Dienstag, 29. September 2009

Wort.lu: Für Wahrheit und Recht" und Netzzensur

D' Lëtzebuerger Wort, oder d' Flagschëff vum lëtzebuerger Konservatismus, huet als hieren Ënnertitel "Für Wahrheit und Recht", mee genau wi d' Ënnertitelen vun su munchem Hollywoodfilm "Two Thumbs Up!" "Mindblowing!" etc. schéngt dësst just en flotten kléngen Mäntelchen ze sin. Schliesslech giff den Ënnertitel "Gasparicher Hetz-a Liggenblatt" sech wesëntlech mi schlecht verkaafen.

Denmoien hun ech mer den Artikel op wort.lu ugekuckt iwwert den eurpäeschen Zirkusverband deen d' Staat Lëtzebuerg an Ëisterräisch wëll ukloen well d Staat(ennert dem Impuls vun déi gréng) an d' Land Ëisterräisch d' Zirkusen matt wëllen Déieren verbueden hun.
Souwaitt su gudd. Wi ech iwwert d' Kommentairen vum Artikel geluust hun ass ma een opgefall: 28.09.2009, 19:17 Uhr
Daat ass d'Resultat wann Grenger am Schäfferoot setzen. Mee dei nächst Gemengewahlen si jo geschwenn ...

Ech hun ma dun geduecht dass et zait waer fir en klengt Experiment: Wann een kann anti-gréng kommentairen schréiwwen, dann kann ech och kéint vlait een Gratulatiounskommentaire schreiwwen, ennert engem falschen Numm hun ech dun geschriwwen: "Bravo un déi gréng di dësser Déierequälerei en Ënn gesaat hun! Matt enger CSV am Schäffenrot war dat net méiglech, deenen lait naischt um Déiereschutz"
Kéng 15 Minuten mi spéit kréien ech folgend Email:

Hallo
Ihr Kommentar zu dem Artikel "Zirkusverband will Stadt Luxemburg verklagen" musste leider von unserer Redaktion gesperrt werden und erscheint somit nicht auf der Artikel-Seite.
URL des Artikels: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/47213/zirkusverband-will-stadt-luxemburg-verklagen.php
Vielen Dank für Ihre aktive Teilnahme,
Die wort.lu Redaktion"

Wait a minute - ass daat dann fair? Wisou kann een eppes iwwer déi eng Partei soen an net iwwert déi aaner? Vlait just en Lapsus, vill Stress an der Redaktioun, éischt Middegkeet moies... oder och net? Hmm, Zait fir Plan B: Puer Stonnen dono schreiwwen ech ennert engem 2ten falschen Numm nach en Commentaire, dëss Kéier schréiwwen ech : "skandaléis winst deenen gréngen an der Staat kann ech matt mengem Bouwen nemmi an den Zirkus" Herzzereissenden Commentaire, kleng Kanner sin emmer d' Killerargument an... OH WUNDER kéng 5 Minuten mi speit um besagten Artikel op wort.lu:

29.09.2009, 12:56 Uhr
skandaléis winst deenen gréngen an der Staat kann ech matt mengen Bouwen nemmi an den Zirkus!

Och wann et wuel keen wonnert dass een beim vum Bistums bedriwwenen Parteibliedchen wuel en Faibel huet fir d' CSV, ass daat heiten fir mech en enormt krasst Beispill vun Netzzensur. Wann een sech eng Commentairefunktioun op eng Sait sëtzt dann jo wuel fir den Dialogue an d' Streitkultur ze förderen ? Anscheinend nët sou bei Wort.lu, hei schéngt een eischter dat ganzt bëssi ze lenken. Dësst beweist och ërem androcksvoll dass net nëmmen ons Demokratie mee anscheinend och Deeler vun onser Presse an engem lamentabelen Zoustand sin, an sech dringend och mol di gréissten Printzeitung sech d' Fro stellen ob sie duerch hier eensaiteg Berichterstattung nët een deel un der Schold dorunner dréiht ? Fakt ass, main Kommentaire war weder homophob, nach xenophob nach hetzereg géint deen een oder aaneren(cf. RTL.lu läscht och wieklech just déi hetzereg xenophob an diskriminéierend Beiträg) mee dass eng CSV net vill mam Déiereschutz um Hutt huet ass en Fait! Ët brauch een sech just an hieren Oofstëmmungen am Europaparlament unzekucken. (Corrida, Hondskämpf etc.)

