Donnerstag, 12. Februar 2009

Den Virschlag um Gréngen Telefon

Mol enker mi eng witzeg Blogmeldung:

Gëschter war ech an der Grénger Fraktioun fir eng Pressekonferenz firzebereeden wi beemol den "Gréngen Telefon" gaangen ass: En eeleren Här ; Joergang 1925 huet séch um aaneren Enn gemellt an zaghaft gefrot ob en "déi gréng" um aaneren Enn erwëscht hätt. Hien hat nämlech en Virschlag un ons... en relativ bahnbrechenden. Den dach pfiffegen an jongebliwwenen 84jähregen huet gemengt hien hätt en Virschlag fir engülteg eng sëcher Endlagerungsplatz fir Atommüll an gebrauchten Uran fonnt ze hun: Ganz einfach: Mol ganz onschelleg bei der NASA uruffen, eng Rakéit vollpaaken matt radioaktivem Ooffall man an op den Mound schéissen... nee net iergendwou op den Mound, mee op di donkel Moundsait, dei di der Erd nie exposéiert ass.
Wann di Rakéit giff um Cape Caneveral giff explodéieren haett een wuel als kléngen By-product di gréissten Dirty Bomb vun allen Zaiten... 

5 Kommentare:

  1. Wéi waar daat? Als alternativen Antrieb fir Raumscheffer huet och irgendeen eng Kéier virgeschloen, dach all 5 Sekonnen hannert dem Raumscheff eng Atombom ze zünden. Am Weltraum géif daat jo keen stéieren...

    AntwortenLöschen
  2. endlagerung net antrieb ^^

    mam antrieb waer dat och zumleschen bloedsin wei wells de eng explosioun esou kanaliséieren dass de doraus en antrieb kriss... an och hai gelt wann dain raumscheff um wee ant d atmosphaer explodeiert hues de en majeur-miesen :D

    AntwortenLöschen
  3. @joel flott iddi leider muss de daat raumscheff geint dei atombomm schützen... waat schlecht meiglech ass....

    Waat ass wei wann een sou wei bai deem Weltraum tourismus-dengens, keng rakeit ofscheckt mee daat ganzt vun engem Fliger aus der Loft aus ofscheckt? Da keint daat ganzt jo eventuel ouni wierklech Rakeit mee nemmen mat Rechstrahltriebwerker realiseiert gin? an domm wier dee problem mat der Dreckeger Bomm geleist?

    Well an engem Punkt huet en Recht: dRecksait vum Mond intresseiert eis net wierklech....

    leider waert dee stroum doduerch soudeier gin daat mer genausougudd kennen den Donald Trump bezuelen deen op engem Velo mat dynamo Stroum mecht....

    AntwortenLöschen
  4. Ass jo net meng Idee gewierscht, pol. "Kanns du net liesen, Jong?"

    AntwortenLöschen
  5. hun ech jo nii behaapt ;-)

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...