Samstag, 7. März 2009

Bock op Niveau! ... beim Letzebuerger Wort!



Ech hun mech rem getraut: E Bléck an d Letzebuerger Wort a.k.a Gasperecher Inqusitiounsblaat. An senger Samstes-Sonndes Ausgab ass d' Wort jo bekanntlech besonneg perfid an knaschteg, an e richtegen Herzklappenausléiser fir all Mensch deen bessi informéiert ass: Desskéier awa hun ech mech den Lieserbréifer gewidmet: Ech brauch jo kengem méi ze zielen dass Lieserbréiffer an Communiqué'en di net 100-prozenteg der 3-falteger Wort-Bistum-CSV Linn trai sin den Wee ant d Wort net fannen. *
Zu den Lieserbréiwwer: Deen éischten mam Titel "BOCK OP GRENG?" huet eng Mme vun Useldéng geschriwwen: Sie reegt sech opp dass op der Campange vun déi gréng matt engem gréngen Schof , "bock op gréng" ennert dem Schof steht. Usech ass e männlecht Schof jo e Widder seet sie, dofir misst d Kampagne "widder déi gréng" heeschen. Daher fennt ons Useldénger Madämmchen dass déi gréng keng Ahnung vun der Natur hun, (wi gudd dass se net "Schöpfung" soot) an sech geiert hätten. Dat waer awa fiir sie awa naischt naies mam ieren, schliesslech hätt den Jean Huss sech jo och bei dem "Euthanasiegesetz geiert" .
Deen zweeten Lierserbréif "Vive de Grand Duc" ass hechstwahrschéinlech vun engem eeleren Här deen sech opreegt dass "Jugend" dem Grand Duc net dankbar genuch ass. Op der Tele giffen Jonker an Jugendparteien matt Emfroen an Positiounen géint ons Monarchie stänkeren. Dobai hätten di jonk jo besser se giffen sech mol drun arenneren wat ons Monarchie am Krich alles fir ons gemeet hätt...
Kleng Ureegung: Ass ons nobel Monarchistenfamill net einfach fortgelaaf am Krich?

*PS: Op der Ouverture vun dem Festival Gay et Lesbien "Transculturelles" hun d' Organisateuren vun Rosa Letzebuerg gesot, sie giffen sech bei St. Paul an insbesondere dem Wort bedanken fir 15 Joer lang keen eenzegen Communiqué oder Lieserbréif an keen eenzegen Event vun hinnen oofgedréckt ze hun. (en Hohn!)

5 Kommentare:

  1. woubäi een där Madame mam Widder jo awer eng gewesse Kreativitéit unerkenne muss. Dat mam Widder ass wierklech kee schlecht Wuertspill :-)

    AntwortenLöschen
  2. Firdéischt emol: ech hunn groussen Respekt virun der. Ech weess net, ob ech mech iwwerwannen kéinnt, dat Blat ze liesen. :)

    Ech hunn de Lieserbréif net gelies, vu dass et hei gottseidank keen Preisescht Wuert, eh, Luxemburger Wort gëtt. Mee ech kann d'Astellung vun der eeler Generatioun gudd verstoen, dass se der groußherzoglecher Famill dankbar sinn. Am Krich war d'Grande-Duchesse ee Symbol, an d'Lëtzebuerger hunn aus hieren Radiomessagen hier Hoffnung an hier Kraaft kritt. Ausserdem denken ech, wier et onvermeidlech gewiercht, dass si entweder kollaboréiert hätt oder vergast gi wier, wann si am Land bliwwen wier. Ech kann déi Entscheedung fortzelafen also och gudd novollzéien, an halen se deelweis souguer fir eng gudd Décisioun.

    Dat rechtfertegt awer natirlech net hier Existenz haut. Eise Grand Duc huet näischt fir eist Land gemaach, ausser eis vill Steiergelder ze kaschten. Ech mengen, an dëser Fro missten béid Astellungen méi diferenzéiert sinn: déi Jonk missten bäibruecht kréien, firwat déi eeler Generatioun der grousherzoglecher Famill dankbar ass, an déi eeler Leit missten erklärt kréien, firwat déi Jonk eng Demokratie wëllen ouni ongewielten Monarch.

    AntwortenLöschen
  3. kloer kann ech dei astellung och verstoen gin der recht- an dat respekteieren ech och:

    Ech kritiseieren ledeglech d Wort an hier Selektioun - den Vive de Grand Duc lieserbreif ass just e beispill wei d scheinhellegegt Blaat aus Gasparech emmer erem gezielt nemmen eng sait vun der medaille priedegt...an daat ass net tragbar, perfid an ondemokrateg

    AntwortenLöschen
  4. Woubäi awer och d'Tageblatt an de Journal selektiv bei der Auswiel vun den Lieserbréiwer firgin - allerdéngs ouni déi nemlecht Kohärenz an Rigiditéit ewéi d'Wort: heinsdo kennen se een nemlech duerchaus iwwerraschen. Sou huet de Journal zB. eng Kéier e Lieserbréif vu mir oofgedréckt an dem ech relativ staark d'letzebuerger Demonstratiounsrecht an d'Verhaale vun de Flique kritiséiert hun. Do war ech zimlech positiv iwwerrascht vum DP-Blaat.

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...