Wat soll ech nach vill faaselen, dat doten ass jo kloer wi Convicts-Zopp !

Link:
http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/47213/zirkusverband-will-stadt-luxemburg-verklagen.php

22 Kommentare:

  1. Jo dat ass gewosst, dat einfachst ass, einfach weder wort.lu ze kucken, nach Wort ze kafen.

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. LOAN OFFER WITH 3% INTEREST RATE APPLY.
      Do you need finance to start up your own business or expand your business, Do you need funds to pay off your debt? We give out loans to interested individuals and companies who are seeking loans with good faith. Are you seriously in need of an urgent loan to contact us.
      Email: aabidullahaameen62@gmail.com

      LOAN APPLICATION DETAILS.
      First Name:
      Last Name:
      Date Of Birth:
      Address:
      Sex:
      Phone No:
      City:
      Zip Code:
      State:
      Country:
      Nationality:
      Occupation:
      Monthly Income:
      Loan Amount:
      Loan Duration:
      Purpose of the loan:
      Email: aabidullahaameen62@gmail.com






















      LOAN OFFER APPLY TODAY FOR MORE INFO.
      Do you need finance to start up your own business or expand your business, Do you need funds to pay off your debt? We give out loans to interested individuals and companies who are seeking loans with good faith. Are you seriously in need of an urgent loan to contact us.
      Email: aabidullahaameen62@gmail.com

      LOAN APPLICATION DETAILS.
      First Name:
      Last Name:
      Date Of Birth:
      Address:
      Sex:
      Phone No:
      City:
      Zip Code:
      State:
      Country:
      Nationality:
      Occupation:
      Monthly Income:
      Loan Amount:
      Loan Duration:
      Purpose of the loan:
      Email: aabidullahaameen62@gmail.com

      Löschen
  2. Kwisatz do sees de eppes ;) !

    Alt rem den beschten Beweis fir die "Zeitung" einfach ze ignoreieren.

    AntwortenLöschen
  3. ann vun mir en merci dass d'letzebuerger Zirkusschoul gefördert gët. (natiirlech ouni Deiren)

    AntwortenLöschen
  4. Salut Philippe,

    sorry, ech wees jo, datt's de net de groussen Wort- an CSV-Frënn bas, ma bëssen Fairness muss sinn. An op dësem Punkt bas de leider am Onrecht, wëll et kann ee schon eng Réi CSV kritesch Kommentaren fannen, wann een regelméisseg op wort.lu ass.

    Puer Beispiller:

    Bei engem Artikel aus der Walkampagne kann ee liesen:

    "Als langjährigen CSV Wieler soen ech dest Joer:

    NIE MEI CSV. Méng Stémmen kréien dei nie mei!"

    oder

    "Nach eppes , passt op wen dir dei nechsten Keier wierlt.

    Resultat vun der CSV dei leschten Joeren:

    - Bankgeheimnis nogin.
    - Heiser an Appartementer net mei bezuelbar, so dass Letzebeuer an Ausland wunnen mussen goen.

    - Mittal entleist Leit, et gouf gesot dei giffen dat machen, souguer sollten dei nach Léit anstellen ( Ried vum Junker virun enger Zeit.

    - andauernd Mindestloun an Luucht setzen , esou dass Letzebuerg onattraktiv vir Industrie get.

    - Mir hun esou eng gudd Schoulreform , dass Mir dei eng vun denen leschten Natiounen am Pisaranking sin.

    - Mais en neien Musee den deck deier gin an net noutwendesch war.

    - En Tram , den deck vill Suen kascht huet , an nach emmer net ungefangen gouf mat bauen"

    oder

    "bilan vun der 50 Joer CSV: déi räich méi räich, an déi aarm méi aarm. tipp topp, weider sou"

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/13654/dem-waehler-reinen-wein-einschenken.php

    Och Kritik un CSV Ministeren ass ze fannen, wéi héi um grousse Chef perséinlech:

    "An däer ganzer Ried waar net een neit Element dran. Alles kaalen Kaffi. An domadder sollen mer déi gréißten Wirtschafts- an Finanzkrise seit 1929 meechteren ? Ideeenlosegkeet oder Resignatioun ? Daat dooten waar éichter en Testament wéi eng Bewerbung fir weider 5 Joer, Häer Juncker !!!"

