Dienstag, 26. Juli 2011

D' ADR wäescht hier Auslännerfeindlech Politik wäiss

Ech haalen mech ganz kuerz:
Absolut ekelerreegend wéi d' ADR sëch elo matt den Afferen aus Norwegen hier auslännerfeindlech a flüchtlingsveruechtend Politik wäisswäschen wëll: An engem Schreiwwes verweist d ADR haut op hieren Grondsaatzprogramm well sie am wirren an gëckegen Manifesto vum Anders Behring Breivik erwähnt gin als "anti-immigratiouns- an nationalisteg Partei". Als kléngen Rappel: Am totalen Géigensaatz zum ADR Grondsaatzprogramm steet dëssen Pressecommuniqué aus dem Maerz 2011 "Kee Lampedusa zu Lëtzebuerg" : ... D'ADR verlaangt dat et ouni ze waarden zu konkreten a schnellen Aktiounen kënnt fir keng nei Flüchtlinge mussen opzehuelen, fir déi bestehend Asyldemandë schnell ze traitéieren an am Fall vum Refus de betraffe Leit schnell an ouni finanziell Kompensatioun an hir Heemecht zréck ze schécken. En Ausfluch op Lëtzebuerg däerf kee Geschäft ginn ...

Kléngt sou nët den Uffank vun xenophober oder onsolidarëscher Flüchtlingspolitik? Ech fannen et schlëmm wéi elo beemol d' ADR sëch wëll wäisswäschen an daat am Numm vun den Opferen aus Norwegen... Absolut Schamlos!


ADR Schreiwwes:
http://www.adr.lu/index.php/neiegkeeten/pressematdeelungen/47-massakernorwegen

ADR Schreiwwes "Kee Lampedusa zu Lëtzebuerg"
http://www.adr.lu/index.php/neiegkeeten/pressematdeelungen/13-startsaeit-4


N.B
Obwuel déi jonk gréng schon en Solidaritéits- a Kondolenzschreiwwen un AUF - d' norwegësch Jusos geschriwwen hun, wëll ech nachmol op dësser Plaz main ganz häerzlecht Bäileed un Familen an Frënn vun den Affer riichten. Mir wäerten ierch alleguerten an Arënnerung haalen als jonk engagéiert Mënschen déi hier Dreem vun enger besserer Welt ant d Hand geholl hun an verwieklechen wollten. Äeren Idealismus an Engagement genau wi d' Arënnerung un ierch erhaalen mir alleguerten um Lierwen.

29 Kommentare:

  1. ... den ADR... wann ech schon vun deenen héieren ass mir schlecht...

    AntwortenLöschen
  2. Ech haalen mech kuerz a knapp
    "Absolut ekelerreegend wéi d' ADR sëch elo matt den Afferen aus Norwegen hier auslännerfeindlech a flüchtlingsveruechtend Politik wäisswäschen wëll"
    Firwaat ek'leerreegend? Et ass GANZ menschlesch dene Leit eist Matleed auszudrecken. Dese PK steet NET am Geigesaatz zum Grondsatzprogramm, zum Wahlprogramm an zum EU-Programm, du als Nowuespolitiker misst dat och wessen.
    An iwerhapt, den adr ass eng Partei dei een patrioteschen Charakter huet, mee keen nationalisteschen. Den Ennerscheed ass folgenden: Patrioten soen ech hu mäi Land gären, Nationalisten soen: Mäi Land ass besser wei...
    Et wor dach kloer dat Guddmenschen wei du direkt op den adr klappen misst! All Chance dei sech ergett nach sou krampfhaft ausnotzen fannen ech lächerlech, onprofessionel, populistesch an einfach nemmen lachhaft xD haha. Mee eppes passt mir net: Vum Leed vun den annere Leit Profit schloen an annerer op den nemlechten Niveau wei deen Anders Behring zu setzen! Dat ass schamlos "Heuchelei"!!!

    AntwortenLöschen
  3. Den rischteg politik hud recht mad dem waad ehn seet an ech stemmen der adr och zou. Letzebuerg hud ehn konkret Auslaener problem den sech um sozialen an kulturellem niveau off spillt. Mir koennen eis ed ned erlaben nach mei Fluechtlinge ennert dem Deckmantel vun der solidariteit hei an d' Land ze huelen well jidereen wees dass dat just eng verzweifelt Tat ass d Anwunnerzuel vun desem land op die gloreisch 700 000 ze kreien . . .

