Sonntag, 3. Mai 2009

ELO HANDELEN - 5. MEE TELECOM PACKAGE @ Europaparlament !!!

De 5. Mee gett am Europaparlament iwwert den Telekomm Package oofgestemmt. Dobai geet et och em d'Fro op Provideren kenne engem User wéinst Verdacht op Piratage, respektiv verstéiss géint Copyright Gesetzgebung, den Accès zum Internet ofschneiden. De Risque ass, daat eng ganz zweedeiteg Formuléierung durchgeet, déi zwar vun "droits fondamentaux", vu "libre accès à l'information" a vun der Consultatioun vun engem Tribunal schwetzt, mee trotzdeem erlaabt, datt (privat) Interntprovideren zu enger Internetpolice gin an den Zougang selwer kenne blokéieren - ouni daat e Geriicht esou eng Décisioun fir t'éischt iwerpréife muss. Dat ass een déiwen Aschnëtt an eis Grondrechter!Et ginn eng Rëtsch weider Punkten an desem EU Directive Pak, déi mir ganz kritesch gesinn. Wanns Du net wëlls, datt Internetzensur, Filtrage a Kontroll duerch Regierungen, Musiksindustrie, Telekommfirmen an aner Konzerner d'Netz-Neutralitéit a vill Notzerfräiheeten zerstéieren, dann informéiert dech a gëff AKTIV ! Et ass grad elo wou et zielt !Beim Oofschneiden vum Internetzougang duerch Telekomm Firmen hun déi gréng z.B. een Amendement déposéiert, dee ganz explizit viirschreiwt datt bei engem Blokage vum Internetzougang e Geriicht muss VIRUN der Decisoun ageschalt ginn. Desen Amendement muss onbedengt gestemmt gin. E maximum vu Leit mussen ELO aktiv ginn fir EIS DIGITAL BIERGERRECHTER ze schützen an dese wichtegen Thema ennert d'Leit, an d'Medien a VIRUN ALLEM ennert dei zoustänneg Politiker ze bréngen.Hëllef mat ! Schreiw de lëtzebuerger Politiker e Bréif, Email oder Fax fir se op d'Geforen an d'Enjeux'en vum Telekomm Package hinzeweisen. Schreiw z.B folgendes: "Di nächst Woch get den Telecom Package am Europaparlament votéiert. Stëmmt w.e.g. fir den 'Amendement 138' vun den Gréngen am Europaparlament (ODER: Frot ären Europadeputéierten / är Europadeputéiert fir dem Amendement 138 ze stemmen), dee kloer garantéiert, daat e Geriicht muss ageschalt gin VIRUN enger Décisioun iwert de Blocage vun engem User. Dat ass e fundamentaalt Biergerrecht. Den aktuellen Kompromësstext ass net präzis genuch.

Nuria Garcia, Manuel HussEuropalëscht - déi gréng

Méi Detailer a weider Infos ennert:http://www.netzpolitik.org/ (DE)http://www.heise.de/ (DE)http://www.laquadrature.net/Telecoms_Package (FR)http://www.blackouteurope.eu/ (7 Sproochen)
Contact Info
Email:
Website:
http://www.greng.lu/
Recent News
EU DEPUTEIERT:Erna HENNICOT-SCHOEPGES
Fax Bxl. : +32 2 28 49 836Fax Str. : +33 3 88 179 836
erna.hennicot-schoepges@europarl.europa.eu

Astrid LULLING Fax Bxl. : +32 2 28 49 386Fax Str. : +33 3 88 179 386 astrid.lulling@europarl.europa.eu
Jean SPAUTZFax Bxl. : +32 2 28 49 737Fax Str. : +33 3 88 179 737 jean.spautz@europarl.europa.eu
Robert GOEBBELSFax Bxl. : +32 2 28 49 648Fax Str. : +33 3 88 179 648 robert.goebbels@europarl.europa.eu
Lydie POLFERFax Bxl. : +32 2 28 49 621Fax Str. : +33 3 88 179 621 lydie.polfer@europarl.europa.eu
Claude TURMESFax Bxl. : +32 2 28 49 246Fax Str. : +33 3 88 179 246 claude.turmes@europarl.europa.eu
FRAKTIOUNS-PRESIDENTEN:CSV - Michel Wolter: miwolter@chd.lu, csv@chd.luLSAP - Ben Fayot: bfayot@chd.lu, lsap@chd.luDP - Charles Goerens: cgoerens@chd.lu, dp@chd.ludéi gréng - François Bausch: fbausch@chd.lu, deigreng@chd.luADR - Gast Giberyen: ggiberyen@chd.lu, adr@chd.lu
PARTEIPRESIDENTEN:CSV: francois.biltgen@mt.etat.luLSAP: abodry@chd.lu (Alex Bodry)DP: cmeisch@chd.lu (Claude Meisch)déi gréng: tilly@greng.lu, toff@greng.lu (Tilly Metz & Carlo de Toffoli)ADR: rmehlen@chd.lu (Robert Mehlen)...an natiirlech all eis Kandidate fir d'EU Wahlen 2009 op:www.politikercheck.lu

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...