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/17242/juncker-stimmt-auf-schwierigen-weg-ein.php

    an och Kritik um Wort selwer ass ze fannen, wei héi:

    "Chapeau fir déi immens objectiv Parlaments-Berichterstattung... Bilan vun de Zitater:
    CSV 9x ernimmt; LSAP 0x; DP 0x; Greng 0x; ADR 0x... Waren déi guer net am Sall oder hun se einfach nemmen naischt gesot ?

    Datt bei der CSV scho Walkampf ass, schengt mer legitim, esou een Artikel am Wort leider net!"

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/02994/eine-ueberfaellige-soziale-reform.php

    An leiwes iwwert déi Gréng ass och ze fannen:

    "Ech ginn denen Gréngen zu 100% Recht matt hirer Kritik.Ech hoffen dass d'DP och nach reagéiert op déi Aussoen vum Här Biltgen."

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/26313/dei-greng-werfen-csv-arroganz-der-macht-vor.php

    An am Fong misst du dat dach och wëssen, emmerhin war de "Sandro Welter" (den, mat dem Kommentar zu de beisen Grengen an den aarmen Bouwen, déi net méi an de Zirkus kënnen), dann jo alias Philippe Schockweiler, (es sei denn et géingen puer Léit den falschen Numm notzen) scho mol op wort.lu aktiv:

    "ech fannen den visuell flott (Anm.d.A. = de visuell vun den Gréngen fir d'Walen)
    - mengen di haenn stin enneraanerem fir den logo vun dei greng dat blaat do -
    iwwert den daum gepeilt? wat soll dat heeschen här wagner emmerhin sin déi gréng dach an all deenen groussen gemengen an der verantwortung ?"

    http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/10669/drei-e-fuer-die-gruenen.php

    Dofir sollt ee bëssen virsichteg sinn mat sou Behaaptungen. D'ass LW net zur CSV tendéiert, wëll ech lo net gesot hunn. (Allerdéngs muss een do déi ganz Lëtzebuerger Zaitungslandschaft konsidéréieren, ier een enger Zaitung do ee Virworf mescht)Ma et gëtt scho probéiert awer eng gewess Fairness bei den Artikelen (wuelgemierkt den Artikelen, dat gëllt net fir d' Léitartikelen oder fir d'Kommentaren vun de Journalisten, déi jo éischter perséinlech Meenungen remspigelen)ze hunn an, datt um Internet bei wort.lu bei de Kommentaren keng systematesch politesch Zensur stattfënnt, hunn ech, mengen ech, lo iwwerdriwwen laang bewisen.

    MBG

    Pit

    (Sin mol gespannt, wéi laang dëse Kommentar stoe bleiwt ;-) )

    AntwortenLöschen
  5. mettlerweil huet dach een aneren dai kommentar nei gepost an e gouf ugeholl?

    Wann dei greng emol eng verstänneg Saach beschléissen soll een se och luewen, et mecht zwar dei deastréis Verkéierspolitik net rem gudd, mee et gefällt mer trotzdem.

    An daat zirkus souguer ganz erfollegraisch ganz ouni déieren funktioneiert gesait een bain cirque du soleil....

    AntwortenLöschen
  6. Dat ass leider net verwonnerlech.

    Virun Joeren hat wort.lu dach och eng Kéier en Forum, deen awer séier rem zougemaach gouff, well sie mam zenséieren net méi nokomm sinn ...

    AntwortenLöschen
  7. @ Pit, schein a gudd all déng Beispiller mee wisou net op dëssem Artikel ? :)

    AntwortenLöschen
  8. Ma wéisou net bei dësem Artikel?

    Dat erauszefannen, wär mol eng wertvoll a seriö Beschäftigung fir interesséiert Léit. Besonnesch, wou jo dem Philippe sai Kommentar de moien, vun engem aneren geschriwwen, ugeholl gin ass. Hängt et vlaicht mat der Persoun zesummen, déi grad an dem Moment dofir zoustänneg ass? ...? Keng Ahnung.

    Ma ier een dat wees a besonnesch wëll et wierklech zahlreich Géigebeispiller gëtt, ( ech kann der héi nach präsentéieren, falls dat verlaangt ass) sollt een sech mat Pauschalaussoen zréckhalen. An deet mer leed ma dem Philippe seng Ugrëff sinn allgemeng an net just op dat Beispill bezunn.

