Mittwoch, 3. Juni 2009

Datenschutz-Magouille beim selbsternannten Datenschützer

Fehlpass!
Déi Jonk Lénk, di sëch gaeren staark maachen géint Iwwerwaachung an sech engagéieren fir Datenschutz, publizéieren bei hieren online Emfroen d IP Adressen vun deenen Lait déi matmaachen. 
Sou kann een bei hieren Emfroën dann direkt erausfannen, wien fir wat oofgestëmmt huet, andeems een matt engem IP Tracker d IP-Adresse agëtt an soumadd Internetprovider, Land, Uertschaft, Proxy Server, Longitude a Latitude vum Betraffenen ugewissen kridd... Nët grad ganz kohärent vun enger Jugendorganisatioun déi sech d Internetrechter an Datenschutz emmer erem op den Banner schreiwwen.

Source: http://www.jonklenk.lu/?q=node/91/votes&page=2

12 Kommentare:

  1. Datt ass effektiv net ganz geschait dat doten ... hun awa na nie en site begeint deen bei Polls IP-Adressen veröffentlecht ? ass jo nemmi "anonym" dann ...

    AntwortenLöschen
  2. Na ja. Och wann et net graad immens ass, esou eng IP-Adress ass awer net immens vill wärt, ausser se ass fix, waat bei 99% vun den Verbindungen net de Fall wärt sinn. Et kann een jo awer keng Identiteit festellen, allerhechstena mat Hellef vum Provider (nemmen op Ufro vun der Police) an der Auerzait. Also an mengen Aan: Net gudd, awer och net fuerchtbar schlemm.

    En plus: waat dann lo? Partei oder Jugendorganisatiounä?

    Iwregens, waat fir een CMS hunn déi Jonk Gréng dann?
    Du schreiws héi och dain Blog mat closed-source Software, wous de genausougudd kéins Wordpress benotzen. Nach dobai bass de bei Google um Server. Och net graad esou kohärent fir eng Partei, déi sech fir Datenschutz an Filesharing ansetzt.

    AntwortenLöschen
  3. Déi Gréng sen o net grad kohärent an hierer Sozialpolitik - siehe Privatiséirungen op kommunaler Ebene zesummen mat der Delpespartei. Oder d'Voten vun de Gréngen an der Chamber zu sozialen Froen.

    Ech muss zougestoen, dat ech leider nie eng Ahnung haat, wien d'Säit selwer gemaach huet. Et wier effektiv besser, dat géif guer net réischt gespäichert gin, mee datste aus souengem Pipifax direkt e ganzen Blogartikel mechs - an dann selwer d'IPs op engem Bild publizéiers - hätt o net misse sen. Häste besser gehaat, ee vun eis perséinlech unzeschreiwen anstatt elo domat Wahlkampf ze féiren.

    AntwortenLöschen
  4. Et muss een ennerscheeden teschend deem wat ech en nom personel man op mengem blog, an deem wei sech eng jugendorganisatioun op hierem site presenteiert - Wat ech hai praissgin vun mir ass jo strikt main Béier - Daten vun 3ten wéiderreegen awa net ... En plus hun ech nach nie wei den Tom sot en Poll gesin wu een konnt kucken ween wéi oofstëmmt dat erschéngt ma enorm onglecklech.

    AntwortenLöschen
  5. Ech stellen fest dass vill Lénker problemer matt Kritik hun, obwuel se selwer vill lenks a rechts vun sech kritiséieren :)

    desweideren hun ech dat schon puermol dem Claude matgedeelt ... ^^

    AntwortenLöschen
  6. Et ass effektiv komesch, froen mech och wiesou esou eppes graad bei drupal dran ass.
    Du hues jo awer och mat dengem Screenshot Daten vun Dretter prais ginn, nee?
    An wann den Sveinn Problemer mat Kritik huet, sou reagéiers du guer net mol drop?

    Bon, streit ierch nach gudd wéider, dann wiehlen ech d'KP.

    AntwortenLöschen
  7. @Joel mat "Ech stellen fest dass vill Lenker problemer matt Kritik hun, obwuel se selwer vill lenks a rechts vun sech kritiséieren :)" hat den Phillippe déi greng a sech selwer bestemmt mat ageschloss ;-)

    AntwortenLöschen
  8. Ob statesch oder dynamesch IP-Adressen, sie hun absolut naischt an der
    Öffentlechkeet verluer. DJG benotzen een System den vun enger privater
    Firma zur Verfügung gestallt get an an desem Fall huet een dann leider
    keng Wahl ob frai oder propritär Software, woubai frai Software an
    allen Fäll natirlech ze bervorzugen wär. Mee keng Angst änneren wärt
    dat sech och nach. ;)

    10:59 as den Artikel gepostet ginn, 11:35 koum d'äntwert an elo um
    16:79 huet sech nach emmer naischt geännert. Aktzeptabel as et an
    mengen Oen net. Dei Kritik hei maan ech lo net weinst Wahlkampf oder
    wat och emmer där lo dobausen denkt, mee weinst der Secherheet an der
    Privatssphäre. Bei dengem Provider steet nämlech gespeichert ween wann
    welch IP-Address hat an wou en domadder wuar. An mär wessen jo och all
    gudd, dass dei Daten net nemmen fiir eis Secherheet gespeichert ginn.
    Well nämlech durch sou Aktiounen fannen Firmen wei z.B. Deutsch Post
    seier eraus wei enger politescher Meenung een as, bzw. nach ganz aaner
    Informationen. (Deutsche Poste Quelle:
    http://www.zdf.de/ZDFmediathek/content/729912) An mär wessen och all,
    dass eist kleng Lux. och secherlech betraff as, well mär leiwen
    nämlech net ob eiser einsamer klenger Insel. ;)

    Jan

    AntwortenLöschen
  9. Ech wees wou Sokrates.lu ugefaang haat, do hun sie och Emfroen gemaach an d'IP veröffentlecht. Sie benotzen jo och Drupal an werd den selwechten System sin. Dat ass effektiv scheiss an muss geännert gin.
    Nujee, et kann net vun jidderengem verlaangen Informatiker ze sin.
    Fir en Drama direkt draus ze maan, naja, menger Meenung no och liicht iwwerdriwwen.

    AntwortenLöschen
  10. Et muss een keen Informatiker sinn fiir ze wessen, dass een d'IP-Adressen net veröffentlechen soll. AN wann engem soueppes obfällt soll een dann eben d'Statistik oofschalten an den problem behiwen bzw. behiewen loosen.

    Get keen Drama draus gemach, as eng Diskussioun wei eng aaner och. Geif dat doten jiiderengem soen, onoofhängech dovunner ob et gewollt oder net gewollt geschidd as. ;)

    J.

    AntwortenLöschen
  11. @ Anonym

    mengen net dass de schocky en drama draus mecht mee et ass scho witzeg dass di grouss dateschuetzer vun jonk lenk sech su eng magouille bastelen

    AntwortenLöschen
  12. Den Problem as geléist an IP-Adresse gi lo neméi gespäichert a scho guer net ugewisen. Do war an der Programmatioun anscheinend e Fehler ennerlaaf (ech kenne mech do leider nit sou aus).

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...