    AntwortenLöschen
  4. @ anonym:
    Wann letzebuerg en auslännerproblem huet déi ons kultur kapott man an niveau weis du sees...dann léier du selwer mol letzebuergësch schréiwwen ...

    AntwortenLöschen
  5. @ Richteg Politik

    Schéinen Gudden Owend:
    1) ech profitéieren nët vum Leed vun aaneren Läit: Ech loosen den Opfer hier Memoire net beschmieren vun Léit wéi dem ADR déi elo hier Politik wäiss wäeschen wëllen! Ech soen och nët, dass all ADR Member su usiichten huet, mee et gin enorm xenophob, rassistësch, misogynistësch Elementer an daer Partei...
    2) Ech hun mer kuerz däin Blog ugekuckt, an wéi ëch bis zeeschen gesin hun déi un neo-nazi arenneren z.B Wolfsangeln brauch ech der jo wuel nët ze soen fir wat dat steet an virwats du éigentlëch stees... nierwendrun sin dann ADR Logo'en an roud Léiwen... an dat schéngt keen an däer Partei ze stéieren... nice job!
    3) NO PASSARAN!

    AntwortenLöschen
  6. 4) ... an dann natierlech allen Respekt dass de en Bildchen selwer gemolt hues wou dropsteet dass d National Revolutioun d' Endléisung ass... (final solution) ... alléng dat wéist wéi onsensibels de matt politëschem Vokabulär emgees...

    AntwortenLöschen
  7. "DaWiener"
    Ech mengen ech hun daer schons engkeier gesoot du solls leiwer beim molen bleiwen ( dat scheint een vun dengen well vun Politik an enger gewessener Symbolik hues du keng Ahnung ;)
    Grad deng ADR saeht dat Gedankengut vum Anders mat aeren Lampedusa Communiqué'en an spaltet sou d'Gesellschaft

    Dat eenzeg waat den ADR mecht ass Schadensbegraenzung - well och aeren eruopaeschen "Entourage" get schon schein ziteiert ;)

    An wann mer schons vun Heuschlerei schwaetzen dann bleiwen mer leiwer bei der ach sou patriotescher an konservativer ADR:
    Een gewessenen "Member" vum ADR huet jo een Pamphlet geschriwen geint dei Homosexuell, an dann kommen hir Jugendalcoliken op den Gaymat ;)
    Dem Andy haalen ech gaeren gudd well deel sain Engagement och eiherlech ass ;) mee op dem Andy sain Niveau kommen dei aaner vun aerch nie drun


    Alerta!

    AntwortenLöschen
  8. Dieser Kommentar wurde vom Autor entfernt.

    AntwortenLöschen
  9. Zu dengem eischten Punkt muss ech awer feststellen dass du grad jidereen an engem Deppen geheis. Beweis mir dann mol konkret wou dei "enorm xenophob,rassistësch, misogynistësch Elementer" an der adr sinn?
    Zum Neo-Nazi-Zeechenkommentar muss ech dech wuel bessi zereck huelen:
    http://www.google.lu/imgres?q=Saturn+Symbol&um=1&hl=de&safe=active&client=firefox-a&hs=vgg&rls=org.mozilla:en-US:official&tbm=isch&tbnid=JVOANetctqb5nM:&imgrefurl=http://symboldictionary.net/%253Fp%253D2715&docid=olMrnFyd7Zw5zM&w=75&h=75&ei=D9ovTr6uG4fKswbv0-0V&zoom=1&iact=hc&vpx=995&vpy=508&dur=2322&hovh=71&hovw=71&tx=82&ty=47&page=3&tbnh=71&tbnw=71&start=75&ndsp=36&ved=1t:429,r:13,s:75&biw=1280&bih=885
    Dreih et füg zwee Veierelskreeser dobäi an dann hues mäin Zeechen. Et ass perseinlech a vu mir selwer erstallt ginn an huet eng Konnotatioun zum Saturn. Wanns du dech bessi mam Saturn auskenns dann wees du waat ech mengen.
    Stemmt do ginn ech bewosst onsensibel em ;)fir verschidde Leit einfach zu provuzeieren. An ech ginn och bewosst sensibel em ;) dat ass awer keng Musse-Saach.
    An dann stell mol den Term: Neo-Nazi am Bezug zu mengem Pro-Israel Bild, Gegen Nazis, mengem Uersprong, meng Pro-Slawesch an Pro-Jüdescher Haltung, asw... Dat mam Nazi werd di meeschte Leit, mat der Zäit kaal lossen.
    *Link wor falsch

