Montag, 9. Februar 2009

Giorgio Napolitano à la luxembourgeoise ?

Sait Joeren kämpft den Papp vum Eluana Englaro fir Dignitéit vun sénger Duechter. Seng Duerchter lait no engem Autoakzident sait 17 Joeren am Koma. Doktoren gesin keng Chance méi dass di jonk Fra nach erwäscht, hieren behandelnden Anästhesist seet dass di jonk Fra sait 17 Joer doud ass an just nach duerch Canuelen am vegetativen Zoustand gehaalen gëtt.

No joerlaangen emotionalen Debatten an der Justiz huet den Beppino Englaro, Papp vum Eluana et endlech färdeg bruecht dass seng Duechter kéint am Fridden stierwen. Deem war awa net laang sou. Den Silvio Berlusconi, alias den Medienprënz an italieneschen Premier huet matt engem Urgence-Dekret dess Entscheedung rem ausser Kraaft gesat. "Ech kann keen embrengen, ech sin net den Pontius Pilatus" seet deen Mann deen an Italien sämtlech biometresch Daten vun Roma an Sinti wëll sammelen. "Dëss Fra ass an der Fassong Kanner ze kréien" behaapt hien weider an engem Interview an verstëmmt weider séng Landslait, vun den Alpen bis erof an den italieneschen Stiwwel. 

Or huet elo den italieneschen Président, Girorgio Napolitano sech verwéigert dëssen Dekret ze ennerschreiwwen. Hien besteht drop dass d' Geriichter schon entscheed hun an een net einfach kann eng demokrateg-gerichtleg Entscheedung iwwert d Kopp gehaien... Desweideren kritiséiert hien dass den Berlusconi séch ausschliesslech vum Vatikan berooden geloos huet an dësser Fro.

Wat bléiwwt ass erem eng politeg Krise an Italien, eng di d' Gesellschaft massiv spalt, an eng rieseg Ongewessheet vir d Famill vum Eluana déi nach emmer net méih wëssen wéi virdrun...

Meng kléng Ureegung:
Hätt den erzkonservativen an strénggleewegen Grand Duc Henri läscht Woch,  den Girogio Napolitano nach sou himmel-hoch-jauchzend emfaangen wann hien gewosst hätt dass hien sou en Dekret net ging ennerschreiwwen?
Villeicht huet jo dëss Kéier mol een sech enker am gudden um Héng inspiréiert, eppes net ze ennerschreiwwen...

5 Kommentare:

  1. Den Berlusconi ass sou eppes rëffeges... et ass ma na emmer en rätsel wisou deen konnt erem also fir d 3. gewielt gin ... an hat jo och wuel net vill choix well soss waer en am prisong ...

    AntwortenLöschen
  2. Den Berlusconi ass esou en hannerf***** A*****, deen iwwertrëfft den Bush nach locker. Sorry fir meng Ausdrocksweis, mee ech wees net, wéi ech deen kéint méi treffend beschräiwen.

    An all Respekt fir den Napolitano!

    An et wéisst eng Kéier méi, wéi néideg Stierfhëllefgesetzer sinn!

    AntwortenLöschen
  3. jo do hues de rescht!

    Den berlusconi ass enner aller Sau... wieklech su en kriminellt Paak...

    deen iwwertrefft wieklech na den bush...

    AntwortenLöschen
  4. mme englaro ass denowend verscheed... anscheinend hat sie deen wonsch och geäussert virun hierem akzident

    AntwortenLöschen
  5. eng traureg Geschicht a leider keen Eenzelfall

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...