an déi massiv auszebauen - amplatz wéider sech d' fossilt Graaf ze gruewen ? Dem Barroso sain Argument ass daher genee su idiotesch wi wann een giff behaapten Atomkraft waer eng ernéierbar Energie, well all puer Wochen den Uran an dem Reaktor muss ernéiert gin .

Barroso - Cacahoutte vum Daag !

4 Kommentare:

  1. da komm ma schecken onsen juncker dohin da kann en do wurschtelen op dem Barroso sengem posten :D

    AntwortenLöschen
  2. Dass mer sou schnell net vum fossile Brennstoff wechkommen ass kloer, dass mer eng Alternative zur Gasprom Pipeline brauchen ass ebenfalls kloer.

    AntwortenLöschen
  3. Su richteg gëlle loossen kann ech dat awer net.
    Ët ass egal wéi besser 2 Linnen ze hun, och wann së allebéid duerch politesch onstabil Regioune verlaafen. Dat zum nämlechten Zäitpunkt op zwou verschiddene Plaatz ee méngt, e misst de Max spillen ass, méi onwahrscheinlech wi op engre Plaatz alléng. Natirlech wiren aaner Quelle besser, mee sou laang d'Nordséi net méi hir gëtt, mussen eben di fréier Sowjetstaaten duër haalen.

    Alternativ Energiequelle si schéin a gudd, mee ët gesäit ee wuel jo awer an, datt së nach net a haut an och nach net muer de Gas kënnen ersetzen.

    AntwortenLöschen
  4. @ PA

    dofir mussen ma haut ufaenken emzedenken an delokal ze produzeieren...

    nozekucken wei Russland seng "eegen" ex-satellitstaaten iwwert den desch zidd an nokucken wei Europa engem Putin den arsch oofbotzt ass awa och keng solutioun - well och russland huet den peak vun sengen reserven hannert sech - dh et ass einfach nemmen na eng fro vun der zait bis deen krunn och endlech zou ass...

    wat ass den reellen praiss vun engem meter-kipp gas - wessend dass dei lait di an russland den gazpromstaat an Fro stellen op oppener stroos erschoss gin - siehe main blogpost virun puer deeg

    mir kennen muer jo haut schon ufaenken delokal ze produzeieren matt ernaierbaren energien - dat schaaft arbechtsplaatzen, kurbelt d economie un.

    ech kennen d situatioun an russland an sengen satelliten staaten relativ gudd, an mir doen och deenen keen gefaalen wann ma hinnen d kaal scheller weisen an soumadder den demokrategen prozess an laenner wi der ukraine, belarus emmer erem ant d stocken brengen...an genee dat man mer wann ma ons vun der gazprommafi alles dikteieren loosen...an deenen länner keng perspektiv bidden...

    wat feelt ons also ? den politegen courage eppes ze bewegen wi su oft...

    ok ech huelen lo erem dat typescht grengt beispill:
    di greng gemeng biekerech ass gleich energie-autark an liwwert elo schon stroum un nopeschgemengen an speist ant d netz eran... genee dat brauchen ma iwwerall ...dezentral strukturen - eng nai energierevolutioun...

    leif greiss
    Philippe.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...