    AntwortenLöschen
  10. Alerta ech soen dir och net waats du maache solls, bleiw kredibel bei dengen Aussoen ;)

    D'Gesellschaft spalten sees du ah sou? Kommesch eng Gesellschaft dei net gespalten hass huet eng gudd Kommunikatioun, wou d'Sprooch den wichtegsten Faktor iwerhaapt ass. Kommesch dat mir als adr d'Gesellschaft vereenen wellen mat enger Sprooch fir jidder Bierger dem Letzebuergeschnen.

    Asou? Mengs du Parteien vun den Europäeschen Konservativen- a Reformparteien? D'Conservative party aus GB gett awer an engem fir den Auteur, eischter negativen Aspekt, beschriwen(Kulturmarxist), d'adr nees als "nationalistesch", an d'osteuropäesch Parteien guer net.

    Weieen "Member" dann?
    An schonnees eng pauschal Ausso zu den adrenalin-Memberen. An bass du elo den Menschen di gären Alkohol drenken feindlech "gesinnt" oder waat?

    Mee wees du waat du kanns gläich deng Kommentarer spueren ;) Nt kredibel, oneierlech an vun Eensäitegkeet net z'iwertreffen. SUPER! :)

    AntwortenLöschen
  11. hun alcoliten (och wann ech mech vertippt hun) an net alkoholiker gemengt ;)

    fir den recht fro mol deng lampedusa-partei ;) dann kanns du roueg weider endoktrineiert gin an enges daag och sou eng lamentabel ried iwert d euthanasie haalen ...

    an wanns du runen "nei erfenns" dann muss du och bewosst sin dat d conotation mat engem extrem rietsen milieu zimlech no steht ;)

    ausserdem an enger gewessen grupp (dei lenk nee merci) wous du jo och dran bass, an wou geint dei lenk (aka kultur marxisten, fir deen neien term ze benotzen) gehetzt get an wou sech gerne op d junge freiheit bezun get, daerfs du dech och net wonneren wanns du als dat geout gess waats du bass: komm maer nennen d kand beim numm - een rietsen populist (am beschten fall - soss einfach een hondsgeweinlechen extrem rietsen...)

    an et ass net wells du israel ennerstetz (anscheinend) dass du keen bass, well den EU -trend bei den faschisten an populisten geet neemlech vun der israel hetze wech zum islam-bashing

    ausserdem huet den fall anders der oeffentlechkeet bewissen dat deen "rietsen"milieu sech gaeren hannert der saubermann image verstoppt - cf babic
    an ech gin lo net op d PiS an...


    an deem senn nach een klengen ALERTA

    No Border,No Nation ;)

    AntwortenLöschen
  12. D'adr ass onofhängeg vun jeglech Doktrine, dofir gellt däi zweete Satz mol net (uff elo hunn mir dach nach d'Thema Euthanasie opgegraff do sinn mir awer wäit vum eigentlechen Thema fort)
    D.h. wann iergendeen en näit Zeechen erfennt, dann ass deen schon fir am extrem-rietsen Milieu fir dech doheem, oder wei? Losse mir mol net hoffen, well och dat beweist wei eensäiteg du denks.
    Dei Grupp Déi Lenk nee merci ass fir mech eng normal Grupp, an komm ech nennen elo och net jidereen een Lenkspopulist oder Lenksextremist deen an der Grupp anti-adr.
    Asou wann ech Israel ennerstetzen sinn ech awer een??? Fro mol Leit dei am "extremrietse Milieu" sinn, dei werden dech auslaachen an kloer soen daat ech keen vun hine wier ;)
    ech geif sws nimols Deel vun sou Clownen sinn dei Europa an insbesonnesch Däitschland futti gemaach hunn an Schold drun sinn daat den Kommunismus sech verbreeden konnt.
    Sou elo kennt och nach de Begreff Faschismus mat an d'Spill aha! Iwerlee dir mol waat di Begreffer all bedeiten dei du hei uwends, ech well jo net bezweifeln daat grad "du" se net kenne solls, mee trotzdem wier et vläit gudd ubruecht :)

    Ok alt nees eppes Eensäiteges, d.h. jidereen den net kriminell wor an normal liewt ouni engem Schued unzefügen ass wei den Anders B.? An vermesch net riets mat rietsextrem.
    Ech opmanst veruerdeelen all Form vun Extremismus dorenner och de relieisen egal op Islam an Chreschtentum (sinn fir Trennung vun Kierch(RELIOUNEN ALLEGUER) an Staat, mir sollten een laizisteschen Staat hunn) mee bon et ass jo wei wann ech mat Affen geif schwätzen.