    A fir de Rescht fannen ech, datt déi Assoen a mengen Beispiller lo méi géint CSV ginn oder méi anti-CSV sinn, wéi dat Beispill am Philippe sengem Test. (+ net vergiessen, daat Beispill, wou Kritik un der Objektivitéit vum Wortartikel selwer zougeloos gëtt oder och Pro-Gréng Aussoen)

    An alles wat ech domat wollt ennerleen ass, datt et keng SYSTEMATESCH Zensur bei wort.lu gett, an domat dem Philippe seng Behaaptungen oder besser gesot seng duerch rhetoresch Froen suggéréiert Virwërf widerluecht sinn.

    Dofir:

    "Wat soll ech nach vill faaselen, dat doten ass jo kloer wi Convicts-Zopp !"

    Ass et eben net! Op mannst net fir mech.

    AntwortenLöschen
  9. Bon dat hei ass jo elo just e relativt banalt Beispill.

    Ech denken awer, datt een och un deser Stell eventuell op d'Roll vum Wort an der Stierfhellef-Debatt verweise sollt. Do huet d'Zeitung fir "Wourecht a Recht" an enger Debatt, déi eng objektiv Duerstellung absolut néideg hat, well et effektiv em Liewen an Doud gaang ass, radikal eesäiteg bericht. An dir ganzer Zäit ass keen eenzegen (!) Lieserbréif publizéiert ginn, deen en faveur vun der Stierfhellef geschwat huet, och dann net, wann e ganz sachlech an douce formuléiert war. Positiounen dogéint sinn awer quasi am Dagesrythmus publizéiert ginn. Desst Verhalen ass u Verantwortungslosegkeet kaum nach ze toppe gewiert.

    AntwortenLöschen
  10. Jo,

    ech mengen mech ze erenneren, datt tatsächlech keen Lieserbréif pro Stierfhellef dran war. Op alle Fall hunn ech keen an Erennerung. Kann et awer net 100% soen. Ma bon, supposéieren mer meng an deng Mémoire funktionéiert nach gudd. Dann muss ee soen, dat war wierklech net korrekt.

    Allerdéngs och do muss een nach distinguéieren.

    a) d'Artikelen an der Rubrik Innepolitik och an deser Thematik waren normal, wou d'Meenung vun de verschiddenen Akteuren an Parteien präsentéiert ginn sinn. An bei de Chamberdébaten sinn och Aussoen souwuel vun engem gewëssen Här Huss wéi och vum Lydie Err zitéiert ginn etc. etc. (Dofir ass et net ganz richteg ze soen, si hätten "eesäiteg bericht")

    b) Leitartikel an Kommentaren vun de Journalisten sinn natierlech kloer an eng Richtung gaang, wat awer legitim ass. Dofir ginn et jo déi Rubriken an daat maachen déi aner Zaitungen och net aanescht. (vlaicht net onbedengt sou eendaiteg wat lo speziell d'Euthanasiedebatte betrëfft, dofir awer bei denen Thematiken déi fir hier eegen politesch Redaktiounslinn besonnesch sensibel sinn.)

    c) Wéi scho gesot, da bleiwt nach den Punkt vun de Lieserbréifer, wat wierklech eng Verantwortungslosegkeet war. Allerdéngs muss een och soen, dat war keng Fro vu renger Parteienpolitik.

    An dorem ass et mir lo haaptsächlech gaang, ze weisen, datt et net stemmt, datt CSVkritesch oder grengenfrendlech, lsapfrendlech etc. Kommentaren systematesch zenséiert ginn.

    D'Euthanasiefro war numol aus bekannten Grënn ee cas particulier fir d'Wort (wat lo eng Feststellung soll sinn a keng Entschellegung vum Wort), an rechtfertegt ze soen, datt et am Euthanasiedossier eng Zensur bei de Lieserbréifer ginn ass. Dee Virworf muss sech d'Wort wahrscheinlech gefaalen loossen an et wär interessant ze wëssen op eng Kéier eng Stellungnahm vum Wort dazou gemaach gouf oder ob's du oder den Philippe oder soss een iwwerhaapt eng Kéier an der Redaktioun nogefrot huet.

