Dienstag, 17. März 2009

Wien war dat schoméi ?

Kuerz virun den Norichten vun 9.00 huet den RTL Radio haut eng Emfro gestart dass d Lait sollten di läescht Premierministeren vun Letzebuerg nennen. D' Letzebuerger di jo gaeren laachen wann een Daitschen net kann an 5 sekonnen  vun Adenauer op Merkel zielen kann waren awa schlecht drun. Politesch Bildung ahoi! Hai e puer Lait di d' Lait als Premierminister geduet hun: Luc Frieden a Marc Fischbach. Keen vun den interviewten Trabanten konnt dann d' Letzebuerger Premierministeren bis zum zweeten Weltkrich eroofzielen. Vir mech ass dat rëm en schéint Beispill dass ons politiesch Bildung absolut net seriö geholl gett. An den Schoulen gett et zwar en Daumen-dreh Fach wat sech Instruction Civique nennt, mee wu een dank katastrophalen Programmer d' politesch Bildung vun der Motivatioun vum Proff' oofhänkt. (do hat ech Gléck, well haat e gudden Proff!) Dofir en kléngen Rappel vun den läschten Letzebuerger Premierministeren:
JCJ, Jacques Santer, Pierre Werner, Gaston Thorn, Pierre Werner, Pierre Frieden, Joseph Besch a Pierre Dupong.

4 Kommentare:

  1. Wéi dann? Et gouff je en aneren Premier wéi den Jo-Klot?

    AntwortenLöschen
  2. "do hat ech Gléck, well haat e gudden Proff!"

    Ech géing souguer soen, mir haten dee beschte Proff. Et ginn der mengen ech net vill déi sou motivéiert sinn, dass se hiere Cours moies am Auto preparéieren. ;)

    AntwortenLöschen
  3. Mir haate vill Pierren - Zoufall oder Verschwörung vun der Pierrei?

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...