    Däi leschten Satz ass wuel aus der Loft gegraff, iwerlee mol, wann dat elo tatsächlech sou wier, dann:
    a) Wieren d'Lein nach mei niddereg
    b) Geif den Arbechter nach mei ausgebeutet ginn
    c) Geif sech eng Elite vun Ultraliberaler an Ultrakapitalisten beräichern
    Eng EU just am Groußen
    ?!?

    AntwortenLöschen
  13. @Schockweiler: lo hues du rem en Thema fonnt wous du ADR schlecht maache kanns. Ech wees nach wous du bei enger Table ronde an engem Lycee nemmen schlecht saachen konns soen obwuel Adr net do war an sech och net verteidege konnt. Mee du haas nie gesoot firwaat een dei Greng wielen sollt. "ADR ass eng Partei dei mat de Gefiller vun de Leit spillt" daat ass eng Auso dei ech besonneg gudd verhaalen hun. @Alerta: fir dech sin dei vun da ADR, Nazien an riets-extremisten, Bei da ADR sin och Net-Letzebuerger, Member! Sin daat dann och Nazien? Ech sin och nemmen zum Deels Letzebuerger de recht ass Flamennesch, an ech sin houfreg en ADR-Member ze sin

    AntwortenLöschen
  14. @ Letzebuerger:

    Merci fir däin Commentaire:
    Et geet mir nët drëm den ADR schlechtzemaachen, ech commentéieren just d Geschehen. Fir mech, an ech widderhuelen mech elo hai namol ass nët all ADR Member en Rietsen, en Fascho' etc... Den ADR ass awer en Sammelbecken fir esou Läit wou se sech an enger Struktur rëmfannen an wou se anscheinend ongehënnert hiert geféierlecht Gedankengut verbreedenkennen ouni dass dat d' Partei stéiert... z.B: Fannen ech et ganz schlemm dass ADR-Blogger um Youtube Videos hun wou heil hitler dran geruf gëtt, an *tribute to himmler* heeschen an nierwendrun dann den ADR verlinkt ass...

    AntwortenLöschen
  15. @ Richteg Politik:
    oh wi gudd du bass pro-Israel, an d' Muslimen huelen d' Funktioun vun den Sündenböcke... oh wi progressistësch bass du... !!! (ironie)

    AntwortenLöschen
  16. Op kee vun déngen Bäiträg well iergendeen kommentéiren; mee kaum kritiséierste d'ADR (zu Recht!) wuselen d'ADR-Siedler hei ronderem wéi wann een se fresch installéiert hätt ;)

    AntwortenLöschen
  17. @Jeanne: Dat mat den Muslimen hues du elo gesoot, oder geff mir ee Beweis dat ech all d'Schol op d'Muslime drecken. Dat wier falsch an eensäiteg vu mir; an sou sinn ech nunmol net
    @Sveinn: Sief net neideg wann hai kommenteiert gett, op denge Facebook-Gruppen kennen jo eng selleg Leit, leider net mei kommenteieren wat ech schued fonnt hunn, an wou ech keng Erklärung krutt(een Gronn hätt een mir opmanst nenne kennen, mee elo sinn jo och all meng Anträg an denge Gruppen verschwonn) Jiddefalls Schued!

    AntwortenLöschen
  18. Op "ménge" Féissbookgruppen? Haha, an "méngen" Féissbookgruppen war nie ee vun iech Futzien dran ^^ Tatsächlech laafen déi meescht net iwwer mech an ech hun do am Endeffekt keng ze radetten. Trotzdem fannen ech däi Rausschmass aus diversen Gruppe ganz gutt; du hues se just mat dompem Gesabbel ouni Kapp an ouni Fouss gefellt a f.a. mat rietser Propaganda.