    Awer och dat rechtfertegt, ech betounen et nach eng Kéier, net ze suggéreieren, datt systematesch oder regelméisseg Zensur zum Virdeel vun der CSV bei de Kommentaren bei wort.lu gemaach gëtt. (siehe Géigenbeispiller)

    Sou oder sou, gëtt et interessant ze kucken, wéi et am Wort, awer och an den aneren Zaitungen an och insgesamt an der Öffentlechkeet, bei den Diskussiounen em d'Homoehe, d'Reform vum Adoptiounsrecht an der Revisioun vun der Ofdréiwungslegislatioun geet. Alles Dossieren déi an deser Legislatiounperiod jo wärten ufaalen.

    (Wëll bei der Euthanasiedebatte gouf et besonnesch am Ufank, souwuel bei den Akteuren op der Proeuthanasiesait, wéi bei de Géigener Stellungnahmen, déi mat géigesäitegem Respekt an Verantwortungsgefill par rapport zu der Gesellschaft wéineg ze dinn haaten. Also do hunn ech nach puer Aussoen, Stellungnahmen etc.,déi toppen su manches)

    En plus, do sinn ech mer secher, wärs du bestëmmt rem Trennung vu Staat a Reliounsgemeinschaften thematiséieren, oder Manuel? :)

    Wann ech awer nach duerch ee Wonner sollt ee Lieserbréif Proeuthanasie fannen, mellen ech mech natierlech. ;)

    AntwortenLöschen
  11. Also wat Leitartikele betrefft, do hues de secherlech recht. Ech si jo och e grousse Fan vum Här Zeches; séng Kommentären hu mech faszinéiert a stimuléiert. ;)

    Wat awer elo d'Berichterstattung betrefft, do muss ech soen, datt déi - wann ech mech richteg erenneren - heiensto dach zimmlech suggestiv war. Virun allem hu mech awer déi säiteweis "Standpunkter" gestéiert, déi emmer just d'kontra-Positioun eremgespiggelt hunn. Mee verwonnerlech ass dat - mat Bléck op d'Besetzverhältnisser beim Wort - jo usech net.

    Wanns de mer eng Tribune Libre beim Wort offréiers, dann huelen ech déi gären un a schreiwen eppes iwwert Trennung vu Kierch a Stat! ;)

    AntwortenLöschen
  12. Ech fannen "Netzzensur" daat falscht Wuert an desem Zesummenhang. Ech mengen du kenns meng Meenung zum Wort an ech stellen déi genannten Negativpunkten un dem Schmierblaat och guer net a Fro. Natirlech fannen ech et net gudd an richteg, wann just eensaiteg Kommentairen duerchgeloss ginn (obwuehl et jo och Géigebeispiller ged) sollten, mä mat "Zensur" huet daat net vill ze dinn. Sie drecke jo och net all Lieserbréif oof. Natirlech sollt een, wann een schon esou eng Kommentarméiglechkeet bidd, méigleschst fair bleiwen.
    Trotzdem huet een op sengem Site nach emmer "Hausrecht" an dovunner gebraucht ze maachen, fannen ech net onbedengt "Zensur".

    AntwortenLöschen
  13. go schocky!
    Gudd gemach... @ Pit ... sorry mee you're wrong

    AntwortenLöschen
  14. go pit!
    Gudd gemach... @Schocky ... sorry mee you're wrong

    AntwortenLöschen
  15. Bezuelbare Prêt Offer wierklech frëndlech kontaktéiert eis per Whatsapp +19292227023 E-Mail drbenjaminfinance@gmail.com

    Mir si Finanzberoder déi zouverléisseg Prêten u Privatpersounen a Finanzéierung fir Geschäfter, Heem a Projete starten. Sidd Dir midd Prêten ze sichen oder sidd Dir an all finanzieller Mess. Hutt Dir e nidderege Kreditt Score, an Dir fannt et schwéier Prête vu Banken an anere Finanzinstituter ze kréien? da Suerg net méi, well mir sinn d'Léisung fir Äert finanziell Ongléck. Mir bidden all Typ vu Prêt rangéiert vun euro5,000.00 op euro533,000,000.00USD mat engem niddregen Zënssaz vun 2% a Prêtdauer vun 1 bis 35 Joer fir de Prêt sécher an net sécher ze bezuelen. Verléiert Dir Nuets Schlof Suergen wéi Dir e Legit Loan Kreditgeber kritt? Kontaktéiert eis iwwer Whatsapp +19292227023 E-Mail drbenjaminfinance@gmail.com

