Mittwoch, 10. Juni 2009

European Parliament New course: Far right!

En geféierlechen Rechtsruck geht duerch Europa. Bei den läschten Europawahlen gouffen an de groussen Länner d Konservativ an Riets Kräften massiv gestäerkt. Paralell dozou sin a Spuenien, Frankreich, England an Daitschland d Sozialdemokratie massiv bueden gaangen an verléieren am ganzen 80 Sëtz am Europaparlament! Gréissten Deel vun der EPP-ED Fraktioun stëllt elo dem Berlusconi séng italienesch Partei Popolo della Liberta, en Sammelsurium vun Aalfaschisten, Apologeten an Populisten. Eenzegen Liichtbléck ass déi gréng Fraktioun déi gudd gestaerkt gouff, dank den gudden Scoren an Daitschland an virun allem Frankreich, awa ouni Sozialdemokratie relativ les mains dans les poches dosteht! Villes lait elo um DP-Messias Charles Goerens, deen während dem Wahlkampf sech emmer erem als Lénksliberalen profiléiert huet, an bei deem elo den Spillball lait, di liberal Fraktioun méi no der PES, der NGL/GUE an der EFA/Greens ze brengen - sou kéint eng nai méi fortschrëttlech an Partei iwwergraiffend Allianz am Europaparlament entstoen. Dësst ass awa eng schwiereg Tâche, wann een bedenkt wéi oft NGL/GUE den Dialog verwéigert huet am läschten Parlament, oder national Interessen a Kalkül et verhënneren dass z.B en daitschen Liberalen matt engem daitschen Sozialdemokrat zesummenschafft. Donierwend kënnt dass 93 Indépendents ant d Parlament gewielt gouffen an sou eng enorm Sissiphos-Arbecht sech unkennegt fir déi ze lobbyen.

Aus Lëtzebuerger Siicht kennen ma ons och brätzen:
- Mme Reding, dei aller virausssicht no sech waert rem an den Berlaymont oofsetzen ant d Kommissioun huet ennert der Barrosso-McGreevy Kommissioun den Sozialoofbau an Europa virungedriwwen
- Mme Lulling: no comment
- F. Engel: Gratulatioun Letzebuerg! Firt éischt Kéier schecken mir en faschistoïden an liicht Anti-Semiten Pappkamerad op Bréissel! Chapeau!
- Robby Goebbels: Waert weiderhin de Klimawandel a Fro stellen an sech Gedanken zur Atomkraft maachen...

Il y a du pain sur la planche, et kann een nemmen hoffen dass enner dëssen Emstänn sech di progressistesch Kräften an Europa zesummenfannen an sou fir eng näi Stëmm an Europa kennen suergen, fir ze verhënneren dass ma en Europa vun den Grousskonzerner a Wirtschaftsinteressen kréien, amplaatz vun engem sozialstaarken Europa vun de Bierger- Sozial an Arbechtsrechter.

4 Kommentare:

  1. Läit dat dann net haaptsächlech un den lénke Parteien? Ironescherweis ignoréiert déi ganz Press an Europa Schweden. Do ass nämlech eppes "ganz erstaunleches" geschidd: eng lénks Partei, déi et virun dräi Joer nach guer net gouf, krut 7% vun den Stëmmen. D'Piratepartei. Well si de Leit nogelauschtert hunn, an sech engagéiert hunn.

    Wann hei eng Partei ewéi d'LSAP geschwächt gëtt, dann läit dat dach virun allem drun, dass déi Partei sech zwar sozialistesch nennt, mee schon laang net méi sozialistesch ass. Genee esou ass et mat der SPD oder Labour.

    AntwortenLöschen
  2. D'Sozialdemokraten kréie waat se verdéngen.

    Schocky, du erhoffs der zwar eng "progressiv" Allianz tescht Sozialdemokraten, Liberolen engersäits an Lénken an Gréngen anerersäits géint d'Europa vun den Grousskonzerner - vergess awer dobäi dat d'Sozialdemokraten säit 1918 an déi Liberol schon emmer Vertrieder vun eben desen Grousskonzerner sen. Ech mengen, wann iwwerhaapt, kéint een do héchstens punktuell Allianze schaaffen, sprech bei konkreten Gesetzesprojeten d'Allianz emmer nei schmieden.

    AntwortenLöschen
  3. mengen nix aaneres wi dat Sveinn - sou fonktionneiert d EP jo och! eng majoriteit fir all dossier erkämpfen

    ech erhoffen ma daher den neidegen pragmatismus vun alle seiten well fir wat d PPE steet ass jo gewosst

    Regards

    AntwortenLöschen
  4. firwat da kee Kommentar bei der Mme Lulling? Op hirem Site www.astridlulling.lu seet si all de Leit Merci, déi si ënnerstëtzt hunn. Wat hunn déi Gréng nëmme géint d'Mme Lulling? Si ënnerstëtzt dach d'Beien, also d'Natur. Hoffentlech geet si 2014 nach eemol mat :-)

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...