    AntwortenLöschen
  19. Wann et Gesabbels ouni Kapp an ouni Fouss wor, weis du anscheinend behaaps, grad dann hätt een dei Saachen do sinn lossen. Mee d'Wourecht deet weih an gouf dann vun diversen Gruppen och geläscht, eng ähnlech Method gouf et jo och bei der APL an bei der NDU-Grupp. Ech hoffen du distanzeiers dech dach vun sou enger Art vun Virgang , wei se getrei nom Virbild vun den kommunisteschen an den faschischteschen Regimen, an diversen Gruppen bedriwen gett oder heieren ech do "kleng Sympathien" fir d'Medienzensur aus dem leschten Satz eraus?

    AntwortenLöschen
  20. Ehm, eng Grupp kann dach wuel rausschmäisse wien se well - déng (verschroben) Meenung kannste na emmer iwwer vill aner Kanäl rausloossen; an emmerhin notzen eis Mini-ADR'ler dach dofir monter och d'Letzebuerg Privat ... An ärt Gesabbels an denen Gruppen huet wierklech schon u Spam gegrenzt.
    A mol ganz dovun oofgesin musste guer net sou een op "moderat" hei maachen; ech hu scho gesin wéiste optretts, hun déng Texter gelies - an Pauschaliséirungen sin do un der Daagesuerdnung. Besonneg op Sinti a Roma an Albaner hueste et do oofgesin. Mee nee, bas natierlech guuuuuuuuuuuuuuer net auslännerfeindlech.
    An jo, och als Auslänner kann een xenophob sen, déi Kaart brauchste guer net versichen auszespillen. Lies dach mol dem Breivik säi Manifest - daat misst der gefaallen; hien lallt och vill vu béise Marxisten, Moslems an "Multikulturalisten". An da stell der mol Froen doriwwer, wou daat hierkennt ...

    AntwortenLöschen
  21. Sveinn nee net nemmen Privat mee och anner Zeitungen, wei de Journal oder d'Zeitung vum Letzebuerger Vollek.
    Bon wann dat Spam fir dech wor dann ass et halt deng Meenung, mee bon gesinn jo wou dei Diskussioun eis hifeiert.
    Jo stemmt ech hunn et besonnesch op d'Albaner ofgesinn am Fall: Kosovo, do muss ech dir Recht ginn. Ech kann prinzipiel net novollzeien fw een nach en zweeten albaneschen Staat brauch. An wanns du dech informeieren geif waat mat de Serben do geschitt oder der serbescher Kultur muss ech nees d'Albaner kritiseieren. Ech geif meng Kritik net souwäit leeen wann opmanst eng Form vun albanescher Oppositioun zu dene Delikter geif kommen. Mee den Thaci gett jo vun der UCK ennerstetzt an dei sinn jo keng Extremisten. Sinti a Roma do ass et wei bei allen Menschen, et ginn dei Gudd an dei Schlecht, an ech däerf se jo wuel nennen oder? Wou dat hier kennt kann ech net beäntwaten; ech mengen kee vun eis kann dat...
    Dem Breivik säi "Bichelchen" ass relativ kontradiktoresch sou schreiwt hien iwer Patrioten an Nationalisten an defineiet se op di nemlecht Maneier. Marxisten sinn nach akzeptabel soufern se demokratesch bleiwen.
    An d'Moslems sinn net all schlemm, ma nemmen di radikal Moslems, Islamisten an Salafisten à la Pierre Vogel.

    AntwortenLöschen
  22. Et gin gudd Menschen an et gin der beim ADR

    AntwortenLöschen
  23. Ech hoffen dat sech de Besetzer vun desem Blog ausdrecklech vun sou plakativ Sätz distanzeiert

    AntwortenLöschen
  24. @richteg Politik

    Ech sinn awer frou, daste mol dei kleng Filmecher "Tribut an DJ Himmler" an "Wartrance - Vorbreitung des Reichsaufbaues" aus dengem Youtube-Channel gelöscht hues. Dei Videoen wou Rieden vun Hitler, Himmler, Goebbels, etc. mat Techno-Musik ennerluecht, sinn jo och net sou gudd fir dein ach so moderaten Image. Ma ech fannen et och witzeg wei een sech hei entzürnen kann, wei ondemokratesch et dach ass, Rietsradikaler aus engem Facebook-Grupp ze geheien an dann awer selwer op sengem Blog an sein Youtube-Channel en zimlech grotesken Video mam Titel "Vernichtung der marxistischen Parteien" online ze stellen. Aus der Geschicht kennen ech dat Wuert "Vernichtung" just an engem Kontext, nämlech Holocaust. Ma wahrscheinlech bass du och der Meenung, wei dein "politeschen" Frend, den Jean-Marie Le Pen, fir deens du jo och op Youtube en scheinen Propagandavideo online gestallt hues, dat den Holocaust guer net stattfonnt huet?

