Montag, 13. April 2009

Emaischen: Hues de mech gär? Bio a fair!

Am Kader vun der Food Campaign vum Grénge Grupp am Europaparlament lancéieren déi gréng dese Weekend d'Aktioun "BIO A FAIR: HUES DE MECH GÄR ?". 
Op Ousterméindeg verdeelen mir iwwerall am Land Ousterhuesen aus biologeschem a fair gehandeltem Schokola: Emaischen zu Nouspelt, Emaischen an der Stad, Oustermart zu Clierf, Ousterlaf zu Gréiwemaacher, Blummefest zu Lellgen/Kiischpelt, zu Déifferdeng, a wee wees wou soss nach iwwerall. (greng.lu)
Dëss Photo ass denmoien entstaanen op der Emaischen an der Staat, wi den Paul R. dem armen Zaldétchen en Hues geschenkt huet. Den Zaldot huet den Kado grinsend zur Kenntnis geholl. Den ADR huet Roud-Waiss-Blo Eër verdeelt, dobai huet nach e Mann ons ugeschwat an gesot "gidd deenen vum ADR léiwer puer Gummi'en dass deenen hier Eër net befrucht gin!" Sprich, en kléngen Air vun Wahlkampf war an der Loft schon an et war wieklech flott deen Wand rem enker ze spieren. An wann ma schon all an Kuschel- a Fréijorslaun sin dann wënschen ech all mengen LierserInnen a Lieser a schéinen Fréijoersuffank! 

8 Kommentare:

  1. lol :D hoffen den uniforméierten léisst sech den hues dono schmaachen :)

    AntwortenLöschen
  2. wisou hott dir emmer di originellsten iddi'en ?

    AntwortenLöschen
  3. mir hun emmer gudd iddien ;) well ma originell sin :P

    AntwortenLöschen
  4. Ech soen lo mol naischt dozou :p
    (Zum Gleck haat ech schon op aanerem Wee en Hues kritt!)

    AntwortenLöschen
  5. Leider hun d'Schocklashuesen net sou gutt geschmaacht wéi ech et vun anerem Fair-Trade-Bio-Schockla gewinnt sen :(

    Mee ech mengen do hätt mol een missen d'ADR an d'Eer rennen ;)

    AntwortenLöschen
  6. << Den ADR huet Roud-Waiss-Blo Eër verdeelt, dobai huet nach e Mann ons ugeschwat an gesot "gidd deenen vum ADR léiwer puer Gummi'en dass deenen hier Eër net befrucht gin!" >>

    Genial!

    AntwortenLöschen
  7. main hues huet awa gudd geschmaacht ^^

    wien weilt dann schon den ADR befruchten! :=)

    AntwortenLöschen
  8. schéin ze gesin firwat eis stéiersuen - cf.parteienfinanzeierung - gebraucht gin. ech sin definitiv an total fir bio an faitrade mais et as wiirklech penibel Léit esou ze köderen; dat gellt natiirlech och fir déi aaner Chambersparteien.Kann een jo glaich fir un Wahlen niergens méi hingoen ouni fun verschiddenen Politiker harceléiert ze gin...Volleksno sin heescht fir d'Problemer fun den Léit am alldag do ze sin an net fir un Wahlen Cadoen ze verdeelen ...

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...