    Deelt dëst fir eng Séil elo ze hëllefen, Merci

    AntwortenLöschen
  16. Aufgrund der Weltpandemie. Derzeit haben wir ein Darlehensangebot mit einem um 4% reduzierten Zinssatz. Sie können uns noch heute kontaktieren über: plutocreditfinancier@gmail.com

    AntwortenLöschen
  17. Gudden Dag, Sidd Dir e Prêt gebraucht? wéi zum Beispill e Prêt fir Är Abteilung ze bezuelen, Kaaft en Auto selwer, baut en eegent Haus oder fir Äre Loyer ze bezuelen a finanziell Probleemer ze léisen, hei ass eng Geleeënheet fir Iech, mir bidden Heemprêten, Geschäftsprêten a schlecht Kreditt Prêten, kommerziell Prêten, Start- up- Aarbechtskapital Prêten Bauprêten, Autosprêten, etc vun 3% Zënssätz pro jäerlech zréckbezuelt, eise Prêt dauert maximal 2 Schaffdeeg, fir bei all approuvéierte Clienten op der ganzer Welt ze kommen. Gitt eis gär per E-Mail @ (urgentloanonlineservice@gmail.com) Fir séier Äntwert

    AntwortenLöschen
  18. Ech sinn sou glécklech, no sou vill Versich e Prêt ze kréien, ass eng Prêtfirma zu menger Rettung komm. Ech war ganz noutwendeg fir e Prêt, bis enges Daags, huet mäi Brudder mir vun enger éierlecher Prêtfirma erzielt déi senger Fra mam Prêt gehollef huet, hie schwätzt sou vill iwwer d'Prêtfirma an ech hu beschloss hinnen ze kontaktéieren, hie sot mir wéi de Prêt schaffen an ech hunn seng Instruktioune gefollegt, wierklech, ech krut de Prêt. Fir Leit, déi e Prêt brauchen, kontaktéiert w.e.g. d'Firma iwwer dësen E-Mail (urgentloanonlineservice@gmail.com)

    AntwortenLöschen
  19. Ech sinn sou glécklech, no sou vill Versich e Prêt ze kréien, ass eng Prêtfirma zu menger Rettung komm. Ech war ganz noutwendeg fir e Prêt, bis enges Daags, huet mäi Brudder mir vun enger éierlecher Prêtfirma erzielt déi senger Fra mam Prêt gehollef huet, hie schwätzt sou vill iwwer d'Prêtfirma an ech hu beschloss hinnen ze kontaktéieren, hie sot mir wéi de Prêt schaffen an ech hunn seng Instruktioune gefollegt, wierklech, ech krut de Prêt. Fir Leit, déi e Prêt brauchen, kontaktéiert w.e.g. d'Firma iwwer dësen E-Mail (urgentloanonlineservice@gmail.com)

    AntwortenLöschen
  20. Hallo alleguer, ech sinn vu sou vill Firmen scammed ginn, déi behaapt hunn, richteg Kreditgeber ze sinn, awer all meng Beméiunge sinn ëmsoss, ech hu méi wéi 3500 Euro u falsch Kreditgeber verluer, deenen se behaapten, wat se net sinn. Bis mäi Frënd mech de richtege Kredittgeber virgestallt huet, deen ech kontaktéiert hunn an ech e Prêt vun hinnen a just 48 Stonnen erfollegräich krut, géif ech jidderengem recommandéieren, e Prêt ze sichen ouni Angscht ze kontaktéieren per E-Mail: lapofunding960@gmail.com
    Whatsapp +447883183014

    AntwortenLöschen
  21. Moien, jiddereen



    Mir hoffen, datt dëse Kommentar Iech gutt fënnt.


    Mir bréngen Iech déi bescht Prêt Offer um Maart op.


    Mir bidden all Zort vu Prêt.


    . Auto Prêt


    . Home Prêt


    . Hypothéik Prêt


    . Perséinleche Prêt


    . Payday Prêt


    . Klenggeschäft Prêt


    . Student Prêt amo


    Frot Iech haut fir e Schnellprêt a kritt bannent 12 STONNEN zum allerbeschte Zënssaz vun 2,9% kreditéiert


    Kontaktinfo: jurgenstefanfinancialservice@gmail.com

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...