    AntwortenLöschen
  25. Wei kenns du elo op sou Saachen??
    Ech sinn pro-israelsch, mei gett et do net zu soen. Den Holocaust ass beluegt ginn ech glewen dorun a fäerdeg! an daat mat den Nazien fro do den Pierre Peters an den Dan Schmitz dozou, dei wessen mei!
    Mee grad Leit wei du mussen doriwer schwätzen... ech ennerstetzen opmanst keng pädophil Politiker! Hai fannen ech awer Ennerstetzung fir een gewessenen "Politiker" deen och een Rebell wor 1968, deen sech awer geint d'Demokratie rebelleiert huet an nee et wor keen Rebell aus den Ostblockstaaten...
    Freck wat sinn mir wäit vum Thema fortkomm, an sws ass et nees wei all Keiers, wann een mat Lenksextremisten an mat roudfaschisten schwätzt hätt een einfach mat der Mauer schwätzen sollen, wier vill mei produktiv.

    AntwortenLöschen
  26. Woufir kenns du dann hei diskuteiren wann anscheinend nemmen Roudfaschisten desen Blog besetzen? Basst du a bessen Maso? Oder ass et nemmen Provokatioun? Oder flait Jalousie well keen op dengem "Malen nach Zahlen"-Blog reageiert?

    Ass och egal :)
    Also ech gesin mech jo net als Roud/Grengfaschist, mee dann leiwer als Kulturmarxist, well Marx-is-mus (deen hun ech lo missen rappen :) )

    Ech hun dech an deng Kollegen (Schmitz an Co) aus der Grupp geheit: ofgesin vun dem D.S deen sou eppes vun bloedes gepost huet, sidd daer mat aerem Antiziganen an Antilenken Geleiers ( waat do guer naicht do ze sichen huet - ech sin och net bei den Kommunisten oder den Lenken an och net bei den Grengen) an aeren sennlosen Diskussiounen d'Leit an virun allem mech genervt huet - ech hun emmer aer Comments missten noliesen an een gudden Deel loeschen
    Dei mech kennenwessen dat ech zimlech gedoelleg war :) An ech geif aerch och direkt nees rausgeheien well wei ech gesin hues du naicht beigeleiert.

    PS Huel daer dem Coluche seng Devise mol zu Herzen:
    "quand on a rien à dire on ferme sa gueule"

    Wanns du Gleck hues gess du och engkeier iwert Mai 68 opgeklaert ;)

    AntwortenLöschen
  27. @ Richteg Politik
    schon nees deen aalen Pädophilie Virworf lächerlëch... liers mol enker le Grand-Bazar wat dransteet an du waers mierken dass et em PROVOKATIOUN geht... net méih net manner...

    vum franséichen wiki:
    Daniel Cohn-Bendit s'est toujours défendu en expliquant que ses textes et ses déclarations, destinées à « choquer le bourgeois des années 70 »34, étaient à replacer dans le contexte des années 197035. Des parents et des enfants de ces crèches alternatives avaient alors apporté leur soutien au leader écologiste36. Daniel Cohn-Bendit déclare : « Prétendre que j’étais pédophile est une insanité. La pédophilie est un crime. L’abus sexuel est quelque chose contre lequel il faut se battre. Il n’y a eu de ma part aucun acte de pédophilie. » Il ajoute néanmoins que « ce texte, qui n'avait pas fait scandale à l'époque, est aujourd'hui insoutenable37 », et qu'il nourrit « des remords d'avoir écrit tout cela38 ».
    Par-delà la polémique politique, perce également l'un des aspects controversés de mai 68, lors duquel certains avançaient l'idée de « libération sexuelle » de l'enfant39,40.

    AntwortenLöschen
  28. Gett dein PC mat Solarstroum bedriwwen? Fiers du mam Zuch op d'Uni? Oder mam Velo?

    Klapp mol op der selwer an op deng Partei dei den Wieler nemmen Sand an d'Aaen sträen anstatt op aaner Parteien just well dei aaner Usichten hun!

    AntwortenLöschen

Related Posts Plugin for WordPress, Blogger...